Mesuren déi den 12. Mäerz 2020 vum Regierungsrot am Kader vum Coronavirus geholl goufen

Den 12. Mäerz 2020 huet de Premier- a Staatsminister Xavier Bettel en ausseruerdentleche Regierungsrot aberuff, fir d'Mesure festzeleeën déi sollen hëllefen d'Verbreedung vum Coronavirus ze behënneren.

©SIP/ Claude Piscitelli

D'Regierung gëtt eng Rei nei Recommandatiounen eraus fir d'ëffentlech Gesondheet ze schützen, dat virum Hannergrond vun der Ausbreedung vum Virus COVID-19 zu Lëtzebuerg, déi sech duerch eng sensibel Hausse vun de Fäll an de leschte 24 Stonnen an déi éischt Fäll vu lokaler Infektioun ausdréckt.

D'Strategie géint de Virus muss adaptéiert ginn. Se wäert sech vun elo un op d'Prise en charge vu schwéiere Fäll an de Schutz vu fragille Bevëlkerungsgruppe konzentréieren. Lëtzebuerg iwwerhëlt domat Mesurë vun anere Länner, ë.a. der Schwäiz an der Belsch.

Folgend Mesurë goufe geholl: 

1. Ufälleg Persounen a Risikogruppen

Leit iwwer 65 Joer oder déijéineg, déi schonn eng vun deene folgende Krankheeten hu gëllen als besonnesch ufälleg fir méiglech eescht Komplikatiounen. Déi concernéiert Krankheete sinn:

  • Diabetes
  • Kardiovaskulär Krankheeten
  • Chronesch Erkrankunge vun den Otemweeër 
  • Kriibs
  • Immunschwächt opgrond vun enger Krankheet oder enger Therapie 

Fir dës Persoune gëlle folgend Recommandatiounen:

  • Gitt wa méiglech net zur Spëtzenzäit akafen;
  • Verleet net noutwenneg Reesen;
  • Evitéiert Massenevenementer a zoue Plazen op deene sech vill Persounen ophalen (Kino, Concert, Sportshalen) a Plaze wou ee kee Sécherheetsofstand vun 1 bis 2 Meter kann anhalen;
  • Evitéiert, den ëffentlechen Transport ze benotzen.

 

2. Vum Staat agreéiert Zenteren, Foyeren a Servicer fir Senioren

Well besonnesch ufälleg Persounen oder Persoune mat méi Krankheeten an deene Strukture wunnen, gëlle bis op Weideres folgend Recommandatiounen:

  • Verbuet vu Visitten an d'Recommandatioune Sortien ze vermeiden, mat Ausnam vum Personal an externe Prestatairen, ënner der Konditioun, datt se keng Symptomer weisen (Houscht, Féiwer, Otemschwieregkeeten).
  • D'Direktere vun de Strukture kënnen Ausnamen zum Verbuet vun de Visitten erlaben, dat an exzeptionelle Fäll fir den enke Krees vun der Famill, ënnert der Konditioun, datt si keng Symptomer opweisen.
  • Personal mat Symptomer muss doheem bleiwen.
  • All Persoun déi an d'Gebai erageet muss ech d'Hänn desinfizéieren an déi generell Reegele vun der Hygiène respektéieren.
  • Aktivitéite vun de Clubs Senior sinn annuléiert. Aktivitéiten an den Dageszentre kënne bäibehale ginn. Dat selwecht gëllt fir Hëllefs- a Fleegedéngschter. "Iessen op Rieder" gëtt bäibehalen.

 

3. Spidolsstrukturen

  • Visitte bei Spidolspatiente sinn ënnersot. Wann eng Visitt onbedéngt néideg ass, da mussen all déi néideg Schutzmoossname geholl gi fir d'Sécherheet vun de Patienten ze garantéieren. Dëst ka just mat enger spezieller Autorisatioun vun der Direktioun vun der Spidolsstruktur decidéiert ginn.
  • Et gëtt geroden, geplangten Aktivitéite wa méiglech ze annuléieren.
  • Et gëtt geroden, de Congé vum Spidolspersonal ze annuléieren, wann dëst sollt duerch d'Entwécklung vun der Situatioun néideg ginn.

 

4. Schoulstrukturen

  • All Aktivitéiten am Fondamental, dem Secondaire an an den Héichschoulen si fir 2 Wochen bis op Weideres ausgesat, vum Méindeg de 16. Mäerz 2020 un. All Schoulaktivitéiten an Aktivitéite vum Accueil sinn ofgesot. Dës Mesure applizéiert sech op:
    • de Fondamental;
    • de Secondaire;
    • Beruffsausbildung (fir de schoulesche Volet);
    • Kompetenzzentre fir Schüler mat besonnesche Besoinen;
    • Museksschoulen;
    • Schoulinternater;
    • sozio-familiär Internater;
    • sozio-therapeutesch Zentren;
    • Accueil-Strukturen (Crèchen, Maisons Relais, Dageselteren; Jugendhaiser; d'Universitéit Lëtzebuerg; den Nationale Sproocheninstitut an d'Erwuessenebildung).
  • Fir wärend där Zäit ze garantéieren, datt ee weider ka léieren, gëtt en Dispositif en Place gesat, deen et erméiglecht aus der Distanz betreit ze ginn.
  • Dës Suspensioun gëllt och fir d'Privatschoulen, Maisons Relais an ëffentlech a privat Crèchen.
  • D'Schoule sinn de Freides den 13. Mäerz 2020 op. fir datt d'Mesuren déi decidéiert goufen den Enseignanten an de Schüler kënnen erkläert ginn.
  • Pedagogesch Ausflich si mat direkter Wierkung annuléiert.
  • Eltere kënnen  e Congé pour raisons familiales beusprochen.
  • De Sports-, Kultur- a Fräizäitveräiner gëtt geroden, hir Aktivitéite wärend der selwechter Period ze ënnerbriechen.
  • Et ass kloer, datt d'Kanner net a Quarantän gesat ginn. Mat dëse Mesurë soll verhënnert ginn, datt de Virus sech iwwer d'Kanner verbreet. 

 

5. Manifestatiounen

Vum 13. Mäerz un a bis den 31. Mäerz (bis op Weideres):

  • si Manifestatiounen an zouene Raim mat iwwer 100 Participanten verbueden
  • si Manifestatiounen ënner fräiem Himmel mat iwwer 500 Participanten verbueden

 

6. Ëffentlechen Transport

  • Nodeems de Schoultransport ausgesat ginn ass, gëtt d'Frequenz vum ëffentlechen Transport ugepasst.

Fir ze verhënneren, datt Chaufferen en ze enken a laange Kontakt mat Passagéier hunn, dierfen déi éischt 2 Reien am Bus net méi besat ginn.

 

7. Diagnostesch Tester, Mesurë vun Eegen-Isolatioun an Eege-Quarantän 

  • Systematesch diagnostesch Tester sinn net méi recommandéiert fir all Verdacht vun enger Infektioun. Tester si reservéiert fir eescht Fäll oder Fäll mat Komplikatiounen. An deem Kontext ass och de Begrëff vum Risikogebitt net méi pertinent fir ze decidéieren, ob en Test muss gemaach ginn.
  • Eegen-Isolatioun: all Patient mat Symptomer déi enger akuter Otemwee-Infektioun (méiglech Infektioun mat SARS-CoV-2) entsprieche soll sech an Eegen-Isolatioun setzen, an dat esou laang wéi d'Symptomer unhalen, mat enger zousätzlech Period vu 24 Stonnen nom Enn vun de Symptomer. Wann d'Symptomer guttaarteg bleiwen, ass en Test net méi néideg.
  • Eege-Quarantän: all Persoun déi en direkten oder enke Kontakt (<2m, méi wéi 15 Minutten) mat enger Persoun hat bei där de Virus confirméiert gouf, setzt sech doheem an Auto-Quarantän, an dat wärend 7 Deeg. Wärend weidere 7 Deeg gëllt eng Period bei där een sech selwer iwwerwaacht (Erëmophuele vun normalen Aktivitéiten, ma et soll een 2 Mol den Dag seng Kierpertemperatur moossen an op Houscht an Otemschwieregkeeten oppassen).

 

8. Entreprisen an ëffentlech Verwaltungen 

  • Entreprisen an ëffentlech Verwaltunge sinn encouragéiert hir Aktivitéite weider ze féieren, esou wéi et méiglech ass, op Basis vun hirem Plang fir hir Aktivitéite weider auszeüben, besonnesch wat Basis-Servicer ugeet.
  • Télétravail ass am Kader vum Méiglechen ze fërderen, an dat besonnesch bei der ufälleger Populatioun.

 

Communiqué vum Staatsministère

 

Aktualiséiert