All d'Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 1111 Resultater
  1. D'Energieprimm fir Stéit mat geréngem Akommes, déi d'Ministesch fir Famill an Integratioun Corinne Cahen proposéiert, ass Deel vun engem Moossnamepak, deen déi Stéit ënnerstëtzte soll, déi am stäerkste vun der Präisdeierecht betraff sinn. Dës Energieprimm, déi bei der Pressekonferenz vum 28. Februar 2022 presentéiert gouf, ass den 18. Mäerz 2022 vum Regierungsrot approuvéiert ginn.

  2. De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel huet haut decidéiert, dass d'Ufro fir d'Duerchféiere vun engem Referendum iwwer déi proposéiert Revisioun vum Kapitel II vun der Verfassung, déi vum Initiativkommitee presentéiert gouf an de 17. Mäerz 2022 entgéintgeholl gouf, akzeptéiert gëtt, well dës de Bedéngunge vum ofgeännerte Gesetz vum 4. Februar 2005 entsprécht.

  3. Opgrond vun de Militäroperatiounen déi Russland géint d'Ukraine ageleet huet, réit d'Lëtzebuerger Regierung senge Staatsbierger dréngend vu Reesen a Russland of.

  4. Am Kontext vum Spring Break erënnert de Konsumenteschutzministère dorunner, dass d'Exposanten de Präis vu Produiten an Déngschtleeschtung vu Produiten a Servicer mussen an Euro, mat allen Taxen, um Produit selwer ubréngen oder no dobäi, esou dass d'Konsumenten en erkennen a liese kënnen.

  5. Den 8. Mäerz 2022 gouf op enger Pressekonferenz vun der FEDIL, a Präsenz vum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, a vum Minister fir Aarbecht a Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft, Georges Engel, d’Editioun 2022 vun der Etude Les qualifications de demain dans le domaine des technologies de l'information et de la communication (TIC) virgestallt.

  1. Éischt Säit
  2. ...
  3. 29
  4. 30
  5. 31
  6. 32
  7. 33
  8. ...
  9. Lescht Säit