-
COVID-16: Réckbléck op d'Woch vum 16. bis den 22. November
An der Woch vum 16. bis de 22. November ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune mat 3.851 Fäll, am Verglach zu 4.013 Fäll an der Woch virdrun, liicht zeréckgaangen, mee bleift op héijem Niveau. D'Zuel un identifizéierte Kontakter ass däitlech eropgaangen a läit elo bei 15.072, wat op eng substantiell Verstäerkung vun der Contacttracing-Ekipp zeréckzeféieren ass.
-
Zousätzlech Offer u COVID-19-Tester fir Kanner tëschent 2 a 6 Joer
Ab dem 24. November 2020 bitt d'Ligue médico-sociale, an Zesummenaarbecht mam Nationale Gesondheetslabo (LNS), d'Méiglechkeet Kanner tëscht 2 a 6 Joer unhand vun engem PCR-Test op COVID-19 ze testen.
-
Digital Presentatioun zu der Reorganisatioun vum RGTR Reseau de 25. a 26. November ëm 19.00 Auer live aus dem Mobilitéitsministère
Wéinst der aktueller sanitärer Lag ginn déi ëffentlech Versammlungen iwwert d'Reorganisatioun vum RGTR Reseau net méi mat physescher Presenz vum Public, mee digital ofgehalen. Si dauere jeeweils vun 19.00-20.30 Auer.
-
Wuertschatz, Webinaire, Dictionnaire
Eng nei Publikatioun mat Pärelen aus der Lëtzebuerger Sprooch, e Webinaire dëse Mëttwoch iwwer de Lëtzebuerger Wuertschatz an e sëllegen Neierungen am Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) vum Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch (ZLS) vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend.
-
Pressebriefing iwwert déi aktuell Situatioun an d'Gesetzesännerungen am Kader vum COVID-19
De Livestream fänkt géint 14 Auer un.
-
Pressebriefing iwwert d'Aarbechte vum haitege Regierungsrot an déi aktuell europäesch an international Dossieren
De Livestream fänkt géint 14 Auer un. De Premierminister profitéiert och vun dëser Geleeënheet, fir de Point ze maachen iwwert déi europäesch an international Dossieren, besonnesch d'Diskussioune vum Europäesche Rot an den éischte Sommet Lëtzebuerg-Indien, déi béid den 19. November ofgehale goufen.
-
COVID-9: Réckbléck op d'Woch vum 9. bis de 15. November
An der Woch vum 9. bis de 15. November ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune mat 4.013 Fäll, am Verglach zu 4.133 Fäll an der Woch virdru, liicht zeréckgaangen, mee bleift op héijem Niveau.
-
Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot vum 17. November 2020
De Livestream fänkt géint 12:30 Auer un.
-
4 digital Presentatiounen zu der Reorganisatioun vum RGTR Reseau de 18., 25., 26. November an den 09. Dezember ëm 19 Auer live aus dem Mobilitéitsministère
Wéinst der aktueller sanitärer Lag ginn déi ëffentlech Versammlungen iwwert d'Reorganisatioun vum RGTR Reseau net méi mat physescher Präsenz vum Public, mee digital ofgehalen. Si dauere jeeweils vun 19.00-20.30 Auer.
-
Pressekonferenz: de Lex Delles, Franz Fayot an d'Sam Tanson presentéiere Mesuren zur Konjunkturënnerstëtzung
De Lex Delles, Minister fir Mëttelstand, de Franz Fayot, Wirtschaftsminister, an d'Sam Tanson, Kulturministesch, presentéieren zousätzlech Mesuren zur konjunktureller Ënnerstëtzung vun deenen am stäerkste vun der COVID-19-Pandemie betraffe Secteuren.
-
Presentatioun vum Rapport vun der Analys vun der COVID-19-Situatioun an de Schoulen
De Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, presentéiert de Rapport vun der Analys vun der COVID-19-Situatioun an de Schoulen.
-
COVID-2: Réckbléck op d'Woch vum 2. bis den 8. November
An der Woch vum 2. bis den 8. November ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune mat 4.127 Fäll am Verglach zu 4.700 Fäll an der Woch virdru liicht zeréckgaangen. D'Zuel un identifizéierte Kontakter ass stabel bliwwen a läit bei 12.582. D'Altersmoyenne vun de positiv op COVID-19 diagnostizéierte Persounen ass och stabel bliwwen a läit bei 41,4 Joer, am Verglach zu 41,2 Joer virdrun.
-
Verbuet vun all Drone-Flich iwwer dem Stade Josy Barthel den 17. November 2020
Am Kader vum Futtballsmatch tëschent den Nationalekippen vu Lëtzebuerg an Aserbaidjan, huet de Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten decidéiert, den 17. November 2020 all Drone-Flich am Loftraum " Stade Josy Barthel " ze verbidden.
-
2. digital Presentatioun vum "séieren Tram" live aus dem Mobilitéisministère
Déi 2. ëffentlech Versammlung an digitaler Form iwwert de "séieren Tram" tëscht der Stad Lëtzebuerg an dem Süden ka live um Internetsite www.transports.lu gekuckt ginn.
-
Optimiséierung vun de "covid tracing"-Formulairen op covidtracing.public.lu
Fir d'Kontaktopnam vun der Contacttracing-Ekipp ze vereinfachen an ze beschleunegen, gouf d'Tracing-Prozedur iwwert d'Deklaratiounsformulairen optimiséiert.
- Éischt Säit
- ...
- 53
- 54
- 55
- 56
- 57
- ...
- Lescht Säit