De 16. Dezember vu 17 Auer u steet de Minister „live“ Ried an Äntwert zum Thema „Schoul a Coronazäiten“.
Am Virfeld vun der Chrëschtvakanz wëll de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend all déi betraffen Acteure vum Bildungssecteur consultéieren zu der Situatioun an de Schoulen a Betreiungsstrukture säit der Rentrée.
Den Dialog mam Grand public gëtt a Form vun engem Livechat organiséiert. Rendez-vous ass de 16. Dezember vun 17 bis 18 Auer op www.bce.lu/livechat-menje.
D’Froen zu de Schutzmoossnamen an de Schoulen a Betreiungstrukturen, zum Wuelbefanne vun de Kanner a Jonken, zu de Jugendaktivitéiten, oder allgemeng zum Fonctionnement vun de Schoulen a Lycéeën kënnen elo schonn (an och wärend dem Livechat) per Mail erageschéckt ginn op livechat@men.lu, oder als Textmessage (SMS, Whatsapp) op 621 543 543.
Communiqué vum Ministère fir Education, Kanner a Jugend