Woch vum Stëllen zu Lëtzebuerg: stëllen a schaffen ass méiglech!

Vum 2. bis den 8. Oktober ass zu Lëtzebuerg d'Woch vum Stëllen, déi sech dëst Joer mam Thema Stëllen op der Aarbecht befaasst. Am Zesummenhang mat de Recommandatioune vun der Weltgesondheetsorganisatioun (OMS), erënnert de Gesondheetsministère dorunner, datt Nieren op der Aarbecht ee Recht ass an datt et am Interessi vun den Employeuren ass dofir ze suergen, datt nieren a schaffe matenee kompatibel sinn.

Wat gesäit d'Gesetz vir?

Zu Lëtzebuerg gesäit d'Gesetz vir, datt Fraen déi Vollzäit schaffen, Recht op zwou Stëllpause vu jeeweils 45 Minutte pro Dag hunn, dat nodeems si eng schrëftlech Demande beim Employeur agereecht hunn. Et ass och méiglech dës zwou Pausen op eng Paus an engem Dag zesummenzeleeën. Fir Fraen déi Hallefzäit schaffen, gëtt d'Stëllpaus proportional zur Aarbechtszäit berechent.

Des Weideren dierfe Fraen déi nieren net gezwonge ginn Nuets ze schaffen. Dës Dispens ka bis zum 1. Gebuertsdag vum Kand verlängert ginn.

D'Virdeeler vum Stëllen

Mammemëllech huet vill Virdeeler fir d'Gesondheet vun der Mamm a vum Kand. Si ass déi optimal Ernierung fir d'Entwécklung, de Wuesstem an d'Gesondheet vum Puppelchen. Mammemëllech schützt d'Puppelcher virun Infektiounen, reduzéiert de Risiko vun Allergien an Asthma, a wierkt sech preventiv op eng spéider Entwécklung vun Iwwergewiicht an Diabetes aus. Bei de Mamme reduzéiert d'Nieren de Risiko vu Broscht- an Eeërstackkriibs a schützt virun Häerzkreeslaf-Erkrankungen an Diabetes vum Typ 2.

D'OMS recommandéiert wärend den éischte sechs Liewensméint ausschliisslech ze stëllen, an d'Stëlle bis zum Alter vun 2 Joer an doriwwer eraus weiderzeféieren, woubäi no an no bäigefiddert gëtt. De Gesondheetsministère ënnerstëtzt dës Recommandatioun an encouragéiert d'Mammen esou laang wéi méiglech ze stëllen.

Bei Zweiwel ronderëm d'Stëllen ass et ubruecht mat engem Gynekolog an/oder enger Hiewan doriwwer ze schwätzen.

D'Virdeeler vun engem Aarbechtsëmfeld dat d'Stëlle fërdert

D'Schafe vun engem Aarbechtsëmfeld dat d'Niere fërdert huet eng sëlleg Virdeeler. D'Mammen déi niere fillen sech respektéiert, integréiert an an hirer Aarbecht appreciéiert, wat e positiven Impakt op hiren Engagement an hir Zefriddenheet kann hunn, wat sech och op déi aner Employéen auswierke kann. D'Ënnerstëtzung vum Employeur mécht der Mamm et méi einfach nees op d'Aarbecht zeréckzekommen, wat d'Reintroductioun vun den Employéë fërdert an d'Produktivitéit vun der Entreprise steigert. Schlussendlech stäerken dës Ënnerstëtzungsmoossnamen d'Attraktivitéit vun den Entreprisen als Employeuren an droen zur Gläichstellung vun de Geschlechter bäi. Mir kënnen eis et net erlabe Fraen déi stëllen ze diskriminéieren.

De Gesondheetsministère huet eng Sensibiliséierungscampagne organiséiert, fir d'Employeuren an d'Employéeën iwwer d'Virdeeler vum Stëllen ze informéieren a wéi een dat an engem Aarbechtsëmfeld ëmsetze kann.

ALBA Ëmfro

Säit 1987 gi vun der Gesondheetsdirektioun reegelméisseg Ëmfroen duerchgefouert, fir d'Ernierung vun de Puppelcher a besonnesch d'Nieren zu Lëtzebuerg z'iwwerwaachen. Zurzäit fënnt déi 6. national Ëmfro vun der ALBA iwwer d'Alimentatioun vu Puppelcher a klénge Kanner vun 0 bis 24 Méint statt, déi hei zu Lëtzebuerg wunnen. Et gëtt en Echantillon vun ongeféier 6.000 Kanner aus dëser Alterstranche ausgewielt an d'Eltere kréien eng Invitatioun fir un dëser ALBA-Enquête deelzehuelen.

D'Resultater erméiglechen eng objektiv Evaluatioun vun der Entwécklung am Beräich vum Stëllen a vun der Ernierung vun de Puppelcher. D'Participatioun un dëser Ëmfro ass immens wichteg, well si liwwert nëtzlech Informatioune fir d'Ausschaffe vun nationale Politicke fir eng méi cibléiert Promotioun vun der richteger Ernierung vun de Puppelcher a klenge Kanner, fir d'Gesondheet vun de zukünftege Generatiounen ze schützen.

Fir weider Informatiounen iwwer d'Ëmfro schéckt eng Mail un alba2023@ms.etat.lu.

Communiqué vum Gesondheetsministère a vum Ministère fir Aarbecht, Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft

Aktualiséiert