Proklamatioun vun der Regierung am Kader vum Nationale Commemoratiounsdag 2018

Den Nationale Commemoratiounsdag gëtt zënter 1946 alle Lëtzebuerger d’Geleeënheet, sech un d’Nazi-Ënnerdréckung vun 1940 bis 1945 z’erënneren an d’Undenken un all d’Affer héichzehalen, déi sech der Tyrannei entgéintgestallt a fir d’Onofhängegkeet an d’Fräiheet vun der Heemecht gekämpft hunn.

 

Den Datum vum 10. Oktober 1941 symboliséiert déi patriotesch Reaktioun vun der grousser Majoritéit vun de Lëtzebuerger op den hannerhältege Versuch, Lëtzebuerg iwwert de Wee vun der „Personenstandsaufnahme“ an dat Däitscht Räich z’integréieren. Enger Natioun hiert kollektiivt Gediechtnes oprechterhalen heescht och, reegelméisseg un esou wichteg Momenter an hirer Geschicht z’erënneren, fir se un déi kommend Generatioune weiderzeginn. Sou ënnersträichen d’Affer vun de Resistenzler, de KZ-Prisonéier, den Ëmgesidelten an den Zwangsrekrutéierten, wéi wichteg et ass, déi mënschlech Fräiheeten ze respektéieren.

 

Dëst Joer hu mir äis méi speziell erënnert un dat schrecklecht Leed, wat de rassisteschen an antisemiteschen Naziregime de jüddesche Matbierger – Lëtzebuerger an aus dem Ausland heihinner geflüchte Judden –, ugedoen huet. D’Monument zur Erënnerung un d’Affer vun der Shoah, d’Aweiung vun enger Bronzeplaque, déi un d’Deportatioun vu 658 jüddesche Leit erënnert, déi vun der Stater Gare aus déportéiert goufen, an d’Constitutioun vun der Fondation pour la Mémoire de la Shoah sinn Zeechen heivunner.

 

Mir vernäipen äis haut virum Courage an den Affer vun der Krichsgeneratioun a mir féieren esou d’Erënnerungsflicht weider. Méi wéi jee musse mir äis haut engagéiere fir d’Idealer vun Demokratie an Toleranz. A mir mussen och d’Wäerter vum Respekt vun de Mënscherechter, der Fräiheet, der Gerechtegkeet an der Vëlkerverstännegung héichhalen an enger Welt, wou dës essentiell Wäerter schéngen zréckzegoen an ëmmer manner schénge respektéiert ze ginn.

Lëtzebuerg, de 5. Oktober 2018

D’Membere vun der Regierung

Xavier BETTEL, Étienne SCHNEIDER, Jean ASSELBORN, Félix BRAZ, Nicolas SCHMIT, Romain SCHNEIDER, François BAUSCH, Fernand ETGEN, Pierre GRAMEGNA, Lydia MUTSCH, Dan KERSCH, Claude MEISCH, Corinne CAHEN, Carole DIESCHBOURG, Marc HANSEN, Francine CLOSENER, Guy ARENDT, Claude TURMES

Aktualiséiert