-
Aféierung vun enger Waardelëscht fir déi Persounen, déi hire Rendez-vous an der 2. Phas vun der Impfcampagne net geholl hunn
Déi Persounen, déi an der 2. Phas vun der Impfcampagne géint de COVID-19 invitéiert goufe sech impfen ze loossen an déi kee Rendez-vous an där Period geholl hunn, kréien elo d'Méiglechkeet sech zu engem spéideren Zäitpunkt an engem Impfzenter impfen ze loossen an zwar, fir méi präzis ze sinn, nom Ofschloss vun der 3. Impfphas.
-
Livestream vum Pressebriefing nom Regierungsrot
De Premierminister Xavier Bettel an d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert informéieren d'Press iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot. De Livestream fänkt géint 15:30 Auer un.
-
Pressekonferenz iwwert de COVID-19-Infektiounscluster am CIPA "Um Lauterbann" zu Nidderkuer
D'Ministesch fir Famill an Integratioun invitéiert op eng Pressekonferenz fir d'Situatioun vum Infektiounscluster am CIPA "Um Lauterbann" zu Nidderkuer ze erklären. De Livestream fänkt géint 11:45 Auer un.
-
Lëtzebuerg impft nees mat AstraZeneca
Déi europäesch Medikamentenagence (EMA) huet den 18. Mäerz d'Resultater vun den Analyse vum PRAC (Pharmacovigilance Risk Assessment Committee), hirem Sécherheetskommitee, presentéiert. Ënnersicht goufen heibäi eng Rei Fäll vu Bluttproblemer, déi no der Impfung mat AstraZeneca (AZ) bei eenzele Persounen opgetruede waren.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 8. bis de 14. Mäerz
An der Woch vum 8. bis de 14. Mäerz, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 1.194 op 1.249 (+5%) eropgaangen, an d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter ass vun 2.847 op 3.669 Kontakter geklommen (+34,5%).
-
Temporäert Aussetze vun der Impfung mam COVID-19-Impfstoff vun AstraZeneca
Nodeems verschidden EU-Memberstaaten, dorënner Frankräich an Däitschland, sech fir en temporäert Aussetze vun den Impfunge mam COVID-19-Impfstoff vun AstraZeneca entscheet hunn, huet Lëtzebuerg decidéiert sech deem unzeschléissen.
-
Weltkonsumentendag 2021: Message vun der Ministesch fir Konsumenteschutz
Bei Geleeënheet vum alljärleche Weltkonsumentendag betount de Ministère fir Konsumenteschutz datt et wichteg bleift sech fir Konsumenterechter ze engagéieren. Besonnesch am Kader vun der neier Verbraucheragenda wëll d'Europäesch Kommissioun d'Konsumente stäerken an se aktiv un der grénger an der digitaler Transitioun bedeelegen.
-
Start vun der Phas 3 vun der COVID-19-Impfcampagne
Déi éischt Invitatioune fir d'Persounen aus der Phas 3 vun der Impfcampagne gi viraussiichtlech Enn nächster Woch verschéckt (Woch 11). Weider Informatiounen zu de genauen Datumer ginn nodréiglech matgedeelt.
-
Erklärung vum Gesondheetsministère zum AstraZeneca Impfstoff
De Gesondheetsministère bestätegt, dass d'Impfunge mat Flaconen aus dem ABV5300-Lous vum COVID-19-Impfstoff vun AstraZeneca, den 8. Mäerz temporär opgehuewen an de 9. Mäerz gestoppt goufen. Dës Entscheedung gouf geholl, nodeems déi éitsräichesch Agence d'Gesondheetsdirektioun iwwer schwéier onerwënschte Virfäll a Kenntnis gesat huet.
-
Webinaire "Lëtzebuergesch an der Schoul"
An Zesummenaarbecht mat Radio 100,7 organiséiert den Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend de 16. Mäerz vu 14:30 bis 16:00 Auer e Webinaire iwwer "Lëtzebuergesch an der Schoul".
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 1. bis de 7. Mäerz
An der Woch vum 1. bis de 7. Mäerz, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 1.315 op 1.194 (-9,1%) erofgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 2.847 Fäll am Verglach zu 3.101 Fäll an der Woch vidrun (-9,2%).
-
Nei Verbraucheragenda: Créatioun vun engem Groupe consultatif zur Verbraucherpolitik
Am Kader vun der neier Verbraucheragenda ass en neie Comité fir Verbraucherpolitik gegrënnt ginn. Dëse bréngt Vertrieder vu Verbraucherschutzorganisatiounen, der Zivilgesellschaft a Betriber zesummen. Lëtzebuerg gëtt hei vun der ULC représentéiert.
-
Rapport d'activités 2020
De Ministère fir Konsumenteschutz huet säi Rapport d'activités 2020 publizéiert.
-
Livestream vum Pressebriefing nom Regierungsrot
De Premierminister Xavier Bettel an d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert informéieren d'Press iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot. De Livestream fänkt géint 16 Auer un.
-
Verlängerung vun de sanitäre Mesurë fir Deplacementer mam Fliger mat Destinatioun Lëtzebuerg
Den Aussen- an Europaministère an de Gesondheetsministère informéieren dass déi sanitär Mesuren, déi säit dem 29. Januar 2021 gëllen, bis den 31. Mäerz inclus verlängert ginn, an dëst fir all Deplacementer mam Fliger mat Destinatioun Lëtzebuerg.
- Éischt Säit
- ...
- 48
- 49
- 50
- 51
- 52
- ...
- Lescht Säit