-
Hausse vun den Energiepräisser: Hëllefsmesure fir Stéit a Bestandsopnam vun de Beméiungen zur Reduzéierung vum Energieverbrauch
De 4. Januar 2023 huet den Energieminister Claude Turmes déi nei Mesuren zur Ënnerstëtzung vun de Stéit am Kader vun de klammenden Energiepräisser virgestallt an huet een Iwwerbléck iwwer d'Beméiungen zur Reduzéierung vum Energieverbrauch zu Lëtzebuerg ginn.
-
Ofschafe vum Akkont bei de Sozialversécherungscotisatiounen
D'Tripartite-Ofkommes vum 28. September 2022 gesäit d'Ofschafe vum Akkont fir d'sozial Laaschten op den 1. Januar 2023 fir. Duerch dës Moossnam soll de Versement vun de Cotisatioune besser opgedeelt ginn an Employeuren an Independanten kënne besser finanziell ënnerstëtzt ginn.
-
Neierungen 2023
Nei gesetzlech Reegelen a Virschrëften, déi de Bierger direkt betreffen, wäerten 2023 a Kraaft trieden. Hei en Iwwerbléck iwwer d'Haaptännerungen déi en direkten Afloss op d'Bierger hunn. Dës Lëscht ass net vollstänneg.
-
E weidere Schrëtt a Richtung vun enger Prise en Charge vun de Käschte fir psychotherapeutesch Behandlungen
De Regierungsrot huet den 29. Dezember 2022 den Avant-projet vum groussherzogleche Reglement iwwer d'Aféierung vu psychotherapeutesche Behandlungen an d'Nomenclature ugeholl, an deem en op eng schrëftlech Prozedur zeréckgegraff huet.
-
Infektioune vun den Otemweeër: Réckbléck op d'Woch vum 19. bis den 25. Dezember 2022
Vun haut un bitt Iech de Wocheréckbléck e méi e breeden Iwwerbléck iwwer respiratoresch Viren am Allgemengen: dozou gehéieren de COVID-19 an d'Gripp (Influenza)
-
"Ukrainkrich" ass d'Wuert vum Joer 2022
Op d'Plazen 2 an 3 kommen Energiekris a Präisdeckel.
-
Chrëschtusprooch 2022 vun S.K.A. dem Grand-Duc
Chrëschtusprooch 2022 vun S.K.A. dem Grand-Duc
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 12. bis den 18. Dezember 2022
An der Woch vum 12. bis den 18. Dezember geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 1.464 erop, par Rapport zu 1.440 an der Woch virdrun.
-
Neie Guide fir de Professionellen - Matenee Vertraue Gewannen.
De Ministère fir Konsumenteschutz huet e Guide publizéiert, dee sech speziell u Professioneller riicht. En erkläert, Theema fir Theema, andeems e probéiert, eng puer juristesch Sprooch ze vermeiden, d'Verflichtunge vun de Professionellen, déi am Code de la consommation opgelëscht sinn. De Guide, deen an 3 Sprooche verfügbar ass, kann och op der Internetsäit vum Ministère consultéiert ginn.
-
Zesumme fir d'Lëtzebuerger Sprooch: D'Regierung huet mam neien Aktiounsplang e weidere Mesurëpak ugeholl
De 14. Dezember huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch zesumme mam Commissaire fir d'Lëtzebuerger Sprooch den Aktiounsplang fir d'Lëtzebuerger Sprooch virgestallt, deen op dësem Dag vum Regierungsrot ugeholl gouf.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 5. bis den 11. Dezember 2022
An der Woch vum 5. bis den 11. Dezember geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 1.440 erop, par Rapport zu 1.214 an der Woch virdrun.
-
Sensibiliséierungscampagne "Antigaspi": aacht gëlle Reegele fir manner Liewensmëttel ze verbëtzen
Am Grand-Duché sinn d'Stéit fir 75% vun der Quantitéit un Liewensmëttel déi ewechgehäit gi responsabel. Fir d'Ëffentlechkeet dozou ze animéiere manner ze verbëtzen, besonnesch elo wärend de Feierdeeg ronderëm Chrëscht- a Neijoerschdag, huet de Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung ab dem 13. Dezember 2022, eng Sensibiliséierungscampagne relancéiert.
-
Präisverdeelung vum nationale Literaturconcours 2022
En Dënschdeg den 13. Dezember 2022 gouf de nationale Literaturpräis 2022 un d'Gewënner/innen duerch d'Kulturministesch Sam Tanson iwwerreecht. D'Feier huet am nationale Literaturzentrum zu Miersch stattfonnt.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 28. November bis de 4. Dezember 2022
An der Woch vum 28. November bis de 4. Dezember geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 1.214 erop, par Rapport zu 1.164 an der Woch virdrun.
-
Sproocherkennung op Lëtzebuergesch - Dir schwätzt, d'Maschinn schreift
Den 9. Dezember 2022 huet den Educatiounsminister Claude Meisch en neien Internetsite fir d'Lëtzebuerger Sprooch virgestallt. schreifmaschinn.lu mécht aus geschwatener Sprooch e geschriwwenen Text.
- Éischt Säit
- ...
- 20
- 21
- 22
- 23
- 24
- ...
- Lescht Säit