Aweiung vum Monument fir d'Geeschterarméi um Lampertsbierg

De 7. September, hunn d'U.S. Ambassade vu Lëtzebuerg, d'Lampertsbierger Geschichtsfrënn an den "Ghost Army Legacy Project" e neit Monument um Lampertsbierg ageweit, fir der "Ghost Army" ze gedenken. Déi sougenannte Geeschterarméi, eng speziell Unitéit vun der U.S.-Arméi, huet eng wichteg Roll an der Befreiung vu Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich gespillt.

  1. ©MFIN

    Aweiung vum Geeschterarméi Denkmal um Lampertsbierg

    Aweiung vum Geeschterarméi Denkmal um Lampertsbierg

  2. ©MFIN

    Rick Beyer, President vum "Ghost Army Legacy Project".

    Rick Beyer, President vum "Ghost Army Legacy Project".

  3. ©MFIN

    Thomas Ml. Barrett, amerikaneschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg

    Thomas Ml. Barrett, amerikaneschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg

  4. ©MFIN

    Yuriko Backes, Finanzministesch

    Yuriko Backes, Finanzministesch

  5. ©MFIN

    (v.l.n.r.) David Dominguez Muller, Lampertsbierger Geschichtsfrënn; Yuriko Backes, Finanzministesch; Anicet Schmit, President Lampertsbierger Geschichtsfrënn

    (v.l.n.r.) David Dominguez Muller, Lampertsbierger Geschichtsfrënn; Yuriko Backes, Finanzministesch; Anicet Schmit, President Lampertsbierger Geschichtsfrënn

  6. ©MFIN

    Aweiung vum Geeschterarméi Denkmal um Lampertsbierg

    Aweiung vum Geeschterarméi Denkmal um Lampertsbierg

  7. ©MFIN

    (v.l.n.r.)Anne Braun-Lippert; Robert Dahl, Jong vum Harold Dahl, Veteran vun der Geeschterarméi; Yuriko Backes, Finanzministesch

    (v.l.n.r.)Anne Braun-Lippert; Robert Dahl, Jong vum Harold Dahl, Veteran vun der Geeschterarméi; Yuriko Backes, Finanzministesch

  8. ©MFIN

    United States Marine Corps Color Guard

    United States Marine Corps Color Guard

Bei der Aweiung vum Monument huet den U.S.-Ambassadeur zu Lëtzebuerg, Tom Barrett, erkläert: "Dëst Monument fir d'Geeschterarméi erënnert eis permanent un de Courage an d'Resilienz vun der Amerikanescher Arméi, déi am Zweete Weltkrich fir d'Fräiheet vu Lëtzebuerg an de Fridden an Europa gekämpft huet. Mir, fir déi dës Erënnerungen nach present sinn, hunn d'Flicht och déi zukünfteg Generatiounen dorun ze erënneren, dass Fräiheet en héije Präis huet an net selbstverständlech ass."

D'Finanzministesch Yuriko Backes, déi d'Regierung vertratt huet, huet an hirer Usprooch ënnerstrach: "Bal 8 Joerzéngte méi spéit, wäert dëse Gedenksteen, zesumme mat deem zu Beetebuerg, un d'Doten, de Courage, a virun allem d'Fantasie ouni Grenze vun der Geeschterarméi erënneren. Lëtzebuerg ass sech bewosst wéi wichteg et ass d'Erënnerung un den Zweete Weltkrich ze sécheren a weiderzeginn. Zesumme mat eise patrioteschen Associatiounen an der Zivilgesellschaft schafft d'Regierung onermiddlech dorun nei Initiativen ze ënnerstëtzen an ze fërderen, fir dass d'Lektiounen aus eiser Geschicht net vergiess ginn, mee och un déi zukünfteg Generatioune weidervermëttelt ginn."

"D'Männer vun der Geeschterarméi entspriechen net dem Bild vum traditionellen Held, an dach hu si mat Genie, Courage an Éier gedéngt. Mat hirer Kreativitéit an Täuschungskonscht konnte si Liewe retten an de Krich verkierzen. Dofir ass et esou wichteg hinnen ze gedenken", huet de Rick Beyer, President vum Ghost Army Legacy Project ënnerstrach.

"Eis Associatioun huet dëse wichtegen Episod a senger Publikatioun "De Lampertsbierg" vun 2018 mentionéiert. Mir sinn iwwerzeegt dass d'Installatioun vun enger Gedenktafel op der Plaz d'Gedenken un d'Geeschterarméi an d'Erënnerung un den Engagement vun der U.S.-Arméi wärend dem Zweete Weltkrich och bei eise jonke Generatioune stäerkt. Mir organiséiere geschichtlech Trëppeltouren duerch de Lampertsbierg an dëse geschichtleche Gedenksteen un d'Geeschterarméi wäert e wichtegen Deel dovu ginn", huet den David Dominguez Muller, Sekretär vun de Lampertsbierger Geschichtsfrënn, betount.

D'Denkmal ass ëffentlech zougänglech um 162a, Avenue de la Faïencerie, L-1511 Lëtzebuerg, virum Gebai an deem e Groussdeel vun der Unitéit vun der Geeschterarméi tëscht dem 25. September an dem 22. Dezember 1944 ënnerbruecht war.

Kontext

D'Geeschterarméi, déi offiziell "23rd Headquarters Special Troops" geheescht huet, ass bekannt fir hir opblosbar Panzeren an Artillerie, d'Soundeffekter, Radiotricker an Attrappen, déi si benotzt hunn fir déi däitsch Truppen ze täuschen. D'Geeschteraméi huet 22 Täuschungsmanövere wärend dem Zweete Weltkrich ausgefouert, dovunner méi wéi een Drëttel zu Lëtzebuerg.

Communiqué vum Finanzministère / der U.S. Ambassade zu Lëtzebuerg / de Lampertsbierger Geschichtsfrënn / dem Ghost Army Legacy Project 

Aktualiséiert