4 digital Presentatiounen zu der Reorganisatioun vum RGTR Reseau de 18., 25., 26. November an den 09. Dezember ëm 19 Auer live aus dem Mobilitéitsministère

Wéinst der aktueller sanitärer Lag ginn déi ëffentlech Versammlungen iwwert d'Reorganisatioun vum RGTR Reseau net méi mat physescher Präsenz vum Public, mee digital ofgehalen. Si dauere jeeweils vun 19.00-20.30 Auer.

Si kënne live um Internetsite "www.transports.lu” gekuckt ginn:

  • Mëttwochs den 18. November 2020Regioun Ettelbréck*
  • Mëttwochs de 25. November 2020Regioun Woltz*
  • Donneschdes de 26. November 2020Regioun Réimech*
  • Mëttwochs de 09. Dezember 2020Regioun Hesper*

De Minister François Bausch géif sech freeën, wann de Public seng Froen entweder am Virfeld oder den Owend selwer géif eraschécken op d'E-Mail-Adress: communication@mmtp.etat.lu.

Esou wäit ewéi méiglech ginn d'Froen vum Minister selwer live beäntwert. Sollten et der zevill sinn, esou géifen d'Äntwerten a Form vun engem "FAQ" um Site vum Ministère publizéiert.

Eng Iwwersetzung op Franséisch (respektiv Däitsch fir d'Regioun Réimech) bleift weiderhin assuréiert.

 

*déi jeeweils concernéiert Gemenge sinn um rgtr.lu uginn.

Communiqué vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten 

Aktualiséiert