All d'Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 1149 Resultater
  1. An der Woch vum 21. bis 27. Dezember, d'Chrëschtdeeg mat abegraff, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen, vun 2.681 op 1.267 (-53%) staark erofgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 3.207 Fäll, am Verglach zu 8.620 (-63%) Fäll an der Woch virdrun.

  2. D'Catarina Fernandes, Infirmière a Cheffin vun der Unitéit fir Infektiounskrankheeten, dorënner de COVID-19, an de Kevin Nazzaro, Infirmier vun der Unitéit fir Infektiounskrankheeten, dorënner de COVID-19, sinn déi éischt 2 Persounen, déi am Impfzenter an der Victor Hugo Hal um Lampertsbierg den 28. Dezember 2020 géint de SARS-CoV-2 geimpft goufen.

  3. Jury a Publikum si sech eens: Corona ass dat lëtzebuergescht Wuert vum Joer 2020. Dat Wuert, dat mat Ofstand am heefegste vun de Leit proposéiert gouf, krut um Enn och déi meeschten Zoustëmmung vum Jury.

  4. An der Woch vum 14. bis 20. Dezember ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen, vun 3.422 op 2.681 (-22%) erofgaangen, woubäi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 8.635 Fäll, am Verglach zu 8.861 (-2%) Fäll an der Woch virdrun, net signifikant geännert huet. ​

  5. An der Woch vum 7. bis 13. Dezember ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen, wéi och d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 3.422 Fäll, am Verglach zu 3.797 (-11%) Fäll an der Woch virdrun, erofgaangen.

  6. An der Woch vum 30. November bis de 6.Dezember ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune mat 3.797 Fäll, am Verglach zu 3.565 Fäll an der Woch virdru, liicht an d'Luucht gaangen (+7%). D'Zuel un identifizéierte Kontakter ass dogéint erofgaangen a läit elo bei 10.708 (-36%).

  7. Pünktlech zum 5. Gebuertsdag vum Paräisser Klimaschutzofkommes den 12.12.2020, huet Lëtzebuerg fir d'éischt Kéier e nationalt Klimagesetz. Den entspriechende Gesetzestext ass den 8. Dezember 2020 vun der Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung am héijen Haus presentéiert ginn, an no laangen Debatten mat 54 Jo-Stëmmen a just 4 Nee-Stëmmen bei zwou Enthalungen ugeholl ginn.

  1. Éischt Säit
  2. ...
  3. 53
  4. 54
  5. 55
  6. 56
  7. 57
  8. ...
  9. Lescht Säit