-
Aktualiséierung vun derCovidCheck.lu-App nom Akraafttrieden vum 2G+-System
Nom Akraafttrieden vum 2G+System, deen d'Regierung am Kampf géint d'Pandemie agefouert huet, ass d'CovidCheck.lu-App ugepasst ginn.
-
"Boosteren" ass dʼWuert vum Joer 2021, op Plaz zwee kommen ex aequo "CovidCheck" a "sheesh"
"Boosteren" ass dʼWuert vum Joer 2021, op Plaz zwee kommen ex aequo "CovidCheck" a "sheesh" Aner Artikelen dozou De Virus ass komm fir ze bleiwen –
-
Chrëschtusprooch 2021 vun Grand-Duc
Chrëschtusprooch vum Grand-Duc um Virowend vu Chrëschtdag.
-
COVID-19: Ongültegkeet vun de COVID-19 Antigène-Schnelltester iwwer Teleconsultatioun via Videokonferenz-Appen
Am Géigesaz zu Behaaptungen, déi den Ament op de sozialen Netwierker kurséieren, huet de Gesondheetsministère säin Accord ni ginn fir eng Validéierungs-Prozedur vu COVID-19-Antigène-Schnelltester iwwer Teleconsultatioun via Videokonferenz-Appen.
-
COVID-19-Impfung fir Kanner tëschent 5 an 11 Joer: vun elo un an 3 Impfzentere méiglech
Ab dem 23. Dezember 2021, ass et méiglech Kanner am Alter tëschent 5 an 11 Joer fräiwëlleg an engem vun den 3 Impfzenteren an der Victor Hugo Hal, zu Esch-Belval oder zu Ettelbréck impfen ze loossen.
-
Zousätzlech Hëllefe fir fräischaffend Kënschtler an Intermittents du spectacle gi bis den 28. Februar verlängert
Am Zesummenhang mat de verstäerkte Moossname fir d’Andämmung vun der COVID-19 Pandemie ginn d’zousätzlech Hëllefe fir fräischaffend Kënschtler an Intermittents du spectacle bis den 28. Februar nees aktivéiert.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 13. bis den 19. Dezember
An der Woch vum 13. bis den 19. Dezember ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 2.593 op 2.727 geklommen (+5%).
-
Pressekonferenz am Livestream iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot
De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel an d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert informéieren d'Press iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot. De Livestream fänkt géint 9:45 Auer un.
-
Communiqué vum Aussen- an Europaministère zu den temporäre Restriktiounen am Beräich vun der Awanderung
Den Aussen- an Europaministère informéiert iwwert d'Ännerung vum Reglement grand-ducal vum 2. November 2021, deen d'Lëscht vun den Impfzertifikater aus Drëttstaaten etabléiert, déi am Grand-Duché unerkannt ginn.
-
Temporär Reouverture vun engem 5. Impfzenter an der Luxexpo The Box
Nodeems d'Delaien tëschent der 1. Impfung an der "Booster"-Impfung gekierzt goufen an am Kontext vun enger méi schneller Liwwerung vun Impfstoffer, huet d'Regierung decidéiert vum 10. Januar 2022 un en temporäre 5. Impfzenter an der Luxexpo The Box (Kierchbierg) opzemaachen.
-
"Booster"- an Éischtimpfung géint COVID-19 fir Sans-abrien
No den éischten Impfaktioune fir Sans-abrien de 1. an 2. Juni 2021 an de 16., 19., an 20. Juli an de Raimlechkeete vun der "Wanteraktioun", gouf den 13. a 15. Dezember 2021 eng "Booster-" an Éischtimpfung-Campagne organiséiert.
-
COVID-19-Impfungen - Den 8. Rapport iwwert déi deklaréiert Nieweneffekter zu Lëtzebuerg korrekt interpretéieren
D'Division de la Pharmacie et des Médicaments vun der Gesondheetsdirektioun huet an direkter Zesummenaarbecht mam Centre Régional de Pharmacovigilance de Nancy den 8. Rapport iwwert déi deklaréiert Nieweneffekter a Relatioun mat de COVID-19-Impfungen zu Lëtzebuerg publizéiert.
-
Gratis Antigène-Tester fir Salariéen déi hir éischt Impfdosis kruten
Salariéen, déi hir éischt Impfdosis kruten, kënne sech ab dem 14. Januar 2022 gratis teste loossen, bis se hir 2. Impfdosis kréien. An dësem Kontext kréien déi betraffe Persounen zanter dem Donneschdeg, 16. Dezember 2021, bei hirem éischten Impf-Rendez-vous eng Serie vun 20 Coden.
-
Gesetz vum 8. Dezember 2021: Transpositioun vun den Direktiven (EU) 2019/770 an (EU) 2019/771: Schafung vun enger gesetzlecher Konformitéitsgarantie fir digital Inhalter an Déngschtleeschtungen ab dem 1. Januar 2022
Den 1. Januar 2022 trëtt d'Gesetz vum 8. Dezember 2021 a Kraaft, dat d'Direktiven (EU) 2019/770 an (EU) 2019/771 transposéiert. Dëst Gesetz moderniséiert d'gesetzlech Konformitéitsgarantie fir de Verkaf vu Wueren a féiert eng Garantie fir digital Inhalter an Déngschtleeschtungen an.
-
COVID-19-Impfung: Kierzung vum Delai fir de "Booster" op 5 Méint
Opgrond vun der aktueller epideemescher Well, de Risike vun der Omikron-Variant an de klammenden Inzidenzen bei der Hospitalisatioun vu geimpfte Persounen, an entspriechend de Recommandatioune vum Conseil supérieur des maladies infectieuses (CSMI) vum 14. Dezember, gouf am Regierungsrot vum 15. Dezember decidéiert, den Delai tëscht der leschter Impfung mam Impfstoff vu Pfizer oder Moderna an dem Impf-Rappel (Booster) vu 6 op 5 Méint ze kierzen.
- Éischt Säit
- ...
- 37
- 38
- 39
- 40
- 41
- ...
- Lescht Säit