2. digital Presentatioun vum "séieren Tram" live aus dem Mobilitéisministère

Déi 2. ëffentlech Versammlung an digitaler Form iwwert de "séieren Tram" tëscht der Stad Lëtzebuerg an dem Süden ka live um Internetsite www.transports.lu gekuckt ginn: 

  • Méindeg, den 9. November ëm 19.00 Auer (Presentatioun zu de Sektioune Leideleng, Monnerech a Suessem)

De Minister François Bausch géif sech freeën, wann de Public seng Froen entweder am Virfeld oder den Owend selwer géif eraschécken op d'E-Mail-Adress: communication@mmtp.etat.lu.

Esou wäit ewéi méiglech ginn d'Froen vum Minister selwer live beäntwert. Sollten et der ze vill sinn, esou géifen d'Äntwerten a Form vun engem „FAQ“ um Site vum Ministère publizéiert ginn.

Eng Iwwersetzung op Franséisch bleift weiderhin assuréiert.

Communiqué vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten

Aktualiséiert