All d'Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 1131 Resultater
  1. An der Woch vum 28. Juni bis de 4. Juli ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 107 op 787 (+635%) eropgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 2.228 Fäll géintiwwer 353 an der Woch virdrun (+531%).

  2. Ab dem 5. Juli lancéiert de Konsumenteschutzministère eng Informatiounscampagne zum Nutri-Score, dem Logo, dat een um Emballage zu veraarbechte Produite ka fannen an dat iwwert d’Näerwäertqualitéit vun de Liewensmëttel informéiert.

  3. Wéinst der Zirkulatioun vu mutéierte Stämm vum SARS-CoV-2 Virus, déi anscheinend méi ustiechend sinn, a besonnesch am Hibléck op d'Verbreedung vun der Delta-Variant (B.1.617.2.), sinn déi zousätzlech sanitär Mesurë fir Deplacementer aus dem Vereenegte Kinnekräich mat Destinatioun Lëtzebuerg bis de 15. Juli 2021 mat abegraff verlängert ginn.

  4. An der Woch vum 21. bis de 27. Juni, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 90 op 107 (+19%) liicht geklommen, woubäi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter vun 396 op 353 Kontakter weider erofgaangen ass (-11.1%).

  5. Eng Rei Memberstaate vun der EU wenden eng Impfstrategie un, an där bei der éischter an zweeter Dosis verschidde COVID-19-Impfstoffer agi ginn. Zum Beispill kënne verschidden EU-Bierger eng éischt Dosis vu Vaxzevria an eng zweet Dosis vu Comirnaty kréien. An dësem Fall schwätzt ee vun enger heterologescher Impfung (och heiansdo als "mix and match" bezeechent).

  6. Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vun S.K.A. dem Grand-Duc, huet den 23. Juni eng offiziell Zeremonie beim Monument national de la Solidarité luxembourgeoise um Kanounenhiwwel stattfonnt.

  1. Éischt Säit
  2. ...
  3. 43
  4. 44
  5. 45
  6. 46
  7. 47
  8. ...
  9. Lescht Säit