D'UN-Kannerrechts-Konventioun feiert hir 30 Joer

Den 20. November 2019 feiert d'international Kannerrechts-Konventioun (CIDE) hiert 30-järegt Bestoen. D'Konventioun gouf den 20. November 1989 vun der Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen ugeholl. Virun 30 Joer hunn Staats- a Regierungscheffe weltwäit, Kanner als eegestänneg Mënschen unerkannt a sech dozou verflicht, se ze respektéieren, ze schützen an ze fërderen.

D'Konventioun (CIDE) gouf vun 196 Länner ratifizéiert an ass domadder eent vun den allgemeng am meeschten unerkannte Mënscherechtsofkommes, dat dozou bäigedroen huet, d'Liewe vu Kanner weltwäit ze verbesseren.

©Zentrum fir politesch Bildung
Gruppefoto

 

1993 ass d'Konventioun zu Lëtzebuerg ënnerschriwwe ginn

1993 ass d'Konventioun zu Lëtzebuerg vun der Chamber ënnerschriwwe ginn. Andeems de Grand-Duché den Text akzeptéiert huet, huet e sech engagéiert déi folgend Rechter ze respektéieren: d'Recht op eng besser gesondheetlech Fleeg, op Bildung, op Schutz géint all Form vu Gewalt, op Schutz géint Diskriminatioun, op Intimsphär a Schutz vun der Privatsphär, op Bedeelegung, a sou weider.

Lëtzebuerg huet sech och verflicht all dës Rechter fir d'Kanner ze garantéieren, déi der Juridictioun ënnerleien, onofhängeg vun hirer nationaler oder sozialer Hierkonft, hirer Hautfaarf, hirem Geschlecht, hirer Sprooch, hirer Relioun, hirer Meenung oder der vun hiren Elteren.

Eng koordinéiert Ëmsetzung vum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend

De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend huet den Optrag kritt d'Ëmsetzung vun dëse Rechter op ministeriellem Niveau ze koordinéieren. E bedeelegt sech och un den Aarbechte vun den zoustännegen, internationalen Organer, wou bewäert Praktiken ausgetosch ginn.

De Ministère suergt fir d'Formatioun vun de Professionellen am Kanner- a Jugendberäich, entspriechend de Reegelunge vun der Konventioun, a stellt Initiativen op d'Been fir de Kanner, hiren Elteren, de Beruffstätegen a jidderengem soss, déi Rechter méi no ze bréngen. Duerch reegelméisseg Sensibilisatioun, gëtt de Leit hir Opmierksamkeet op folgend Theme gezunn: d'Ausbeutung a sexuelle Mëssbrauch, d'Geforen duerch den Internet, kierperlech Bestrofung, a sou weider. Méi dozou: droitsdelenfant.men.lu oder rechtervumkand.men.lu.

Déi éischt Kannerkonferenz zu Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg, ginn déi 30 Joer vun der Konventioun mat enger Serie Evenementer gefeiert, déi am September ugefaangen hunn a sech nach duerch de ganzen November zéien.

An dësem Kader, huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, de Claude Meisch, un der éischter Kannerkonferenz zu Lëtzebuerg Deel geholl. D'Konferenz gouf vum Kannerbüro Wooltz an dem Zentrum fir politesch Bildung an Zesummenaarbecht mam Ministère, de 16. November 2019, am Forum Geesseknäppchen organiséiert.

Dës Journée de réflexion, déi duerch Sketcher an Diskussiounen animéiert war, huet 50 Kanner an 30 Erwuessener d'Méiglechkeet gebueden erauszefanne wat hir Participatioun fir si bedeit an zesummen Äntwerten ze fannen ob Froe wéi "Firwat sinn ech wichteg?" oder "Wou ginn ech gehéiert?".

 

Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend

Aktualiséiert