Hausse vun den Energiepräisser: Hëllefsmesure fir Stéit a Bestandsopnam vun de Beméiungen zur Reduzéierung vum Energieverbrauch

De 4. Januar 2023 huet den Energieminister Claude Turmes déi nei Mesuren zur Ënnerstëtzung vun de Stéit am Kader vun de klammenden Energiepräisser virgestallt an huet een Iwwerbléck iwwer d'Beméiungen zur Reduzéierung vum Energieverbrauch zu Lëtzebuerg ginn.

©MEA Pressekonferenz
Pressekonferenz

"Och 2023 wäert d'Regierung alles ënnerhuele fir d'Auswierkunge vun der Energiekris op d'Stéit ze reduzéieren a gläichzäiteg d'Energietransitioun ze beschleunegen an ze erliichteren, fir eis Resilienz géintiwwer zukünftege Krisen ze erhéijen an eis Klimaziler ze erreechen", sot den Energieminister Claude Turmes.

Reduzéierung vum Energieverbrauch

 

Am Dezember huet d'Baisse vum Äerdgasverbrauch ongeféier 18% am Verglach zu der Referenzperiod 2017-2022 ausgemaach a louch domat ëmmer nach däitlech iwwer dem Zil vun den EU-Memberstaaten d'Äerdgasdemande ëm 15% ze reduzéieren.

"Obschonns et am Dezember besonnesch kal war, hunn déi neisten Zuelen op e Neits gewisen, datt all d'Acteuren - Staat, Gemengen, Entreprisen a Bierger/innen konsequent Gas agespuert hunn. Ech soe jiddwerengem Merci fir seng Beméiungen Energie ze spueren", kommentéiert de Claude Turmes. "Souguer wa mir um richtege Wee sinn, musse mir weider oppassen: wann d'Temperaturen an den nächste Méint op e nidderegen Niveau falen, kéint den heizungsbedéngte Gasverbrauch nach enorm klammen."

Wat d'Stroumconsommatioun betrëfft, sou ass déi säit Juni 2022 kontinuéierlech an der Baisse. Am Dezember louch d'Baisse bei -8,56% am Verglach zu der Referenzperiod 2017-2022.

Weider Informatiounen a Rotschléi fir Ären Energie-Konsum ze reduzéieren an esou nach weider ze spueren, fannt Dir op www.energie-spueren.lu.

Nei a verlängert Subventioune fir d'Stéit

 

Am Kader vun der aktueller Energiekris an de Präishaussë gesäit den Tripartitesaccord vum 28. September 2022 Mesure vir, fir der onverhältnesméisseger Hausse vun den Energiepräisser entgéintzewierken.

All Informatiounen zu dëse Mesurë fannt Dir op: www.subventions-energie.lu.

a. Temporär Subventioun vum Stroumpräis fir Stéit

D'Stabiliséierung vun de Stroumpräisser fir Stéit um Duerchschnëttsniveau vun 2022 fir all Stéit mat engem Joresverbrauch vu manner wéi 25.000 kWh gëllt säit dem 1. Januar 2023 a bis den 31. Dezember 2023. Dës Moossnam gëtt automatesch applizéiert, et muss keng Demarche duerchgefouert ginn.

Weider Informatiounen zu dësem Sujet fannt Dir op www.subvention-electricite.lu.

b. Temporär Subventioun vum Verkafspräis vu Gas fir Stéit

De Präisdeckel beim Äerdgas fir Stéit op +15% géintiwwer dem duerchschnëttlechen Äerdgaspräisniveau vum September 2022 gëllt säit Oktober 2022 a bis Dezember 2023. Dës Moossnam gëtt automatesch applizéiert, et muss keng Demarche duerchgefouert ginn.

Weider Informatiounen heizou fannt Dir op www.subvention-gaz.lu.

c. Temporär Subventioun beim Verkafspräis vun Holzpellets fir d'Stéit

Déi temporär Reduzéierung vum Verkafspräis vun Holzpellets, déi fir d'Primärheizung vu Stéit benotzt ginn, ëm 35% mat engem Héchstbetrag vun 200 Euro (TTC) pro Tonn, gëlt vum 1. Januar 2023 bis den 31. Dezember 2023 fir Bestellunge vu Pelletsliwweranten déi an engem heifir spezifesche Regëster agedroe sinn.

Iwwerpréift also virun der Bestellung, ob Äre Liwwerant schonn am Regëster agedroen ass.

D'Reduzéierung gëllt fir d'Liwwerung vu lassenen Holzpellets pro Tankwon op dem Territoire vum Grand-Duché un Eefamilljenhaiser mat enger maximaler Quantitéit vu 5 Tonne pro Liwwerung an u Wunnhaiser (minimum 2 Wunneenheeten) mat enger maximaler Quantitéit vun 10 Tonne pro Liwwerung.

Weider Informatiounen, souwéi de Regëster vun de Pelletsliwwerante fannt Dir op www.subvention-pellets.lu.

d. Temporär Subventioun vum Verkafspräis vu Flësseggas fir d'Stéit

D'Baisse vun de Verkafspräisser fir Flësseggas ëm 0,20 Euro pro Kilogramm fir Stéit, déi Flësseggas am Tank (Propan am Lassene fir den Haushaltsgebrauch) fir d'Heize vun hirem Gebai benotzen, gëllt automatesch vum 31. Oktober 2022 bis den 31. Dezember 2023. Wéi och beim Äerdgas gëllt dës Mesure automatesch an et muss keng weider Demarche heivir duerchgefouert ginn.

Weider Informatiounen zu dësem Sujet fannt Dir op www.subvention-gaz.lu.

e. Temporär Subventioun beim Verkafspräis vu Mazout fir Stéit

D'Reduzéierung vun den Heizkäschten (Mazout) ass säit dem 1. November 2022 a Kraaft a gëllt bis den 31. Dezember 2023. Dës Moossnam gëtt automatesch applizéiert, et muss keng Demarche duerchgefouert ginn.

Weider Informatiounen zu dëser Mesur fannt Dir op www.subvention-mazout.lu.

f. Temporär Subventioun beim Verkafspräis vu Stroum fir Benotzer vun ëffentlech zougängleche Luedstatioune fir Elektroautoen

D'Präisreduktioun zu Gonschte vum Endverbraucher vun ëffentlech zougängleche Luedstatioune gëtt säit dem 1. Januar 2023 a bis den 31. Dezember 2023 vun de Mobilitéitsfournisseuren, déi an dem heifir virgesinne Regëster agedroe sinn, op all Luedvirgäng a Luedstatiounen um Territoire vum Grand-Duché applizéiert.

Et ass dowéinst wichteg, datt Dir iwwerpréift ob Äre Fournisseur schonn an dësem Regëster agedroen ass.

D'Reduzéierung ass op 0,33 Euro HTVA pro Kilowattstonn festgeluecht.

Weider Informatiounen heizou fannt Dir op www.subvention-electricite.lu.

g. Temporär Subventioun fir d'Liwwerung vu Wäermt fir Stéit, déi un engem Fernwärmnetz ugeschloss sinn

Aktuell leeft déi legislatif Prozedur fir d'Aféieren vun enger temporärer Subventioun, mat deem de Präis fir Privatstéit, déi un engem Fernwärmnetz ugeschloss sinn op ongeféier +15% vum duerchschnëttlechen Präisniveau vum September 2022 begrenzt soll ginn. Dës Moossnam gëtt automatesch vum 1. Oktober 2022 bis den 31. Dezember 2023 applizéiert.

 Moossname fir d'Energietransitioun unzedreiwen

 

a. A Richtung Fossil-fräi Gebaier

Fir nei Gebaier, déi nom 1. Januar 2023 gebaut ginn, gi Wärmepompelen zur Standardtechnologie. Den Ersatz vu Gaskesselen duerch Wärmepompelen ass ee wichtege Schrëtt a Richtung CO2-fräi Energieversuergung.

D'Ufuerderunge fir d'Isoléierung vu Gebaier gouf mam groussherzogleche Reglement vum 9. Juni 2021 iwwert déi energetesch Performance vu Gebaier iwwerschafft: méi streng Ufuerderunge fir Neibaute vu Zweckgebaier mat Wierkung vum 1. Januar 2023 an nei Mindestufuerderunge fir d'Isoléierung fir all Aart vu Gebai. Marc Feider, Vizepresident vum OAI, begréisst d'Initiativ vun der Regierung, sech op d'Schafung vu Gebaier zouzebeweegen, déi net op fossil Energien zeréckgräife mussen.

Ausserdeem gëtt de Bonus fir den Austausch vun engem fossillen Heizungskessel am Kader vun de Klimabonus-Hëllefen erhéicht.

Och d'Subventioune fir energetesch Sanéierunge ginn erhéicht an d'Prozedure vereinfacht. Sou ass et z.B. net méi néideg een zertifizéierte Beroder fir eenzel Renovatiounsmesuren unzefroen, mee een agreéierten Handwierker kann d'Aarbechten och ausféieren.

Tom Oberweis, President vun der Handwierkerkummer, betount, datt "d'Handwierk bereet ass, eng Schlësselroll bei der Ëmsetzung vun der Energietransitioun ze spillen, besonnesch am Beräich vun der Photovoltaik an der energetescher Renovatioun." Hien huet ausserdeem drop higewisen, datt d'Handwierkerkummer Handwierksbetriber guidéiert an nei Technologien a Kompetenzen am Kader vun der Léier, deem Meeschterbréif an der Weiderbildung vermëttelt. Sou proposéiert de Label 'Nohalteg an d'Zukunft+' speziell Formatiounen, fir ë.a. Handwierker dorop virzebereeden, "zertifiéiert Handwierker" ze ginn an sou Handwierksbetriber d'Méiglechkeet ze ginn, am Kader vum KlimaBonus-Programm ze agéieren. All dës Moossnamen hunn d'Zil, d'Handwierk op déi Erausfuerderunge vun der nohalteger Entwécklung virzebereeden an ënnerstëtzen seng Roll als Schlësselacteur, fir déi ökologesch Transitioun zu Lëtzebuerg erfollegräich ze gestalten."

b. Spezialkonditioune fir Photovoltaik

D'Subventioune fir Photovoltaik-Installatioune fir den Eegegebrauch, déi vum 1. Januar 2023 un an Optrag gi gi sinn, goufen erhéicht, a fir nei Photovoltaikinstallatioune gëllt säit dem 1. Januar 2023 e reduzéierten TVA Taux vun 3%.

Ofschléissend gëtt säit dem 1. Januar 2023 d'Extensioun vun den eligibelen Elementer fir d'Effektivkäschte vun enger Photovoltaik-Installatioun op eng Anlag zur Späicherung vum produzéierte Stroum (Batterie) ugewannt.

Weider Informatiounen iwwer d'Moossname fir d'Beschleunegung vun der Energietransitioun fannt Dir op www.klimaagence.lu oder ënnert der Nummer 80 02-11 90.

Communiqué vum Ministère fir Energie a Landesplanung

Aktualiséiert