-
Pink October: d'Wierksamkeet vun der Fréierkennung am Kampf géint Broschtkriibs
Am Kader vum Pink October, deen de Mount vun der Lutte géint Broschtkriibs markéiert, weist de Gesondheetsministère nach eemol op d'Wichtegkeet vum Depistage géint dës Kriibsaart hin, déi et erméiglecht Tumeuren an engem fréie Stadium z'erkennen, an esou Liewen ze retten.
-
De Premierminister op Visitt zu Grenada
De 5. a 6. Oktober 2023, huet de Premierminister, Staatsminister, Xavier Bettel, zu Grenada, Spuenien, un der Versammlung vun der Communauté politique européenne (CPE), sou wéi un der informeller Reunioun vun de Staats- a Regierungscheffe vun der Europäescher Unioun, deelgeholl.
-
Eluxemburgensia.lu krut en neien Chatbot: kënschtlech Intelligenz am Déngscht vum Lëtzebuerger Patrimoine vum Drock
D'Sam Tanson, Kulturministesch, de Claude D. Conter, Direkter vun der Nationalbibliothéik BnL, an de Carlo Blum, stellvertriedenden Direkter vun der BnL, hu Vertrieder vun der Press an de Medien op eng Presentatioun vum neie Chatbot vum eluxemburgensia.lu Portal agelueden.
-
Virstellung vum Whitepaper iwwer de neie Plan d'études fir den Enseignement fondamental
En Dënschden, den 3. Oktober 2023, ass de Whitepaper iwwer de neie Plan d'études an der Grondschoul um Forum Geesseknäppchen a Presenz vum Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend a vum Luc Weis, Direkter vum Koordinatiounsservice fir Recherche a pedagogesch an technologesch Innovatioun (SCRIPT) virgestallt ginn.
-
Woch vum Stëllen zu Lëtzebuerg: stëllen a schaffen ass méiglech!
Vum 2. bis den 8. Oktober ass zu Lëtzebuerg d'Woch vum Stëllen, déi sech dëst Joer mam Thema Stëllen op der Aarbecht befaasst. Am Zesummenhang mat de Recommandatioune vun der Weltgesondheetsorganisatioun (OMS), erënnert de Gesondheetsministère dorunner, datt Nieren op der Aarbecht ee Recht ass an datt et am Interessi vun den Employeuren ass dofir ze suergen, datt nieren a schaffe matenee kompatibel sinn.
-
Är CO2 Bewosstsinn Brochure
Hutt Dir jeemools gefrot wéi vill CO2 a verschiddene Szenarie produzéiert gëtt? Mir hunn e puer Fuerschunge gemaach a fonnt datt d'Quantitéit un CO2 produzéiert ka vill variéieren jee no der Situatioun.
-
Neies fir d'Rentrée am ZLS: Wuertschatz Band 5 iwwer d'Jéinescht, e neie Spellchecker a Verbesserunge bei Schreifmaschinn.lu
Kuff dʼSchmull an dibber nobes! Esou heescht de fënnefte Band vun der Serie Lëtzebuerger Wuertschatz, déi den Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch zesumme mam Service de coordination de la recherche et de l'innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT) erausgëtt.
-
Accessibel Wale fir jiddwereen
Andeems si wiele ginn, kënne Persoune mat enger Behënnerung hir politesch Rechter effektiv ausüben an op dës Manéier – och indirekt – Decisioune beaflossen, vun deenen och si betraff sinn. An der Praxis gëtt et allerdéngs nach ëmmer Hindernisser, déi hinnen dat effektiivt Ausübe vun dëse Rechter erschwéieren.
-
Lancement vun de neien Episode vun der Serie "Eist wëllt Lëtzebuerg"
De Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung stellt déi drëtt Saison vun "Eist wëllt Lëtzebuerg" vir an invitéiert Grouss a Kléng fir zesummen déi wëll Flora a Fauna vum Grand-Duché z'entdecken.
-
Akut Infektioune vun den Otemweeër: Schutz duerch d'Impfung
Mat der bevirstoender Wantersaison klëmmt och de Risiko sech mat akuten Infektioune vun den Otemweeër unzestiechen. Dës Infektioune kënne besonnesch fir vulnerabel Persoune geféierlech sinn. Dofir ass et wichteg, d'Iwwerdroung vum Virus duerch Schutzmoossname wéi Impfungen anzedämmen.
-
Aweiung vum Monument fir d'Geeschterarméi um Lampertsbierg
De 7. September, hunn d'U.S. Ambassade vu Lëtzebuerg, d'Lampertsbierger Geschichtsfrënn an den "Ghost Army Legacy Project" e neit Monument um Lampertsbierg ageweit, fir der "Ghost Army" ze gedenken. Déi sougenannte Geeschterarméi, eng speziell Unitéit vun der U.S.-Arméi, huet eng wichteg Roll an der Befreiung vu Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich gespillt.
-
Kontrollen op der Stater Braderie
Fir d’Stater Braderie hunn eis Agente Kontrollen iwwert den Affichage vun de Präisser op de verschiddene Stänn gemaach.
-
Wanderausstellung "D'Lëtzebuerger Sprooch(en)": Déi nächst Statioun ass Miedernach
Vum 3. bis den 9. September 2023 ass d'Wanderausstellung "D'Lëtzebuerger Sprooch(en)" all Dag an der Sportshal zu Miedernach ze gesinn. D'Adress ass: Millewee, L-7661 Miedernach.
-
D'Ausstellung "D'Lëtzebuerger Sprooch(en)" wandert weider op Ëlwen
Vum 5. bis den 9. August 2023 ass d'Wanderausstellung "D'Lëtzebuerger Sprooch(en)" zu Ëlwen all Dag vu 14 bis 18 Auer am Kulturzenter op 20, rue de Binsfeld ze gesinn. D'Ekipp vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) ass all Dag op der Plaz, fir d'Visiteuren duerch d'Ausstellung ze féieren.
-
Informal Meeting of Consumer Affairs
D’Paulette Lenert, Ministesch fir Konsumenteschutz, war de 24. Juli op der informeller Minister-Reunioun zu Bilbao.
- Éischt Säit
- ...
- 9
- 10
- 11
- 12
- 13
- ...
- Lescht Säit