-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 22. bis de 28. Februar
An der Woch vum 22. bis den 28. Februar ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 1.249 op 1.313 (+5,1%) eropgaangen, an d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter ass vun 2.766 op 3.101 Kontakter geklommen (+13,5%).
-
Kontrolle vun der Ladungssécherheet vu Camionen
An der Woch vum 22. Februar 2021 huet d'Douane verstäerkt Kontrolle vun der Ladungssécherheet vu Camione gemaach an an deem Kader eng ronn 70 Gefierer kontrolléiert, woubäi bei verschidde Camionen eescht Verstéiss géint bestoend Gesetzestexter festgestallt gi sinn.
-
Start vun der Phas 5a vun der COVID-19-Impfcampagne mam AstraZeneca Impfstoff
Déi éischt Invitatioune sinn u Persounen iwwert 65 Joer geschéckt ginn, ugefaange bei deenen eelsten, entspriechend de Recommandatioune vum Conseil supérieur des maladies infectieuses (CSMI) vum 4. Februar 2021 zu den Impfbedéngunge vum AstraZeneca Impfstoff.
-
De Minister Dan Kersch presentéiert déi aktuell Situatioun vum Chômage partiel
Op enger Pressekonferenz gëtt de Minister Dan Kersch Informatiounen iwwert déi aktuell Situatioun vum Chômage partiel a presentéieren en Ausbléck op déi kommend Méint.
-
Aféierung vun enger Waardelëscht fir déi Persounen, déi hire Rendez-vous an der éischter Phas vun der Impfcampagne net geholl hunn
Déi Persounen, déi an der 1. Phas vun der Impfcampagne géint de COVID-19 invitéiert goufe sech impfen ze loossen an déi kee Rendez-vous an där Period geholl hunn, kréien elo d'Méiglechkeet sech zu engem spéideren Zäitpunkt an engem Impfzenter impfen ze loossen an zwar, fir méi präzis ze sinn, nom Ofschloss vun der 2. Impfphas.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 15. bis de 21. Februar
An der Woch vum 15. bis den 21. Februar ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 1.099 op 1.249 (+13,7%) eropgaangen, wärend d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 2.766 Fäll am Verglach zu 2.860 (-3,3%) Fäll an der Woch virdrun, erofgaangen ass.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 8. bis de 14. Februar
An der Woch vum 8. bis de 14. Februar ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 1.140 op 1.099 (-3,6%) erofgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 2.860 Fäll, am Verglach zu 4.067 (-30%) Fäll an der Woch virdrun.
-
Start vun der 2. Phas vun der COVID-19-Impfcampagne
Bis Enn der Woch ginn d'Invitatioune fir d'Persounen aus der Phas 2 vun der Impfcampagne verschéckt.
-
Invitatioun op d'"Rendez-Vous de l'Unesco"
2021 invitéieren d'Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun an d'Nationalbibliothéik op e Konferenzzyklus am Kader vun "Les Rendez-Vous de l'UNESCO".
-
Pressebriefing iwwert d'Verstäerkung vun den Hëllefsmesurë fir Entreprisen, déi vun der COVID-19-Pandemie betraff sinn
De Livestream fänkt géint 14 Auer un.
-
Livestream vum Pressebriefing nom Regierungsrot
De Livestream fänkt géint 17 Auer un.
-
7 europäesch Länner engagéiere sech, d'Utilisatioun vum Nutri-Score ze vereinfachen
Déi zoustänneg Autoritéite vun der Belsch, Frankräich, Däitschland, Lëtzebuerg, Holland, Spuenien an der Schwäiz hunn e länneriwwergräifenden Koordinatiounsmechanism en place gesat, deen et méi einfach wäert maachen, den Nutri-Score Label op de Liewensmëttelverpakungen ze benotzen.
-
Upassung vun de Mesuren am Educatiounsberäich am Kader vun der sanitärer Kris
De Livestream fänkt géint 11 Auer un.
-
COVID-26: Réckbléck op d'Woch vum 1. bis de 7. Februar
An der Woch vum 1. bis 7. Februar ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 999 op 1.140 (+14%) eropgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 4.067 Fäll, am Verglach zu 2.774 (+47%) Fäll an der Woch virdrun.
-
Publikatioun vun engem Guide de bonnes pratiques fir d'Gestioun vu Liewensmëttelallergien an den SEA
D’FEDAS publizéiert e Guide de bonnes pratiques fir d’Gestioun vu Liewensmëttelallergien an den SEA.
- Éischt Säit
- ...
- 49
- 50
- 51
- 52
- 53
- ...
- Lescht Säit