-
Pressebriefing: Signature vum Ofkommes tëschent der Regierung, der UEL, der CGFP an dem LCGB no der Reunioun vum Koordinatiounscomité Tripartite
No senger Deklaratioun an der Chamber, ënnerschreift de Premierminister, Staatsminister Xavier Bettel den Accord, deen no de Reunioune vum Koordinatiounscomité Tripartite, zesumme mat de Vertrieder vun der UEL, dem LCGB an der CGFP fonnt gouf. No der Ënnerzeechnung fënnt eng gemeinsam Pressekonferenz statt. De Livestream fänkt géint 16:10 Auer un.
-
Kontroll bei den "Agents de transfer"
Eng Kontroll bei den Agents de transfer huet erginn, dass déi Agencen, déi zu Lëtzebuerg aktiv sinn, sech un d'Virschrëfte vum Code de la Consommation halen. De Ministère mécht d'Konsumenten awer dorobber opmierksam, dass d'Notzung vun de Servicer vun dësen Agence mat héije Käschte verbonne sinn.
-
Stellungnam zum Baustopp op der Ettelbrécker Gare
Am Kader vun den CFL-Aarbechten um ale Gebai vun der Ettelbrécker Gare, gouf den 29.02.2022 op Uerder vum Ëmweltministère e virleefege Baustopp verhaangen. Dëst well fir en Deel vun den Aarbechten déi néideg Autorisatioun gefeelt huet.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 21. bis den 27. Mäerz 2022
An der Woch vum 21. bis den 27. Mäerz ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 7.791 op 9.550 eropgaangen (+23%).
-
Musekschoulen.lu: Fann deng Bün!
De Ministere fir Educatioun, Kanner a Jugend lancéiert den 23. Mäerz 2022 d'Campagne "Fann deng Bün!” fir enger Majoritéit vu Kanner a Jonken d'Méiglechkeet ze ginn, déi vaste Offer vum Enseignement musical ze notzen.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 14. bis den 20. Mäerz 2022
An der Woch vum 14. bis den 20. Mäerz ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 5.968 op 7.779 eropgaangen (+30%).
-
Pressekonferenz no der Tripartite
D'Regierung presentéiert, zesumme mat de Sozialpartner, d'Resultater vun der Tripartite, déi aberuff gouf, fir Mesurë géint den Impakt vun der Inflatioun op d’Stéit an d'Entreprisen ze decidéieren. De Livestream fänkt géint 18:00 Auer un.
-
D'Gemenge kruten 2021 iwwer 200 Millioune méi wéi virun der Pandemie geschat!
D'Finanzsituatioun vun de Gemengen ass dynamesch, awer global gesi stabel: dat war de Constat, haut, am Conseil supérieur des finances communales am Inneministère.
-
Presentatioun vum éischte Lëtzebuerger "Kannerbericht"
Den 22. Mäerz 2022 huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch zesumme mam Prof. Dr Sascha Neuman vun der Uni Tübingen deen éischten "Nationale Bericht iwwert d'Situatioun vun de Kanner zu Lëtzebuerg" virgestallt.
-
COVID-19-Impfung: eng nei Helpline fir op d'Ängschte vun den net geimpfte Leit z'äntweren
Och wa mëttlerweil bewisen ass, dass d'COVID-19-Impfstoffer Liewe retten, hunn ëmmer nach eng Rei Leit Zweiwel sech impfen ze loossen.
-
"Interview mam Energieminister Claude Turmes"
Interview mam Claude Turmes an der Stëmm vun der Strooss
-
Formulaire fir d'Energieprimm unzefroen elo online
D'Energieprimm fir Stéit mat geréngem Akommes, déi d'Ministesch fir Famill an Integratioun Corinne Cahen proposéiert, ass Deel vun engem Moossnamepak, deen déi Stéit ënnerstëtzte soll, déi am stäerkste vun der Präisdeierecht betraff sinn. Dës Energieprimm, déi bei der Pressekonferenz vum 28. Februar 2022 presentéiert gouf, ass den 18. Mäerz 2022 vum Regierungsrot approuvéiert ginn.
-
Update: D'Demande vum Initiativkommitee fir d'Duerchféiere vun engem Referendum gouf akzeptéiert
De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel huet haut decidéiert, dass d'Ufro fir d'Duerchféiere vun engem Referendum iwwer déi proposéiert Revisioun vum Kapitel II vun der Verfassung, déi vum Initiativkommitee presentéiert gouf an de 17. Mäerz 2022 entgéintgeholl gouf, akzeptéiert gëtt, well dës de Bedéngunge vum ofgeännerte Gesetz vum 4. Februar 2005 entsprécht.
-
D'Taina Bofferding ënnerstëtzt d'Gemenge Bus a Waldbriedemes aktiv an hire Fusiounsbestriewungen
Eppes méi wéi 2 Woche virum Referendum vum 3. Abrëll war en Donneschden den Owend zu Bus eng lescht grouss Informatiounsversammlung zur geplangter Fusioun vu Bus a Waldbriedemes.
-
Areeche vun enger Ufro vun engem Initiativkommitee fir d'Duerchféiere vun engem Referendum iwwer déi proposéiert Revisioun vum Kapitel II vun der Verfassung.
En Initiativkommitee huet haut, am Kader vun der Revisioun vum Kapitel II vun der Verfassung, beim Premier- a Staatsminister, Xavier Bettel, eng Ufro fir d'Organisatioun vun engem Referendum no Artikel 114 vun der Verfassung agereecht.
- Éischt Säit
- ...
- 28
- 29
- 30
- 31
- 32
- ...
- Lescht Säit