Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 90 Resultater
  1. Den 20. November 2019 feiert d'international Kannerrechts-Konventioun (CIDE) hiert 30-järegt Bestoen. D'Konventioun gouf den 20. November 1989 vun der Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen ugeholl.

  2. De 15. November 2019 huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, eng kohärent Offer fir d’Léiere vun der Lëtzebuerger Sprooch presentéiert, zesumme mam Direkter vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch, Luc Marteling, dem Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch, Marc Barthelemy, an der Presidentin vum Conseil fir d’Lëtzebuerger Sprooch, Myriam Welschbillig.

  3. De Luc Marteling gëtt den éischten Direkter vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch, dee mam Gesetz vum 27. Juni 2018 geschaf gouf. Hien ass de Moie vum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, vereedegt ginn an iwwerhëlt seng nei Fonctioun den 1. Juli.

  4. Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vum Grand-Duc, participéieren d'Membere vun der groussherzoglecher Famill a vun der Regierung den 22. an den 23. Juni un de Festivitéiten, déi zu Esch-Uelzecht, zu Buerschent an an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.

  5. Nom Doud vu Senger Altesse Royale dem Groussherzog Jean huet de Regierungsrot sech en Dënschdeg, 23. Abrëll 2019, fir eng ausseruerdentlech Sëtzung, ënnert der Presidence vum Premierminister Xavier Bettel, zesummefonnt.

  6. De Programm fir d’Legislaturperiod 2018-2023 ass ambitiéis, et ass e Programm vun der Wäitsiicht, der Gerechtegkeet, der Nohaltegkeet, der sozialer Kohesioun an der Kompetitivitéit vun eisem Land.

  7. Den Nationale Commemoratiounsdag gëtt zënter 1946 alle Lëtzebuerger d’Geleeënheet, sech un d’Nazi-Ënnerdréckung vun 1940 bis 1945 z’erënneren an d’Undenken un all d’Affer héichzehalen, déi sech der Tyrannei entgéintgestallt a fir d’Onofhängegkeet an d’Fräiheet vun der Heemecht gekämpft hunn.

  8. Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vun S.K.A. dem Grand-Duc, participéieren d'Membere vun der groussherzoglecher Famill a vun der Regierung den 22. an den 23. Juni un de Festivitéiten, déi zu Esch-Uelzecht, an der Fiels an an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.

  1. Éischt Säit
  2. ...
  3. 2
  4. 3
  5. 4
  6. 5
  7. 6