COVID-2: Réckbléck op d'Woch vum 2. bis den 8. November

An der Woch vum 2. bis den 8. November ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune mat 4.127 Fäll am Verglach zu 4.700 Fäll an der Woch virdru liicht zeréckgaangen. D'Zuel un identifizéierte Kontakter ass stabel bliwwen a läit bei 12.582. D'Altersmoyenne vun de positiv op COVID-19 diagnostizéierte Persounen ass och stabel bliwwen a läit bei 41,4 Joer, am Verglach zu 41,2 Joer virdrun.

D'Zuel vun den duerchgefouerte PCR-Tester läit bei 67.839 am Verglach zu 76.997 an der viregter Woch.

Den 8. November goufen et insgesamt 9.118 aktiv Infektiounen (am Verglach zu 8.223 den 01.11.), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vu 10.717 op 13.913 geklommen ass. An där betruechter Woch gouf et och 35 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19, am Verglach zu 14 an der viregter Woch. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer läit bei 84 Joer.

Déi héich Zuel un neie positive Fäll gëtt begleet vun enger Erhéijung vun de Patienten am Spidol, besonnesch an der normaler Fleeg, mee och op der Intensivstatioun. Um Niveau vun den Admissiounen an de Spideeler ass d'Zuel (175) liicht zeréckgaangen am Vergläich zur Virwoch (206) an d'Zuel vun den Entloossungen aus dem Spidol ass liicht eropgaangen (122 par rapport zu 96).

Den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) ass vun 1,20 op 0,82 liicht erofgaangen an de Positivitéitstaux vun den Tester läit bei 6,08% par rapport zu 6,10% an der Woch virdrun (Wochenduerchschnëtt).

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg läit bei 659 pro 100.000 Awunner, respektiv 1.413 pro 100.000 Awunner op 14 Deeg gekuckt. Et sief nach drop higewisen, dass an der Woch vum 26. Oktober den Inzidenz-Taux op 7 Deeg bei 750 Fäll pro 100.000 Awunner louch. En ass bei allen Alterskategorien zeréckgaangen, ausser bei där vu 0-14 Joer. D'Alterstranche vu 45-49 Joer bleift weider am meeschte betraff, gefollegt vun der Alterstranche vu 75+ Joer, souwéi der Alterstranche vu 15-29 Joer. D'Inzidenz bei de Jonke vun 0-14 Joer klëmmt weider, mee bleift awer nach ënnert dem Niveau vun den Erwuessenen.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 2. bis 8. November waren 8.695 Persounen an Isolatioun (+39% par Rapport zu der viregter Woch) an 8.836 a Quarantän (-18% par Rapport zu der viregter Woch).

Kontaminatioun

De Kontaminatiounstaux, fir déi den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, bleift weiderhin héich. Opgrond vun der héijer Zuel un Neiinfektiounen, ass d'Identifizéierung vun de Quellen aktuell net an alle Fäll méiglech.

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

An der Woch vum 2. bis den 8. November goufe weesentlech méi Tester vum Ofwaasser gemaach fir esou e bessert Bild vun der Evolutioun vun der Situatioun ze hunn. Esou goufen an där Woch un dräi verschiddenen Deeg, Méindeg, Mëttwoch a Freideg, Prouwe geholl an analyséiert, mat jeeweils aacht, eelef an néng Ofwaasser-Echantillonen. Déi meeschte Kläranlage goufen also zwee- bis dräimol analyséiert.

De leschte CORONASTEP Rapport, dee vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) opgestallt gouf, weist, dass an der Woch vum 2. bis 8. November d'SARS-CoV-2 RNA-Stréim am Ofwaasser vergläichbar ware mat deenen an der viregter Woch. De Kontaminatiounsniveau mam SARS-CoV-2 bleift an deenen 13 analyséierte Kläranlage op ganz héije Stroumwäerter, wat op eng héich Prevalenz vum Virus am Ofwaasser hindeit. Allerdéngs schéngen d'Donnéeën, déi dës Woch erhuewe goufen, op ee liichten Ofwäertstrend hinzedeiten. Dës Tendenz wäert eréischt an den nächsten Deeg oder Woche kënne confirméiert ginn. D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert