Invitatioun op d'"Rendez-Vous de l'Unesco"

2021 invitéieren d'Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun an d'Nationalbibliothéik op e Konferenzzyklus am Kader vun "Les Rendez-Vous de l'UNESCO".

Thema dëst Joer ass: "Mankind and Media. Rethinking the Roles in the Age of Information"

An deene leschte Joren ass et méi wéi däitlech ginn: Mir sinn op di digital Informatiounsvermëttlung ugewisen. Alles steet a fält mat schneller Dateveraarbechtung a performante Servicer fir de Client: méi Daten, méi Informatiounen, méi Connectivitéit. Mee hu mir iwwerhaapt nach d'Iwwersiicht, iwwert dat, wat di digital Medien aus Informatioune maachen? Wou steet de Mënsch ugesiichts vu sech exponentiell entwéckelenden Technologien, kënschtlecher Intelligenz an dem Handel mat eisen Daten? Wie steet um Ursprong vun der Informatioun, a wie beaflosst, wéi mir se interpretéieren?

D'Konferenze ginn aus verschiddene Perspektiven un dës Froen erun. Den Optakt mécht de 25. Februar de Prof. Dr. Christoph Schommer (uni.lu), deen d'Fro stellt: Künstliche Intelligenz: Wo stehen wir? an dobäi Méiglechkeete, Chancen an d'Risike vun deenen neien Technologie beschwätzt. Den 22. Abrëll sëtzen 4 Journalisten ëm een Dësch, a froen ënnert der Moderatioun vum Josée Hansen, wat aus objektiver Informatiounsiwwermëttlung an Zäite vu Fake News a Click Bait ginn ass. Den 1. Juli weist d'Dr. Manuela di Franco wéi Comics dozou benotzt goufen a ginn, fir Informatiounen a Wäerter ënnerschwelleg ze verbreeden. Den 30. September ënnerhält sech de Ian de Toffoli mam Prof. Lukas Sosoe iwwert di ethesch Problemer a Grenzen, déi et och an der digitaler Welt gi muss. Datt de Medium Konscht och Message vermëttelt, deem dierften déi 4 Artisten, déi den 2. Dezember an eiser ofschléissender Ronn ënnert der Moderatioun vum Nora Schleich zu Wuert kommen, all zoustëmmen. Wat fir eng Verbindung besteet tëschent artistescher Fräiheet a fräier Meenungsäusserung? Wat däerf a muss Konscht?

D'Nationalbibliothéik amenagéiert fir dës fënnef Owender, déi all Kéiers Donneschdes Owes um 19h00 stattfannen, ee grousse Raum, sou dat d'Konferenzen a physescher Presenz an am Respekt vun de bestoende Restriktioune stattfanne kënnen.

  • 25.02.2021 Der Mensch und die Künstliche Intelligenz. Wo stehen wir? (DE) (SOLD OUT)
    • E Gespréich mam Prof. Christoph Schommer, Moderatioun Dr. Nora Schleich, Iwwersetzung op Englesch
  • 22.04.2021 Mediepluralismus – Eng Garantie fir Demokratie am 21. Joerhonnert? (LU)
    • Eng Table-Ronde mam François Aulner, Pia Oppel, Christoph Bumb a Jean-Louis Siweck, Moderatioun Josée Hansen
  • 01.07.2021 Transmission of Information via Specific Media – Propagandistic Messages in Comics (EN)
    • E Virtrag vum Dr. Manuela di Franco, Iwwersetzung op Franséisch
  • 30.09.2021 L'Ethique dans la société de l'Information (FR)
    • E Gespréich mam Prof. Lukas Sosoe, Moderatioun Ian de Toffoli, Iwwersetzung op Englesch
  • 02.12.2021 Artistesch Fräiheet a Meenungsfräiheet (LU)
    • Eng Table-Ronde mam Justine Blau, Dr. Cédric Kayer, Filip Markiewicz an Anne Simon. Moderatioun Dr. Nora Schleich

Well d'Plaze reservéiert ginn, ass ee gebieden, sech ënnert folgender Adress bis jeeweils Méindes virun all Konferenz unzemellen: reservation@bnl.etat.lu

Weider Informatioune fannt Dir op den Internetsiten: bnl.lu an unesco.lu.

 

Communiqué vum Kulturministère, der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun an der Nationalbibliothéik 

Aktualiséiert