D'Regierung huet d'Staatstrauer ausgeruff

Conseil de gouvernement

Nom Doud vu Senger Altesse Royale dem Groussherzog Jean huet de Regierungsrot sech en Dënschdeg, 23. Abrëll 2019, fir eng ausseruerdentlech Sëtzung, ënnert der Presidence vum Premierminister Xavier Bettel, zesummefonnt.

Fir dem Verstuerwenen ze éieren, huet d'Regierung eng Schweigeminutt ageluecht.

D'Regierung huet d'Staatstrauer bis de Samschdeg, 4. Mee um 18:00 Auer, ausgeruff

Während der Staatstrauer hänken d'Fändelen op den ëffentleche Gebaier a Plazen op halbmast.

Eng Deklaratioun vun der Regierung gëtt am Offizielle Lëtzebuerger Journal verëffentlecht.

Communiqué vum Staatsministère

Regierungsmember

  • DELLES Lex
  • LENERT Paulette
  • ASSELBORN Jean
  • GRAMEGNA Pierre
  • BOFFERDING Taina
  • SCHNEIDER Étienne
  • BETTEL Xavier
  • SCHNEIDER Romain
  • TURMES Claude
  • HANSEN Marc
  • DIESCHBOURG Carole
  • MEISCH Claude
  • KERSCH Dan
  • TANSON Sam
  • CAHEN Corinne
  • BRAZ Félix
  • BAUSCH François

Event Datum

23.04.2019

Typ(en)

Regierungsrot