COVID-19-Impfung: Kierzung vum Delai fir de "Booster" op 5 Méint

Opgrond vun der aktueller epideemescher Well, de Risike vun der Omikron-Variant an de klammenden Inzidenzen bei der Hospitalisatioun vu geimpfte Persounen, an entspriechend de Recommandatioune vum Conseil supérieur des maladies infectieuses (CSMI) vum 14. Dezember, gouf am Regierungsrot vum 15. Dezember decidéiert, den Delai tëscht der leschter Impfung mam Impfstoff vu Pfizer oder Moderne an dem Impf-Rappel (Booster) vu 6 op 5 Méint ze kierzen.

D'Regierung wëll an 2 Etappe virgoen. Mat den Invitatiounen, déi Ufank nächster Woch a bis Enn des Jores verschéckt ginn, gëtt den Impf-Rappel 5 Méint no der leschter Impfung méiglech. Mat den Invitatiounen, déi an der Woch vum 3. Januar 2022 verschéckt ginn, ass den Impf-Rappel da schonn no 4 Méint méiglech.

Den Impf-Rappel gëtt mindestens 5 Méint no der leschter Dosis vum initialen Impf-Schema aginn, oder, wann déi initial Impfung mam Vaxzevria-Impfstoff (AstraZeneca) gemaach gouf, mindestens 4 Méint no der leschter Dosis vum initialen Impf-Schema. Beim Booster-Impfstoff handelt et sech ëm een mRNA-Impfstoff, onofhängeg vum Impfstoff vun der Éischtimpfung.

  • Entweder Comirnaty (Pfizer/BioNTech), 30 ug (ganz Dosis)
  • Oder Spikevax (Moderna), 50 ug (hallef Dosis)

Den Impf-Rappel ka mat engem aneren mRNA-Impfstoff gemaach ginn, wéi dee vun der Éischtimpfung.

Fir immungeschwächte Persounen, Beneficiairë vun enger Organtransplantatioun an Dialyse-Patienten, beinhalt den initialen Impf-Schema eng zousätzlech Impfdosis (Schema 0, 28 a 84 Deeg, cf. Avis vum 2. Juli 2021). An dëse Fäll ass en Impf-Rappel no engem Delai vu 5 Méint virgesinn.

Immunreaktioun a Schutz géint de SARS-CoV-2

D'Lëtzebuerger Donnéeën zur Wierksamkeet vun der Impfung bei der Bevëlkerung am Alter vu 70+, déi komplett geimpft ass, si villverspriechend: 85% Schutz géint Infektiounen, 99% Schutz géint Hospitalisatiounen an 92% Schutz géint Doudesfäll am Zesummenhang mat SARS-CoV-2. Dat bedeit dass bei komplett geimpfte Leit iwwer 70 Joer den Infektiounsrisiko bal 9 mol manner héich ass an den Hospitalisatiounsrisiko wéinst COVID-19 bal 10 mol manner héich ass. Een änleche Schutz konnt bei de Persounen, déi an Alters- oder Fleegeheemer wunnen an hir 2. Dosis kruten, festgestallt ginn, mat enger Reduzéierung vun den Infektiounen ëm 90%, bei den Hospitalisatiounen ëm 98%, a bei de Stierffäll ëm 96%.

Den Impakt vun der Impfung géint d'Iwwerdroung

Verschidde Studie weisen dass d'COVID-19-Impfstoffer d'Iwwerdroung vum SARS-CoV-2 ëm 50 bis 60% reduzéiren, och innerhalb vu Strukture fir eeler Persounen. Des Studie goufe realiséiert an engem Kontext, vou d'Alpha-Variant predominant war. D'Wierksamkeet géint d'Iwwerdroung vun der Delta-Variant kéint méi geréng sinn. Allerdéngs gouf gewisen, dass d'Viruslaascht bei infizéierte Persounen méi séier ofhëllt, wann si ee kompletten Impfschutz hunn. [1]. Doriwwer eraus, gouf och gewisen dass en Impf-Rappel en Impakt op d'Iwwerdroung vum SARS-CoV-2 huet an d'Viruslaascht bei enger Infektioun reduzéiert.

Wéi huelen ech e Rendez-vous?

Déi betraffe Persoune kréie vun der Lëtzebuerger Regierung eng Invitatioun per Post geschéckt, mat detailléierten Instruktiounen iwwert de Virgang fir sech e Rendez-vous an engem vun den 4 Impfzenteren oder bei hirem Dokter ze huelen:

D'Lëscht vun den Dokteren, déi bei der Impfcampagne matmaachen, fannt Dir op der Säit impfen.lu.

Eng personaliséiert Hëllef gëtt och iwwert eng speziell dofir ageriichten Hotline ugebueden: (+352) 247-65533.

 

1 Wilder-Smith A. What is the vaccine effect on reducing transmission in the context of the SARS-CoV-2 delta variant? Lancet Inf Dis. 29 October 2021. https://doi.org/10.1016/S1473-3099(21)00690-3

Communiqué vum Staatsministère / Gesondheetsministère

Aktualiséiert