De François Bausch huet un der Verdeedegungsformatioun vum Rot fir auswäerteg Ugeleeënheeten deelgeholl

De Vizepremierminister, Verdeedegungsminister, François Bausch, huet de 17. Mee 2022 zu Bréissel un der Verdeedegungsformatioun (Conseil des affaires étrangères, CAE) vum Rot fir auswäerteg Ugeleeënheeten deelgeholl. Am Fokus vun den Diskussioune stoungen ë. a. de strateegesche Kompass vun der Europäescher Unioun, d'Sécherheetslag am Mali an déi russesch Aggressioun géint d'Ukrain.

©MAEE (vu l. op r.) Artis Pabriks, Vizepremierminister, Verdeedegungsminister vun der Republik Lettland; Morten Bødskov, Verdeedegungsminister vum Kinnekräich Dänemark; François Bausch, Vizepremierminister, Verdeedegungsminister
(vu l. op r.) Artis Pabriks, Vizepremierminister, Verdeedegungsminister vun der Republik Lettland; Morten Bødskov, Verdeedegungsminister vum Kinnekräich Dänemark; François Bausch, Vizepremierminister, Verdeedegungsminister

De Rot huet mat Debatten iwwert Aktualitéitsthemen ugefaangen, besonnesch d'Situatioun am Mali. D'Verdeedegungsministeren hunn iwwert d'EU Training Mission (EUTM) am Mali an den zukünftegen Engagement vun der EU an der Regioun diskutéiert. "Lëtzebuerg huet decidéiert, seng Bedeelegung un dëser Missioun bis Enn 2022 weiderzeféieren, ouni d'Truppen zeréckzezéien, virun allem wéinst hirer wichteger Schutzfunktioun", huet de François Bausch a senger Usprooch preziséiert. "Gläichzäiteg ass et ëmmer méi schwiereg d'Missioun ze rechtfäerdegen, besonnesch well ech kee kloert Zil méi erkennen. Dofir musse mir eng nei Definitioun vum Mandat an dëser Regioun ausschaffen."

Uschléissend hunn d'EU-Verdeedegungsministeren iwwert d'Ëmsetzung vum strateegesche Kompass diskutéiert, woubäi de Schwéierpunkt op der Effikassitéit vun den zukünftege Missiounen an Asätz am Kader vun der gemeinsamer Sécherheets- a Verdeedegungspolitik (politique de sécurité et de défense commune, PSDC) louch. Fir seng Positioun als globalen Acteur am Beräich vun der Sécherheet an der Verdeedegung ze stäerken, muss d'EU seng PSDC Missiounen an Asätz weiderentwéckelen. An dësem Kontext, hunn d'Ministeren nach iwwert d'Wichtegkeet vu weidere Facteuren diskutéiert:

  • d'Zouloossung vun exekutiven Tâchen, déi d'Flexibilitéit an de Missiounen an d'Kontroll iwwert déi ausgebilt Truppe fërderen;
  • de Konzept vun enger preventiver PSDC a relativ stabele Regiounen, fir d'Entsteeung vu Konflikter ze verhënneren;
  • d'Erweiderung vun de gemeinsame Käschten zugonschte vun engem Opbau vun den Truppen.

De Minister François Bausch huet ofschléissend erkläert: "Mir hu Lacunnen identifizéiert am Zesummenhang mat der Flexibilitéit vun de PSDC Missiounen an Asätz, dem Truppenopbau an der finanzieller Solidaritéit, souwéi mat de Limitte vun der Ausrëschtung, déi mir den ausgebilten Truppen zur Verfügung stelle kënnen. De strateegesche Kompass gëtt eis de Kader an d'Moyene fir dës Lacunnen ze fëllen. Dofir begréisst Lëtzebuerg d'Propositioune vum "Service européen d'action extérieure sur l'efficacité des missions militaires", un déi mir eis uschléisse kënnen."

Am Nomëtteg, am Kader vun enger informeller Aarbechtsreunioun mat hirem ukraineschen Homolog, Oleksii Reznikov, an dem stellvertriedende Generalsekretär vun der NATO, Mircea Geoana, huet de Rot de Punkt iwwert d'Situatioun an der Ukrain gemaach. An dësem Kontext, huet de François Bausch erkläert: "Bis elo huet Lëtzebuerg Material a Waffen am Wäert vun 10% vum Joresbudget am Beräich vun der Verdeedegung, d.h. méi wéi 50 Milliounen Euro, geliwwert. Mir wäerten d'Ukrain weiderhin ënnerstëtzen a mussen eis gemeinsam Ustrengungen nach besser koordinéieren."

Communiqué vun der Direktioun fir Verdeedegung

Aktualiséiert