COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 28. November bis de 4. Dezember 2022

An der Woch vum 28. November bis de 4. Dezember geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 1.214 erop, par Rapport zu 1.164 an der Woch virdrun.

Dobäi kommen 784 Re-Infektiounen, dat sinn 39,2% vun all de positiv geteste Persounen, géintiwwer 721 (38,2%) an der Woch virdrun.

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 28. November bis de 4. Dezember duerchgefouert goufen, ass vu 7.271 op 7.542 eropgaangen.

Bannent der Referenzperiod hunn 19 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 3.786. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

De 4. Dezember war d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 2.915 geklommen, am Verglach zu 2.763 de 27. November, wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 302.676 op 303.730 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll läit bei 43,9 Joer.

An der Woch vum 28. November bis de 4. Dezember goufen et 8 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19.

D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 86 Joer.

An de Spideeler goufen et 22 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 23 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun läit d'Zuel vun de beluechte Better bei 1. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patiente läit bei 67 Joer.

Positivitéitstaux an Inzidenztaux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 1,06 géintiwwer 1,03 an der viregter Woch, eropgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 16,10%, géintiwwer 16,01% an der Woch virdrun, eropgaangen.

Den Inzidenztaux op 7 Deeg ass op 188 Fäll pro 100.000 Awunner eropgaangen, géintiwwer 180 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun. Wann een d'Re-Infektiounen dobäizielt, läit den Inzidenztaux bei 311 Fäll pro 100.000 Awunner op 7 Deeg a bei 608 Fäll pro 100.000 Awunner op 14 Deeg. (Quell INSA)

Re-Infektiounen a certifiéiert Selbsttester ginn an der Berechnung vum Inzidenztaux no Alterstranche mat abegraff (Quell INSA). Am Verglach zu der viregter Woch, ass den Inzidenztaux an der Alterstranche vu 0 bis 59 Joer (+9%) eropgaangen an an der Altersgrupp 75+ Joer (-9%) erofgaangen. Deen niddregsten Inzidenztaux gouf et bei der Altersgrupp vun 0-4 Joer, mat 101 Fäll pro 100.000 Awunner.

Deen héchsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun 90+ Joer (mat 552 Fäll pro 100.000 Awunner), an der Altersgrupp vun 30-39 Joer (mat 450 Fäll pro 100.000 Awunner) an bei der Altersgrupp vun 85-89 Joer (mat 431 Fäll pro 100.000 Awunner).

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 28. November bis den 4. Dezember 2022 goufen am Ganzen 1.406 Dosissen aginn: 9 Persoune kruten eng 1. Dosis, 22 kruten déi 2. Dosis, 81 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 1.249 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 45 kruten eng drëtt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema an 0 kruten eng véiert komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 5. November op 1.292.351.

474.860 Persounen hunn ee kompletten Impfschema, wat engem Impftaux vun 79% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

Aussergewéinlech Schléissung vum Impfzenter Hall Victor Hugo vum 24.12.2022 bis den 02.01.2023.

Den Impfzenter Victor Hugo bleift vum 24. Dezember 2022 bis den 2. Januar 2023 zäitweileg zou.

Contact tracing: Wéi kritt ee seng Isolatiounsordonnance?

Mam neie COVID-19-Gesetz gëtt de Contact Tracing ugepasst: Wann Dir positiv op de COVID-19 getest gouft: Gitt an d'Eegen-Isolatioun. Fir Är Isolatiounsordonnance ze kréien, kënnt Dir de Formulaire fir d'Deklaratioun mat der Referenz REFCP ausfëllen op: www.covid19.lu.

Wann Dir positiv op de COVID-19 getest gouft, kritt Dir och eng SMS vu folgender Nummer: +352 621 203 000 ​

Weider Informatiounen op covidtracing.lu

Impfméiglechkeeten

D'Lëscht vun all den Impfméiglechkeete kann op follgender Säit consultéiert ginn:  covidvaccination.lu

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/publications-en

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

De CORONASTEP-Rapport gëtt all 15 Deeg publizéiert.

Laut dem leschte Rapport CORONASTEP vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology), weist de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi am Laf vun der 47. an der 48. Woch 2022 ënnersicht goufen, eng héich Prevalenz vum SARS-CoV-2 am Ofwaasser. De Kontaminatiounsniveau vum Ofwaasser schéngt am Verglach zu de béide viregte Woche relativ stabil ze sinn, och wann ab der 47. Woch ee liichten Opwäertstrend observéiert gouf. Déi nächst Resultater wäerten entscheedend dofir sinn, ob sech dësen Trend bestätegt.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn:  https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert