All d'Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 1131 Resultater
  1. An der Woch vum 25. op den 31. Januar ass d'Zuel vun de Persounen déi positiv op COVID-19 gestest goufe vun 843 op 999 (+19%) geklommen, mä d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter ass mat 2.774 Fäll, am Verglach mat 2.760 Fäll an der Woch virdrun, stabel bliwwen (+0,5%).

  2. An der Woch vum 18. bis 24. Januar ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 859 op 843 (-2%) liicht erofgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 2.760 Fäll, am Verglach zu 3.024 (-9%) Fäll an der Woch virdrun.

  3. An der Woch vum 11. bis 17. Januar ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 1.036 op 859 (-17%) erofgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 3.024 Fäll, am Verglach zu 3.496 (-14%) Fäll an der Woch virdrun.

  4. Am Kader vu senger Kampagn 'Sëcherheet op mengem Teller' lancéiert de Kommissariat fir Qualitéit, Bedruch a Liewensmëttelsëcherheet ab dem 18. Januar eng Reih vu Filmer, déi d’Konsumenten iwwer den Etikettage op de Liewensmëttel informéieren.

  5. An der Woch vum 4. bis den 10. Januar ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen, vun 1.135 op 1.036 (-9%) erofgaangen, wärend d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 3.496 Fäll am Verglach zu 2.106 (+66%) Fäll an der Woch virdrun, eropgaangen ass.

  6. Wéi am November 2019 eng aktualiséiert a completéiert Orthografie vun der Lëtzebuerger Sprooch virgestallt gouf, war d'Nofro risegrouss. Bannent kierzter Zäit huet dat offiziellt Reegelwierk mussen zweemol nogedréckt ginn.

  7. No der Liwwerung vu 4.875 neien Dosisse vum BioNTech/Pfizer-Impfstoff den 11. Januar, hunn déi véier Spideeler CHdN, CHEM, CHL an HRS, sou wéi den CHNP mat der Impfung vum Gesondheets- a Fleegepersonal, sou wéi dem Rescht vum Personal an de Sous-traitantë bannent de Strukturen, ugefaangen.

  1. Éischt Säit
  2. ...
  3. 50
  4. 51
  5. 52
  6. 53
  7. 54
  8. ...
  9. Lescht Säit