De Premierminister op Visitt zu Grenada

De 5. a 6. Oktober 2023, huet de Premierminister, Staatsminister, Xavier Bettel, zu Grenada, Spuenien, un der Versammlung vun der Communauté politique européenne (CPE), sou wéi un der informeller Reunioun vun de Staats- a Regierungscheffe vun der Europäescher Unioun, deelgeholl.

  1. © Le Conseil de l'Union européenne

    Xavier Bettel, Premierminister, Staatsminister

    Xavier Bettel, Premierminister, Staatsminister

  2. © Le Conseil de l'Union européenne

    Xavier Bettel, Premierminister, Staatsminister

    Xavier Bettel, Premierminister, Staatsminister

  3. © Le Conseil de l'Union européenne

    Gruppefoto

    Gruppefoto

  4. © Le Conseil de l'Union européenne

    Allgemeng Usiicht

    Allgemeng Usiicht

  5. © Le Conseil de l'Union européenne / J.J.Guillen

    (v.l.n.r.) Xavier Bettel, Premierminister, Staatsminister; Annik Penders, Conjointe vum Alexander De Croo; Gauthier Destenay, Conjoint vum Xavier Bettel; Alexander De Croo, Premierminister vum belsche Kinnekräich

  6. © Le Conseil de l'Union européenne / J.J.Guillen

    Allgemeng Usiicht

    Allgemeng Usiicht

  7. © Le Conseil de l'Union européenne

    (v.l.n.r.) Annik Penders, Conjointe vum Alexander De Croo; Xavier Bettel, Premierminister, Staatsminister; Gauthier Destenay, Conjoint von Xavier Bettel; Alexander De Croo, Premierminister des belsche Kinnekräich

  8. © Le Conseil de l'Union européenne / Juanjo Martín

    (v.l.n.r.) Xavier Bettel, Premierminister, Staatsminister; Pedro Sánchez, Regierungspresident vum Kinnekräich Spuenien

    (v.l.n.r.) Xavier Bettel, Premierminister, Staatsminister; Pedro Sánchez, Regierungspresident vum Kinnekräich Spuenien

  9. © Le Conseil de l'Union européenne

    Gruppefoto

    Gruppefoto

  10. © ME

    (v. l. n. r.) Xavier Bettel, Premierminister, Staatsminister; Wolodymyr Zelensky, President vun der Ukrain

    (v. l. n. r.) Xavier Bettel, Premierminister, Staatsminister; Wolodymyr Zelensky, President vun der Ukrain

Den éischten Dag gouf mat enger Erëffnungssëtzung agelaut, wou d'Membere vun der CPE, déi zu Grenada present waren, sech an der Plenière versammelt hunn. Ënnert den Intervenante waren ë. a. de Pedro Sanchez, Premierminister vu Spuenien, an de Volodymyr Zelenskyy, President vun der Ukrain.

Doropshin huet de Xavier Bettel un enger Table ronde zum Thema "de Multilateralismus, inklusiv sécherheetsrelevant a geostrateegesch Bedenken" deelgeholl. Bei dësem Echange, huet de Premierminister d'Noutwendegkeet vun engem oppenen a konstruktiven Dialog ënnerstrach, wat am Endeffekt och dat eigentlecht Zil vun dësem Forum war. Weider huet hie betount, dass déi Verantwortlech mateneen an op direktem Wee kommunizéiere missten, anstatt een iwwert deen aneren.

Den Dag gouf mat engem offiziellen Owesiessen um Site vun der Alhambra, der mëttelalterlecher Akropolis, a Presenz vun H.K.A. dem Kinnek an der Kinnigin vu Spuenien, ofgeschloss.

Bei der informeller Reunioun vun de Staats- a Regierungscheffe vun der EU vum 6. Oktober, haten déi 27 Länner en Austausch iwwert déi zukünfteg strateegesch Agenda vun der EU, iwwert d'Erweiderung an Opnam-Fäegkeet vun der EU, souwéi zum Thema Migratioun an d'Krisen an der Nopesch-Regioun.

D'Deklaratioun vu Grenada vun de27 Länner kann integral hei consultéiert ginn.

Communiqué vum Staatsministère

Aktualiséiert