Präisverdeelung vum nationale Literaturconcours 2022

En Dënschdeg den 13. Dezember 2022 gouf de nationale Literaturpräis 2022 un d'Gewënner/innen duerch d'Kulturministesch Sam Tanson iwwerreecht. D'Feier huet am nationale Literaturzentrum zu Miersch stattfonnt.

©MCULT Gruppefoto
Gruppefoto

D'Gewënner/inne vum nationale Literaturpräis 2022 ënnert dem Theema Erzielunge sinn:

  • John-Paul GOMEZ - éischte Präis an der Kategorie " erwuessen Autoren/tricen " fir seng Erzielung The Idiot of St. Benedict
  • Guy HELMINGER - zweete Präis an der Kategorie " erwuessen Autoren/tricen " fir seng Erzielung Das Geräusch der Stillleben
  • Elise SCHMIT - drëtte Präis an der Kategorie " erwuessen Autoren/tricen " fir seng Erzielung Perfect Spheres – Stories and Complaints
  • Zeynep CELIK - Fërderpräis an der Kategorie " Jonk Autoren/tricen" (15-25 Joer) " fir seng Erzielung Do women love?

Am Jury waren de Pascal Seil (Präsident), d'Mylène Branco, d'Marion Rockenbrod, de Jeff Schinker an de Jeff Thoss.

D'Sam Tanson huet d'Eegenaart vum Concours ervirgehuewen déi doranner besteet, " datt jiddereen anonym dorunner deelhuele kann. " Déi agereechte Manuskripter goufen all nach net verëffentlecht an ënnert engem Pseudonym geschriwwen. D'Enveloppe mat de Nimm vun de Laureate ginn eréischt dann opgemaach wann d'Gewënnertexter vun der Jury ausgewielt goufen. " Fir e klengt Land mat enger klenger Literaturzeen erméiglecht de Fait anonym kënnen ze bleiwen, datt d'Texter op eng neutral Aart a Weis vun enger Jury, déi all Joer wiesselt, bewäert ginn. Sou gi bekannte Autoren/tricen confirméiert, mee et kënnen och nei Talenter entdeckt ginn.

Zanter 1978, organiséiert de Kulturministère all Joer e Literaturconcours fir déi literaresch Kreatioun am Grand-Duché ze ënnerstëtzen. All Joer ass de Concours fir en anere Literaturstil reservéiert. D'Editioun 2022 war fir Erzielungen op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an/oder Englesch virbehalen.

An der Kategorie " erwuessen Autoren/tricen " goufe 44 Produktiounen eragereecht an an der Kategorie "Jonk Autoren/tricen" (15-25 Joer) goufe 4 Produktiounen eragereecht. Wat déi benotzte Sprooche betrëfft, esou ass Englesch ëmmer méi beléift a war bei wäitem déi Sprooch déi am meeschte benotzt gouf.

De Pianist Arthur Possing huet fir de musikaleschen Encadrement gesuergt.

D'Lëscht vun de Gewënner/inne vun alle vergaangen Editioune fannt Dir ënnert folgendem Link: https://www.autorenlexikon.lu/page/award/014/14/FRE/index.html. ​

Communiqué vum Kulturministère

Aktualiséiert