Aktualiséierung vun derCovidCheck.lu-App nom Akraafttrieden vum 2G+-System

Nom Akraafttrieden vum 2G+System, deen d'Regierung am Kampf géint d'Pandemie agefouert huet, ass d'CovidCheck.lu-App ugepasst ginn.

Zousätzlech 2G+ Funktionalitéit

D'CovidCheck.lu-App huet elo eng zousätzlech Funktionalitéit, mat där een CovidCheck-Certificater (EU DCC) am Kader vum 2G+-System iwwerpréiwe kann (mat engem "Booster" Impf-Rappel geimpft oder geimpft/geheelt plus negativen Test).

Beim Opmaache vun der App, kann d'Persoun, déi de Scan duerchféiert, eng vun de 4 Funktionalitéite vun der App auswielen: Voyage/Travel, 3G, 2G oder 2G+.

Beim Scanne vun engem CovidCheck-Certificat mat der neier 2G+-Funktionalitéit, affichéiert d'App:

  • Ee gréngen Ecran, wann de presentéierten Impf-Certificat gülteg ass an eng "Booster"-Impfung noweist.
  • Een orangen Ecran, wann de presentéierten Certificat entweder ee gültegen Geheelt- oder ee gültege Certificat vun engem éischte kompletten Impf-Certificat ouni "Booster"-Impfung noweist. An dësem Fall, muss déi betraffe Persoun dat negatiivt Resultat vun engem Selbsttest, deen op der Plaz gemaach gëtt, oder e gültegen Test-Certificat (PCR oder certifiéierte Schnelltest) vierweisen. Fir d'Gültegkeet vum Test-Certificat z'iwwerpréiwen, muss d'3G Funktionalitéit vun der CovidCheck.lu-App ausgewielt ginn.
  • E rouden Ecran, wann de Certificat net authentesch oder gülteg ass, oder wann et sech em en COVID-19-Test-Certificat handelt.

Weider Erkläerungen zum 2G+-System fannt Dir an dësem Video: Tutorial CovidCheck 2G+ - YouTube.

Notzer vun der App, déi keng automatesch Updates vun der App op hirem Smartphone aktivéiert hunn, kënnen déi nei Versioun vun der CovidCheck-App an deem Store eroflueden, vu wou si och d'App hunn. Et gëtt och recommandéiert, d'App mam nationale System ze synchroniséieren. Dofir muss een an der App op "Paramètres" an dono op "Synchroniser avec le système national" klicken.

Communiqué vum Ministère fir Digitaliséierung a vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert