Aktualiséiert den
Start vun der 2. Phas vun der COVID-19-Impfcampagne
Bis Enn der Woch ginn d'Invitatioune fir d'Persounen aus der Phas 2 vun der Impfcampagne verschéckt.
Wéi schonn no der Decisioun vum Regierungsrot vum 29. Januar ugekënnegt, sinn dat Residente mat méi wéi 75 Joer, ugefaange bei deenen eelsten (Phas 2a) a Persounen déi opgrond vun hirem Gesondheetszoustand héich vulnerabel sinn. Zu deene Krankheete gehéieren: Zu deene Krankheete gehéieren:
- Trisomie 21, Erwuessener
- Organtransplantatioun, mat abegraff Persounen, déi op enger Waardelëscht stinn
- Hämatopoetesch Stammzellentransplantatioun, wärend den éischte 6 Méint oder behandelt mat Immunsppressoren
- Kriibs oder béisaartege Bluttkrankheeten a Behandlung (Chimiotherapie, Radiotherapie, Immunotherapie)
- Persoune mat ugebuerener Immunschwächt
Wéi huelen ech e Rendez-vous?
Déi vun der Phas 2a betraffe Persounen, also déi mat méi wéi 75 Joer, kréien eng Invitatioun vum Gesondheetsministère per Post geschéckt, mat detailléierten Instruktiounen iwwert de Virgang fir sech e Rendez-vous an engem Impfzenter no Choix ze huelen. Eng personaliséiert Hëllef gëtt och iwwert eng speziell dofir ageriichten Hotline ugebueden: (+352) 247-65533
Persoune mat enger Kriibs-Pathologie a reegelméissegem Suivi an engem Oncologie-Service am Land ginn direkt vum behandelnde Spidol invitéiert fir sech do impfen ze loossen. Déi aner Persounen, déi als héich vulnerabel no der Definitioun vun der Phas 2 gëllen, kënne vun hirem Hausdokter oder Spezialist fir d'Impfung ageschriwwe ginn, dat ab dem 1. Mäerz, a si kréien dann eng Invitatioun per Post geschéckt.
D'Invitatioune ginn no an no a Funktioun vun den disponibelen Impfdosisse verschéckt.
Ouverture vun zwee neien Impfzenteren
Parallel zum Start vun der Phas 2 maachen och zwee weider Impfzenteren hir Dieren op, dat am Norden an am Oste vum Land. De 25. Februar geet den Impfzenter an der Sportshal vum Centre hospitalier neuro-psychiatrique (CHNP) zu Ettelbréck um 08:00 Auer op, an um 13:00 Auer geet den Impfzenter am Scouts-Chalet "Badboeschelchen" zu Munneref op.
Ab dem 26. Februar sinn den Oflaf an d'Ëffnungszäiten d'selwecht an allen Impfzenteren zu Lëtzebuerg.
Ëffnungszäiten:
- Méindeg: vun 13:00 bis 19:00 Auer
- Dënschdeg bis Freideg: vun 07:00 bis 19:00 Auer
- Samschdeg: vun 07:00 bis 13:00 Auer
Adressen:
Impfzenter Ettelbréck
Sportshal CHNP
Rue du Deich
L-9012 Ettelbruck
Impfzenter Munneref
Scouts-Chalet Badboeschelchen
1, route de Burmerange,
L-5659 Mondorf-les-Bains
Méi Informatiounen op www.covidvaccination.lu.
Communiqué vum Staatsministère / Gesondheetsministère