Aktualiséiert den
Assermentatioun vun den Regierungsmemberen 2018
H.K.A. de Groussherzog huet de 5. Dezember 2018 de Premierminister, d'Vizepremierministeren an déi désignéiert Ministeren assermentéiert.
D'Regierung setzt sech folgendermoossen zesummen.
Xavier Bettel
- Premierminister, Staatsminister
- Kommunikatiouns- a Medieminister
- Kultusminister
- Minister fir Digitaliséierung
- Minister fir d'Verwaltungsreform
Étienne Schneider
- Vizepremierminister
- Wirtschaftsminister
- Gesondheetsminister
Félix Braz
- Vizepremierminister
- Justizminister
Jean Asselborn
- Aussen- an Europaminister
- Minister fir Immigratioun an Asyl
Romain Schneider
- Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung
- Minister fir sozial Sécherheet
François Bausch
- Verteidegungsminister
- Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten
- Minister fir bannenzeg Sécherheet
Pierre Gramegna
- Finanzminister
Dan Kersch
- Sportsminister
- Minister fir Aarbecht a Beschäftegung a fir sozial a solidaresch Ekonomie
Claude Meisch
- Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend
- Minister fir Héichschoul a Fuerschung
Corinne Cahen
- Ministesch fir Famill an Integratioun
- Ministesch fir d'Groussregioun
Carole Dieschbourg
- Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung
Marc Hansen
- Minister fir d'Fonction publique
- Minister fir Bezéiungen zum Parlament
- Delegéierte Minister fir Digitaliséierung
- Delegéierte Minister fir d'Verwaltungsreform
Claude Turmes
- Minister fir Raumplanung
- Minister fir Energie
Paulette Lenert
- Ministesch fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten
- Ministesch fir Konsumenteschutz
Sam Tanson
- Kulturministesch
- Wunnengsbauministesch
Taina Bofferding
- Ministesch fir Gläichstellung tëschent Fraen a Männer
- Inneministesch
Lex Delles
- Minister fir Mëttelstand
- Minister fir Tourismus
D'Portal vun der Regierung gëtt am Laf vun deene nächsten Deeg à jour gesat.
Communiqué vum Informatiouns- a Pressedéngscht vun der Regierung