-
Verlängerung vun de sanitäre Mesurë fir Deplacementer mam Fliger mat Destinatioun Lëtzebuerg
Den Aussen- an Europaministère an de Gesondheetsministère informéieren dass déi sanitär Mesuren, déi fir all Persoune gëllen, déi mam Fliger op Lëtzebuerg fléien, bis den 18. Dezember inclus verlängert goufen.
-
Optimiséierung vun der Immuniséierung mat engem mRNA-Impfstoff fir Leit, déi eng Eenzeldosis vum COVID-19-Impfstoff vu Janssen kritt hunn
Fir den Impfschutz vun de Leit, déi bis elo eng Impfung mam COVID-19 Vaccine Janssen kritt hunn, ze verbesseren, huet de Regierungsrot a senger Sëtzung vum 15. Oktober decidéiert, der Recommandatioun vum Conseil supérieur des maladies infectieuses vum 14. Oktober fir eng zousätzlech Impfung mat engem mRNA-Impfstoff nozekommen.
-
Ofstëmmung zum Gesetzesprojet 7456 – Erweiderung vun de Pouvoire vun den zoustännegen Autoritéite fir ee bessere Konsumenteschutz
De 15. Oktober 2021 huet Chamber iwwer de Projet de Loi 7456 ofgestëmmt, deen Reglement (EU) 2017/2394 vum EU Parlament a Rot vum 12.Dezember 2017 transposéiert zur Kooperatioun vun den nationalen Autoritéiten, déi fir d’Applikatioun vun der Legislatioun zum Konsumenteschutz zoustänneg sinn.
-
Bereetstelle vu gratis COVID-19 PCR-Tester fir Persounen, déi hir 1. Impfdosis virum Akraafttriede vum neie COVID-Gesetz kruten
Baséierend op de Recommandatioune vum Staatsrot zum neie CovidCheck-System, deen den 1. November a Kraaft trëtt, huet d'Regierung decidéiert, jidder Persoun, déi virum 18. Oktober (Akraafttriede vum neie COVID-Gesetz) hir 1. Impfdosis krut, gratis COVID-19-PCR-Tester unzebidden.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 4. bis de 10. Oktober
An der Woch vum 4. bis de 10. Oktober ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 591 op 675 (+14%) eropgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 3.540 Fäll géintiwwer 2.827 an der Woch virdrun (+25%).
-
Konferenz zum Thema Liewensmëttelallergien am Kannersecteur
Fir den Echange tëschent de Professionellen ze promouvéieren, besonnesch am Beräich vun de Besoine vu Kanner mat Liewensmëttelallergien, huet de Regierungskommissariat fir Qualitéit, Bedruch a Liewensmëttelsécherheet vun der Rentrée 2021 profitéiert an eng Konferenz mam Thema Liewensmëttelallergien am Kannersecteur organiséiert.
-
Ried zur Lag vun der Natioun 2021
De Premier- a Staatsminister, Xavier Bettel seng d'Ried zur Lag vun der Natioun 2021 aus der Chamber.
-
Neien Affichage bei der Kontroll mat der CovidCheck.lu-App
No der Annonce, datt de CovidCheck-System generaliséiert gëtt, ass een Update vun der CovidCheck.lu-App online gesat ginn.
-
Presentatioun vun der Etude zum Lëtzebuerger Enforcement am Optrag vum Konsumenteschutzministère
En date du 4 octobre, le Max Planck Institute Luxembourg for Procedural Law a présenté, en présence de Paulette Lenert, ministre de la Protection des consommateurs, et de Burkhard Hess, directeur du Max Planck Institute Luxembourg, les résultats d’une étude...
-
Livestream vum Pressebriefing nom Regierungsrot
De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel an d'Gesondheetsministesch informéieren d'Press iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot. De Livestream fänkt géint 14:30 Auer un.
-
Impfcampagne fir Lycéesschüler ab dem 18. Oktober 2021
De Gesondheetsministère, den Héije Kommissariat fir national Sécherheet an de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend starten, zesumme mat de Lycéeën, eng Impfcampagne fir Jugendlecher.
-
"Jiddweree kann an enger Noutsituatioun hëllefen! Maacht en Éischt-Hëllef-Cours!": D'Taina Bofferding lancéiert en Appel am Virfeld vum nationale Préventiounsdag
D'Éischt Hëllef stoung am Mëttelpunkt vun enger Pressekonferenz de 7. Oktober am Centre d'incendie et de secours (CIS) vu Mamer, kuerz virum 3. nationale Préventiounsdag vum 10. Oktober, deen an deem Zeeche steet. Bei där Geleeënheet gouf deen neien Éischt-Hëllef-Cours virgestallt, dee sech iwwer 16 Stonnen erstreckt an dee 5 Joer gülteg ass.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 19. September bis den 3. Oktober
An der Woch vum 27. September op den 3. Oktober ass d'Zuel vun de Persounen déi positiv op COVID-19 gestest goufe bei 591 (+0.2%) stabel bliwwen, wärend d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter vun 2.421 op 2.827 geklommen ass (+17%).
-
Sécherheet op mengem Teller, Editioun 2021: véier nei Filmer iwwert Liewensmëttelsécherheet
Am Kontext vu senger pluriannueller Campagne "Sécherheet op mengem Teller" publizéiert de Regierungskommissariat fir Qualitéit, Bedruch a Liewensmëttelsécherheet vum 5. Oktober 2021 un déi 2. Serie vu Filmer zum Thema Liewensmëttelsécherheet. Um Menü vun dësem Hierscht: d'Risikoanalys a Liewensmëttelkontrollen.
-
Fälschung vu Produite geziilt bekämpfen an de Schutz vum Kosument stäerken
De Finanzminister Pierre Gramegna an d'Konsumenteschutzministesch Paulette Lenert, hunn den 30. September 2021 eng gemeinsam Aarbechtsvisitt bei d'Douane zu Beetebuerg gemaach.
- Éischt Säit
- ...
- 41
- 42
- 43
- 44
- 45
- ...
- Lescht Säit