Staatsvisitt vum Grand-Duc a vun der Grande-Duchesse an der portugisescher Republik

Op Invitatioun vum President vun der portugisescher Republik, Marcelo Rebelo de Sousa, waren de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse vum 11. op den 12. Mee 2022 fir eng Staatsvisitt a Portugal. Begleet goufen si vum Aussen- an Europaminister, Jean Asselborn, vun der Ministesch fir Famill an Integratioun, Corinne Cahen, vum Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten a Wirtschaftsminister Franz Fayot, a vun der Finanzministesch, Yuriko Backes. 

Illustratioun
  1. ©SIP / Emmanuel Claude

    De Grand-Duc an d'Grande-Duchesse beim Accueil vum Minister Jean Asselborn

  2. ©SIP / Emmanuel Claude

    De Grand-Duc an d'Grande-Duchesse beim Accueil vun de Ministere Corinne Cahen a Jean Asselborn

  3. ©SIP / Emmanuel Claude

    De Grand-Duc an d'Grande-Duchesse beim Accueil vun de Ministere Jean Asselborn, Corinne Cahen a Franz Fayot

  4. ©SIP / Emmanuel Claude

    De Grand-Duc an d'Grande-Duchesse beim Accueil vun de Ministere Yuriko Backes, Franz Fayot, Corinne Cahen a Jean Asselborn

  5. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    (vu l. no r.) Franz Fayot, Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten, Wirtschaftsminister; Yuriko Backes, Finanzministesch; Jean Asselborn, Aussen- an Europaminister, Minister fir Immigratioun an Asyl; Corinne Cahen, Ministesch fir Famill an Integratioun

  6. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    De Grand-Duc an d'Grande-Duchesse verabschide sech vun de Lëtzebuerger an auslännesche Perséinlechkeeten

  7. ©SIP / Emmanuel Claude

    De Grand-Duc an d'Grande-Duchesse verabschide sech vun de Lëtzebuerger an auslännesche Perséinlechkeeten

    De Grand-Duc an d'Grande-Duchesse verabschide sech vun de Lëtzebuerger an auslännesche Perséinlechkeeten

  8. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    Offiziell Abschid-Zeremonie - Nationalhymn

  9. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    Offiziell Abschid-Zeremonie - Nationalhymn

    Offiziell Abschid-Zeremonie - Nationalhymn

  10. ©SIP / Emmanuel Claude

    Offiziell Abschid-Zeremonie - Depart vum Grand-Duc a vun der Grande-Duchesse

  11. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    Arrivée vum Grand-Duc a vun der Grande-Duchesse zu LIssabon

  12. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    Arrivée vum Grand-Duc a vun der Grande-Duchesse zu LIssabon - Presentatioun vun den Delegatiounen

  13. ©SIP / Emmanuel Claude

    Arrivée vun de Ministeren Yuriko Backes a Franz Fayot zu Lissabon

  14. ©SIP / Emmanuel Claude

    Arrivée vum Minister Jean Asselborn zu Lissabon

  15. ©SIP / Emmanuel Claude

    Arrivée vun de Ministerinnen Yuriko Backes a Corinne Cahen zu Lissabon

  16. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    11.05. - (vu l. op r.) D'Grande-Duchesse; De Grand-Duc; Marcelo Rebelo de Sousa, President vun der portugisescher Republik

  17. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    11.05. - (vu l. op r.) De Grand-Duc; Marcelo Rebelo de Sousa, President vun der portugisescher Republik; D'Grande-Duchesse

  18. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    11.05. - (1. Rei vun l. op. r.) Paul Dühr, Maréchal de la Cour; Yuriko Backes, Finanzministesch; Franz Fayot, Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten, Wirtschaftsminister; Corinne Cahen, Ministesch fir Famill an Integratioun; Marcelo Rebelo de Sousa, President vun der portugisescher Republik; Jean Asselborn, Aussen- an Europaminister; Francisco André, Staatssekretär fir auswäerteg Ugeleeënheeten a Kooperatioun vun der portugisescher Republik; n.c.

  19. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    11.05. - (vu l. op r.) Marcelo Rebelo de Sousa, President vun der portugisescher Republik; De Grand-Duc

  20. ©SIP / Emmanuel Claude

    11.05. - Praça do Império - Offiziell Begréissungszeremonie - offiziell Tribün

  21. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    11.05. - (vu l. op r.) De Grand-Duc; Marcelo Rebelo de Sousa, President vun der portugisescher Republik; D'Grande-Duchesse

    11.05. - (vu l. op r.) De Grand-Duc; Marcelo Rebelo de Sousa, President vun der portugisescher Republik; D'Grande-Duchesse

  22. ©SIP / Emmanuel Claude

    11.05. - Parad vun der Éieregarde virun der offizieller Tribün

  23. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    11.05 - Nidderleeë vun engem Kranz duerch déi groussherzoglech Koppel virum Graf vum portugisesche Poet Luís Vaz de Camões

  24. ©SIP / Emmanuel Claude

    11.05 - Nidderleeë vun engem Kranz duerch déi groussherzoglech Koppel virum Graf vum portugisesche Poet Luís Vaz de Camões

    11.05 - Nidderleeë vun engem Kranz duerch déi groussherzoglech Koppel virum Graf vum portugisesche Poet Luís Vaz de Camões

  25. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    11.05 - Sainte-Marie Kierch - Visitt vum Klouschter

  26. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    11.05 - Trajet vun der groussherzoglecher Koppel bei de Palais vu Belém, ënner Begleedung vun der republikanescher Nationalgarde zu Päerd

  27. ©SIP / Emmanuel Claude

    11.05 - Palais vu Belém - Empfang vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse duerch de Marcelo Rebelo de Sousa, President vun der portugisescher Republik

  28. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    11.05 - (vu l. op r.) De Grand-Duc; Marcelo Rebelo de Sousa, President vun der portugisescher Republik; D'Grande-Duchesse

  29. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    Ënnerschreiwe vum gëllene Buch

    Ënnerschreiwe vum gëllene Buch

  30. ©SIP / Emmanuel Claude

    11.05 - Palais vu Belém - Presentatioun vun der Lëtzebuerger Delegatioun

  31. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    11.05 - Treffen tëschent der groussherzoglecher Koppel an dem Marcelo Rebelo de Sousa, President vun der portugisescher Republik

  32. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    (vu l. op r.) Marcelo Rebelo de Sousa, President vun der portugisescher Republik; D'Grande-Duchesse; De Grand-Duc

  33. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    11.05 - Erweidert Aarbechtstreffe mat den Delegatiounen

  34. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    11.05 - Deklaratioun un d'Presse vu béide Staatscheffen

  35. ©MIFA

    11.05. - Isabel Almeida Rodrigues, Staatssekretärin fir Gläichberechtegung a Migratioun; Corinne Cahen, Ministesch fir Famill an Integratioun

  36. ©MIFA

    11.05. - (vu l. op r.) Corinne Cahen, Ministesch fir Famill an Integratioun; Ana Sofia Antunes, Staatssekretärin fir Inklusioun

  37. ©MIFA

    11.05. - (vu l. op r.) Ana Mendes Godinho, Ministesch fir Aarbecht, Solidaritéit a sozial Sécherheet; Corinne Cahen, Ministesch fir Famill an Integratioun

  38. ©MECO

    11.05. - (vu l. op r.) Francisco André, Staatssekretär fir auswäerteg Ugeleeënheeten an Zesummenaarbecht; Franz Fayot, Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten, Wirtschaftsminister

  39. ©MFIN

    11.05. - (vu l. op r.) Yuriko Backes, Finanzministesch; Fernando Medina, Finanzminister vu Portugal

  40. ©SIP / Emmanuel Claude

    11.05. - Märei vu Lissabon - Empfang vum Grand-Duc a vun der Grande-Duchesse duerch de Lissabonner Buergermeeschter, Carlos Moedas

  41. ©SIP / Emmanuel Claude

    11.05. - (vu l. op r.) Jean Asselborn, Aussen- an Europaminister; Corinne Cahen, Ministesch fir Famill an Integratioun; Franz Fayot, Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten, Wirtschaftsminister, Yuriko Backes, Finanzministesch

  42. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    11.05. - Märei vu Lissabon - Revue vun den Truppen

  43. ©SIP / Emmanuel Claude

    11.05. - Usprooch vum Lissabonner Buergermeeschter, Carlos Moedas

  44. ©SIP / Emmanuel Claude

    11.05. - Usprooch vum Lissabonner Buergermeeschter, Carlos Moedas

    11.05. - Usprooch vum Lissabonner Buergermeeschter, Carlos Moedas

  45. ©SIP / Emmanuel Claude

    11.05. - Zeremonie fir d'Schlëssiwwergab vun der Stad Lissabon un de Grand-Duc

  46. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    11.05. - Märei vu Lissabon - Usprooch vum Grand-Duc

  47. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    11.05. - Märei vu Lissabon - Musikaleschen Interlude - Kuerz Fado-Opféierung

  48. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    11.05. - Märei vu Lissabon - Musikaleschen Interlude - Kuerz Fado-Opféierung

    11.05. - Märei vu Lissabon - Musikaleschen Interlude - Kuerz Fado-Opféierung

  49. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    11.05. - Fousswee bis op d'Praça do Comércio

  50. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    11.05. - Visitt mam Tram vum historeschen Deel vu Lissabon - Illustratioun

  51. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    11.05. - (vu l. op r.) D'Grande-Duchesse;  Marcelo Rebelo de Sousa, President vun der portugisescher Republik; de Grand-Duc;

  52. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    11.05. - (vu l. op r.) Marcelo Rebelo de Sousa, President vun der portugisescher Republik, d'Grande-Duchesse, de Grand-Duc

  53. ©SIP / Emmanuel Claude

    11.05. - Briefing vun de Minister fir d'Vertrieder vun de Medien

  54. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    11.05. - Palais vun Ajuda - Gala-Iessen - Empfang vum Grand-Duc a vun der Grande-Duchesse duerch de President vun der portugisescher Republik, Marcelo Rebelo Sousa

  55. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    11.05. - Palais vun Ajuda - Gala-Iessen - Offiziell Foto

  56. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    11.05. - Palais vun Ajuda - Gala-Iessen - Trounsall - Receiving line: Presentatioun vun de Gäscht bei der groussherzoglecher Koppel a beim President vun der portugisescher Republik

  57. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

  58. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

  59. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

  60. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    11.05. - Palais vun Ajuda - Gala-Iessen - Nationalhymnen

  61. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    11.05. - Palais vun Ajuda - Gala-Iessen - Ried vum President vun der portugisescher Republik

  62. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    11.05. - Palais vun Ajuda - Gala-Iessen - Toast

  63. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    11.05. - Palais vun Ajuda - Gala-Iessen - Usprooch vum Grand-Duc

  64. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    12.05. - Briefing fir Lëtzebuerger Medievertrieder

  65. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    12.05. - Fondatioun Champalimaud - Empfang - (vu l. op r.) Leonor Beleza, Presidentin vun der Fondatioun Champalimaud; Grand-Duc; Grande-Duchesse; João Silveira Botelho, Vize-President vun der Fondatioun Champalimaud

  66. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    12.05. - Fondatioun Champalimaud - Offiziell Foto - (vu l. op r.) Grande-Duchesse; Grand-Duc; Leonor Beleza, Presidentin vun der Fondatioun Champalimaud

  67. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    12.05. Fondatioun Champalimaud - Visitt vum onkologesche Fuerschungs- an Traitementzenter - (vu l. op r.) Grand-Duc; Grand-Duchesse; Leonor Beleza, Presidentin vun der Fondatioun Champalimaud

  68. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    12.05. - Parlament vun der Republik - Accueil - (vu r. op l.) Augusto Santos Silva, President vun der parlamentarescher Versammlung vun der portugisescher Republik; n.b.; n.b.; Grand-Duc; Grande-Duchesse

  69. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    12.05. - Parlament vun der Republik - Nationalhymnen

  70. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    12.05. - Parlament vun der Republik - Revue vun den Truppen

  71. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    12.05. -  Parlament vun der Republik - Salon noble - Ënnerschreiwe vum gëllene Buch

  72. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    12.05. - Parlament vun der Republik - Balkon - (vu l. op r.) Grande-Duchesse; Augusto Santos Silva, President vum Parlament vun der portugisescher Republik; Grand-Duc

  73. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    12.05. - Parlament vun der Republik - Visittesalon - Treffe mam President an de Membere vum Parlament

  74. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    12.05. - Parlament vun der Republik - Plenarsall - Offiziell Foto - (vu l. op r.) Grand-Duc; Augusto Santos Silva, President vum portugisesche Parlament; Grande-Duchesse

  75. ©SIP / Emmanuel Claude

    12.05. - Sektorielle Seminar: "Digital Economy of Tomorrow"

  76. ©SIP / Emmanuel Claude

    12.05. - Sektorielle Seminar: "Sustainable Construction Forum"

  77. ©SIP / Emmanuel Claude

    12.05. - Sektorielle Seminar: "Space"

    12.05. - Sektorielle Seminar: "Space"

  78. ©SIP / Emmanuel Claude

    12.05. - Sektorielle Seminar: "Tourism / Business Events"

  79. ©SIP / Emmanuel Claude

    12-05. -  Forum économique Portugal-Luxembourg - Cloture - 12.05. - Forum économique Portugal-Luxembourg - Cloture - Empfang vum President vun der portugisescher Republik, Marcelo Rebelo de Sousa, vum Grand-Duca a vun der Grande-Duchesse

  80. ©SIP / Emmanuel Claude

    12-05. Forum économique Portugal-Luxembourg - Cloture

  81. ©SIP / Emmanuel Claude

    12.05. - Forum économique Portugal-Luxembourg - Usprooch vum Grand-Duc

  82. ©SIP / Emmanuel Claude

    12.05. - Forum économique Portugal-Luxembourg - Usprooch vum President vun der portugisescher Republik, Marcelo Rebelo de Sousa

  83. ©SIP / Emmanuel Claude

    12.05. - Forum économique Portugal-Luxembourg - Usprooch vum Wirtschaftsminister, Franz Fayot

  84. ©SIP / Emmanuel Claude

    12-05. - Forum économique Portugal-Luxembourg - Cloture - Usprooch vun der Finanzministesch, Yuriko Backes

  85. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    12.05. - São Bento Mansion - Offiziell Residenz vum Premier Minister - Empfang vun der groussherzoglecher Koppel duerch de Premier Minister vun der portugisescher Republik, Antonio Costa

  86. ©MAEE

    12.05 - (v.l.n.r.) Jean Asselborn, Aussen- an Europaminister; João Gomes Cravinho, Ausseminister vu Portugal

  87. ©MAEE

    12.05 - (vu l. op r.) Jean Asselborn, Aussen- an Europaminister; Tiago Antunes, Staatssekretär fir europäesch Ugeleeënheeten

  88. ©MAEE

    12.05. - (vu l. op r.) Jean Asselborn, Aussen- an Europaminister; Augusto Santos Silva, President vum Parlament vun der Republik

  89. ©MIFI

    (de g. à dr.) Yuriko Backes, ministre des Finances; Fernando Medina, ministre des Finances du Portugal

  90. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    12.05 - Visite guidée vun der Expo "Portugal et Luxembourg – pays d'espoir en temps de détresse" - Empfang - (vu l. op r.) Carlos Carreiras, Buergermeeschter vu Cascais; de Grand-Duc; Corinne Cahen, Ministesch fir Famill an Integratioun

  91. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    12.05 - Visite guidée vun der Expo "Portugal et Luxembourg – pays d'espoir en temps de détresse" - Empfang - (vu l. op r.) François Baldassare, Kënschtler, Canopée a.s.b.l; Margarida de Magalhães Ramalho, portugisesch Historikerin; Professer Salvato Telles de Menezes, President vun der Fondatioun Dom Luís; de Grand-Duc;

  92. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    12.05 - Visite guidée vun der Expo "Portugal et Luxembourg – pays d'espoir en temps de détresse" - Empfang - (vu l. op r.) Luisa Pacheco Marques, Architektin a Kuratorin vun der Expo; Claude Marx, Kurator, Kommitee MemoShoah Luxembourg, de Grand-Duc; d’Grande-Duchesse

  93. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    Visite guidée vun der Expo "Portugal et Luxembourg – pays d'espoir en temps de détresse" - Diskussioun mat de Gäscht

  94. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    Visite guidée vun der Expo "Portugal et Luxembourg – pays d'espoir en temps de détresse" - Diskussioun mat de Gäscht

    Visite guidée vun der Expo "Portugal et Luxembourg – pays d'espoir en temps de détresse" - Diskussioun mat de Gäscht

  95. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    12.05. - Casa de Santa Maria – Kranznéierleeung viru der Büst vun der Grand-Duchesse Charlotte  - (vu l. op r.) Carlos Carreiras, Buergermeeschter vu Cascais ; Corinne Cahen, Ministesch fir Famill an Integratioun; d’Grande-Duchesse; de Grand-Duc

  96. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    12.05. - Casa de Santa Maria – Kranznéierleeung viru der Büst vun der Grand-Duchesse Charlotte

  97. ©SIP / Emmanuel Claude

    12.05. - Universitéit NOVA vu Lissabon - De Grand-Duc kritt eng honoris causa Auszeechnung iwwerreecht - Empfang vum Grand-Duc a vun der Grande-Duchesse - (vu l. op r.) Grand-Duc; Marcelo Rebelo de Sousa, President vun der portugisescher Republik

  98. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    12.05. - Universitéit NOVA vu Lissabon - De Grand-Duc kritt eng honoris causa Auszeechnung iwwerreecht - Empfang vum Grand-Duc a vun der Grande-Duchesse

  99. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    12.05. - Universitéit NOVA vu Lissabon - De Grand-Duc kritt eng honoris causa Auszeechnung iwwerreecht - Cortege vum akademesche Personal

  100. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    12.05. - Universitéit NOVA vu Lissabon - De Grand-Duc kritt eng honoris causa Auszeechnung iwwerreecht - Erëffnungs-Usprooch vun der stellvertriedender Vize-Dekanin fir institutionnell Bezéiungen a sozial Inklusioun, Universitéit NOVA, Ana Santos Pinto

  101. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    12.05. - Universitéit NOVA vu Lissabon - De Grand-Duc kritt eng honoris causa Auszeechnung iwwerreecht -Iwwerreechung vun der Medaille a vum Dokterdiplom honoris causa un de Grand-Duc vum Direkter vun der NOVA Universitéit

  102. ©SIP / Emmanuel Claude

    12.05. - Universitéit NOVA vu Lissabon - De Grand-Duc kritt eng honoris causa Auszeechnung iwwerreecht - Usprooch vum Laureat, dem Grand-Duc

  103. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    12.05. - Universitéit NOVA vu Lissabon - De Grand-Duc kritt eng honoris causa Auszeechnung iwwerreecht - Empfang

  104. ©SIP / Emmanuel Claude

    12.05. - Dinner-Receptioun offréiert vu Lëtzebuerg - Arrivée vum Grand-Duc a vun der Grande-Duchesse

  105. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    12.05. - Dinner-Receptioun offréiert vu Lëtzebuerg - Offiziell Foto - (vu l. op r.) Grand-Duc; Marcelo Rebelo de Sousa, President vun der portugisescher Republik; Grande-Duchesse

  106. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    12.05. - Dinner-Receptioun offréiert vu Lëtzebuerg - Treffe vun der groussherzoglecher Koppel mam President vun dr portugisescher Republik, Marcelo Rebelo de Sousa - (vu l. op r.) Marcelo Rebelo de Sousa, President vun der portugisescher Republik; d'Grande-Duchesse; de Grand-Duc

  107. ©MFIN

    12.05. - Visitt vum Fintech House Lisboa zesumme mam Luxembourg House of Financial Technology (LHoFT) a Presenz vun der Yuriko Backes, Finanzministesch

  108. ©MFIN

    12.05. - (vu l. op r.) Mariana Gorjão Henriques, Head of Fintech House; João Freire de Andrade, President Portugal Fintech; Nasir Zubairi, CEO LHoFT; Yuriko Backes, Finanzministesch

  109. ©MFIN

    12.05. - Visitt vum Fintech House Lisboa zesumme mam Luxembourg House of Financial Technology (LHoFT) a Presenz vun der Yuriko Backes, Finanzministesch

    12.05. - Visitt vum Fintech House Lisboa zesumme mam Luxembourg House of Financial Technology (LHoFT) a Presenz vun der Yuriko Backes, Finanzministesch

  110. ©SIP / Emmanuel Claude

    13.05. - Militärfluchhafen Lissabon - Depart vum Grand-Duc

  111. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    13.05. - Fluchhafen Lëtzebuerg - Empfang vum Grand-Duc - (vu l. op r.) Lex Delles, Minister fir Mëttelstand, Minister fir Tourismus; Grand-Duc; Fernand Etgen, President vun der Chamber; Corinne Cahen, Ministesch fir Famill an Integratioun

  112. ©SIP / Emmanuel Claude

    13.05. - Fluchhafen Lëtzebuerg - Haie d'honneur - (vu l. op r.) Fernand Etgen, President vun der Chamber; Grand-Duc; Corinne Cahen, Ministesch fir Famill an Integratioun; Franz Fayot, Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten, Wirtschaftsminister

Am Kader vun dëser Staatsvisitt, gouf déi groussherzoglech Koppel vun enger wichteger wirtschaftlecher Delegatioun begleet, déi aus Representantë vun zukunftsorientéierte Beräicher aus der Lëtzebuerger Wirtschaft zesummegesat ass: digital Wirtschaft, Weltraum, nohalteg Konstruktioun, Tourismus, Finanzservicer an nohalteg Finanzen, esou wéi Representantë aus verschidde kulturellen Institutiounen.

Et sief dorun erënnert, dass de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse am September 2010 schonn eemol fir eng éischt Staatsvisitt a Portugal waren. Dës zweet Staatsvisitt - absolutt aussergewéinlech aus enger protokollarescher Siicht - ass en Zeeche vun den excellente bilaterale Relatiounen, déi tëschent Portugal a Lëtzebuerg bestinn.

Mëttwoch, den 11. Mee 2022

Zu Lissabon, gouf déi groussherzoglech Koppel offiziell vum portugisesche President, Marcelo Rebelo de Sousa, op der Praça do Império empfaangen, eng national Plaz mat grousser Symbolik, déi 1940 am Kontext vun der Expo vun der portugisescher Welt geschafe gouf, fir den 800 Joer Onofhängegkeet vu Portugal ze gedenken. No de militäreschen Éierungen an der Interpretatioun vun den Nationalhymnen, huet de Lëtzebuerger Staatschef d'Garde Revue passéiere gelooss. Dono sinn de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse, a Begleedung vun der ministerieller Delegatioun, an d'Kierch Sainte-Marie am Klouschter vun de Hieronymite gaangen, fir e Blummekranz virum Grafstee vum Luís Vaz de Camões, dem bekanntste Poet aus Portugal, nidderzeleeën. Um Programm stoung dann och nach eng Visitt vun der Kierch a vum Klouschtergaart vum Klouschter vun de Hieronymiten, Symbol vu Lissabon an Zeie vum Räichtum vun de portugiseschen Entdeckungen uechter d'Welt. Dëst a Begleeedung vun der Direktesch, Dalila Rodrigues, a vum Kanoniker José Manuel Dos Santos Ferreira, Paschtouer vun der Kierch Sainte-Marie vu Belém.

Begleet vun der republikanescher Nationalgarde zu Päerd, goufen de Staatschef a seng Fra an de Palais vu Belém gefouert, déi offiziell Residenz vum President vun der portugisescher Republik. Hei goufen de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse offiziell vum Marcelo Rebelo de Sousa empfaangen. No dësem Empfang, huet en Treffen tëschent der groussherzoglecher Koppel an dem President vun der Republik stattfonnt. No dësem Treffen, hunn déi zwee Staatscheffen un enger Reunioun mat de Ministere Jean Asselborn, Corinne Cahen, Franz Fayot a Yuriko Backes deelgeholl. Op der Dagesuerdnung stoungen Themen am Zesummenhang mat de bilaterale Relatiounen an de groussen Dossieren aus der politescher a wirtschaftlecher Aktualitéit an Europa. No der Reunioun war e privat Iesse vun der groussherzoglecher Koppel mam President vun der portugisescher Republik.

De Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten, Franz Fayot, hat sengersäits en Aarbechtsiesse mam portugisesche Staatssekretär fir auswäerteg Ugeleeënheeten a Kooperatioun, Francisco André. Am Mëttelpunkt stoungen hei europäesch Aktualitéits-Themen an déi bilateral Relatiounen am Beräich vun der Entwécklungszesummenaarbecht.

D'Corinne Cahen, Ministesch fir Famill an Integratioun, huet un engem Iesse mat der portugisescher Staatssekretärin fir d'Inklusioun vu Persoune mat enger Behënnerung, d'Ana Sofia Antunes, esou wéi mat der portugisescher Ministesch fir Aarbecht, Solidaritéit a sozial Sécherheet, der Ana Mendes Godinho, deelgeholl. An dësem Austausch stoungen haaptsächlech déi Lëtzebuerger a portugisesch Accessibilitéitspolitik am Mëttelpunkt. D'Ministesch Corinne Cahen huet ausserdeem déi portugisesch Staatssekretärin fir Gläichberechtegung a Migratioun, d'Isabel Almeida Rodrigues, getraff. Zu den Haaptsujeten, hunn hei déi vill Erausfuerderungen, déi d'Migratioun allgemeng mat sech bréngt, d'Situatioun an der Ukrain, an d'Situatioun vun den ukrainesche Flüchtlingen a Portugal gezielt. 

Donneschdeg, den 12. Mee 2022

Am Virmëtteg, goufen de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse, zesumme mat der Ministesch fir Famill an Integratioun, Corinne Cahen, an der Fondatioun Champalimaud empfaangen, fir eng Visitt a Presenz vun der Presidentin vun der Stëftung, Leonor Balzar, an dem Vize-President, João Silveira Botelho. Dëse private Fuerschungszenter fir Biomedezin mat Sëtz zu Lissabon, promovéiert déi wëssenschaftlech biomedezinesch Fuerschung, besonnesch am Beräich vun der Kriibsfuerschung a vun den Neurowëssenschaften.

Den Aussen- an Europaminister, Jean Asselborn, hat e bilateraalt Gespréich mat sengem Homolog, dem Ausseminister vu Portugal, João Gomes Cravinho, an dem Staatssekretär fir europäesch Ugeleeënheeten, Tiago Antunes. Et handelt sech heibäi em dem Minister Asselborn seng éischt Entrevue mat sengen neie Kolleegen, säit dem Ufank vun hirer Amtszäit am Mäerz. Nodeems déi historesch an enk Bezéiunge vun deenen zwee Länner ervirgestrach goufen, hunn d'Ministeren Asselborn a Cravinho an de Staatssekretär Antunes sech iwwert d'Méiglechkeeten ënnerhalen, fir dës Bezéiungen an Zukunft nach weider ze stäerken, besonnesch am wirtschaftleche Beräich.

Op der Dagesuerdnung stoungen niewent de bilaterale Relatiounen, och d'Haaptsujete vun der europäescher an internationaler Aktualitéit, wéi de Krich an der Ukrain, d'Sanktioune géint Russland, d'Froe ronderëm d'Energieversuergung, d'Konferenz iwwert d'Zukunft vun Europa oder nach d'Migratioun. An dësem Kontext konnte grouss Gemeinsamkeeten tëschent Lëtzebuerg a Portugal a vill Beräicher nach eemol bestätegt ginn. 

Dono waren déi groussherzoglech Koppel zesumme mat de Ministere Jean Asselborn, Corinne Cahen, Franz Fayot a Yuriko Backes, an de Palais vu São Bento, dem Sëtz vum portugisesche Parlament, wou si vum President vun der parlamentarescher Versammlung, dem Augusto Santos Silva, empfaange ginn. Nom offiziellen Empfang mat militäreschen Éierungen an der Revue vun der Éieregarde, huet eng erweidert Reunioun mam President an den Deputéierte vun der parlamentarescher Versammlung stattfonnt.

De Forum économique Portugal-Luxembourg an déi multisektoriell Seminairen, déi vun der Lëtzebuerger Chambre de commerce an der portugisescher Agence fir Investissementer a Baussenhandel (AICEP) organiséiert ginn, stoungen am Mëttelpunkt vum zweeten Dag vun der Staatsvisitt. Dës Seminairen, déi sech ëm déi grouss zukunftsorientéiert Themen artikuléieren, wéi digital Wirtschaft, Weltaum, nohalteg Konstruktioun an Tourismus, hunn als Zil déi wirtschaftlech Relatiounen tëschent deenen zwee Länner ze stäerken, andeems engersäits Lëtzebuerger Entreprisë promovéiert ginn, déi versichen um portugisesche Marché Fouss ze faassen, an anersäits andeems nei Bezéiunge mat portugisesche Betriber opgebaut ginn. Souwuel déi groussherzoglech Koppel, wéi och de President vun der portugisescher Republik, hunn dëse Forum besicht. De Grand-Duc an de Marcelo Rebelo de Sousa hunn an dësem Zesummenhang d'Ofschlossriede vum Seminaire halen. Duerno koumen d'Interventioune vum Wirtschaftsminister Franz Fayot, der Finanzministesch Yuriko Backes, dem President vun der Chambre de commerce Luc Frieden, an dem President vun der AICEP, Luís Castro Henriques.

De Grand-Duc an d'Grande-Duchesse, zesumme mat der Ministesch fir Famill an Integratioun, Corinne Cahen, goufen duerno fir e Mëttegiessen an der offizieller Residenz vum Premier Minister vun der portugisescher Republik, an der São Bento Mansion, empfaangen. Dëst Iesse gouf vum portugisesche Premier, dem António Costa, offréiert.

De Wirtschaftsminister Franz Fayot gouf sengersäits vu sengem Homolog dem António Costa Silva fir en Aarbechtsiessen empfaangen, wärend d'Finanzministesch Yuriko Backes d'Ofschlossried vun engem wichtege Seminaire gehalen huet, dee vu Luxembourg for Finance organiséiert gouf.

Am Nomëtteg ass déi groussherzoglech Koppel zesumme mat der Ministesch Corinne Cahen op Cascais gereest, wou si vum President vun der portugisescher Republik, Marcelo Rebelo de Sousa, an dem Buergermeeschter vu Cascais, Carlos Carreiras, empfaange goufen.

Um Programm stoungen hei ë. a. eng Visite guidée vun der Expo "Portugal et Luxembourg – pays d'espoir en temps de détresse". Dës Expo retracéiert engersäits déi gemeinsam Linne vum Zweete Weltkrich fir déi portugisesch a lëtzebuergesch Bevëlkerung aus enger Perspektiv vu géigesäiteger Solidaritéit. Anersäits gëtt se och eng zäitgenëssesch Approche, déi et erméiglecht, den Impakt vun der portugisescher Immigratioun op déi physesch a sozial Landschaft vu Lëtzebuerg, souwéi d'Diversitéit an d'Stäerkt vun de Bezéiungen, ze verstoen, déi säit méi wéi engem hallwe Joerhonnert tëschent deenen zwee Länner bestinn. D'Visitt huet sech a Presenz vun de Kommissäre vun der Expositioun, der Margarida De Magalhães Ramalho a Luisa Pacheco, esou wéi vun de Kënschtler gemaach, déi zum Succès vun dësem wichtege Projet bäigedroen hunn, deen déi déif bilateral Relatiounen ervirhieft, déi d'Geschicht vu béide Länner zeechnen.

Duerno goung et weider an d'Casa Santa Maria, wou an der Zäit déi groussherzoglech Famill empfaange gouf. No der däitscher Invasioun, huet d'Grande-Duchesse Charlotte am Juni 1940, virun hirem Exil op London, tatsächlech wärend e puer Woche mam Prënz Felix an hire sechs Kanner zu Cascais gewunnt, esou wéi verschidde Membere vun der Regierung. A Presenz vun der Ministesch Corinne Cahen, deposéiert déi groussherzoglech Koppel e Blummekranz bei der Büste vun der Grande-Duchesse Charlotte, déi 2010 vun der groussherzoglecher Koppel bei hirer leschter Staatsvisitt u Portugal offréiert gouf.

Zesumme mat de Ministere Corinne Cahen, Franz Fayot a Yuriko Backes, gouf déi groussherzoglech Koppel duerno vum President vun der portugisescher Republik, Marcelo Rebelo de Sousa, an dem Direkter vun der Uni, João Sàágua, um Campus Campolide vun der Universidade NOVA de Lisboa empfaangen. An dësem Zesummenhang, krut de Lëtzebuerger Staatschef bei enger akadeemescher Zeremonie den Titel vum Dokter honoris causa decernéiert. D'Usprooch gouf vun der Vize-Dekanin adjointe fir international Bezéiungen an Inklusioun vun der Universitéit, der Ana Santos Pinto gehalen. Duerno huet de Grand-Duc als Laureat eng Ried gehalen, an um Schluss den Direkter vun der Uni.

Um Programm vun der Finanzministesch Yuriko Backes, stoung dann nach eng Visitt vum Fintech House Lisboa, organiséiert vun der Luxembourg House of Financial Technology (LHOFT). D'Fintech House Lisboa ass dee gréissten Zentrum fir Fintech, Insurtech, Regtech a Cybersécherheet a Portugal, an erméiglecht esou en Zougank zu Talenter, Kapital, Partner oder potentiell Clienten, an eng direkt Verbindung zu de Reguléierungsinstitutionen.

Um Ofschloss vun der Staatsvisitt huet dann eng Owesreceptioun am Sud Lisboa stattfonnt, déi de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse zu Éiere vum President vun der portugisescher Republik offréiert hunn.

Communiqué vum Informatiouns- a Pressedéngscht vun der Regierung

Aktualiséiert