COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 21. bis den 27. Dezember

An der Woch vum 21. bis 27. Dezember, d'Chrëschtdeeg mat abegraff, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen, vun 2.681 op 1.267 (-53%) staark erofgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 3.207 Fäll, am Verglach zu 8.620 (-63%) Fäll an der Woch virdrun.

D'Altersmoyenne vun de positive Fäll ass liicht vu 38,4 op 41,1 Joer geklommen.

D'Zuel vu PCR-Tester, déi an der Woch vum 21. bis de 27. Dezember duerchgefouert goufen, läit bei 49.875, par Rapport zu 78.271 an der Woch virdrun.

De 27. Dezember goufen et insgesamt 4.906 aktiv Infektiounen (am Verglach zu 7.128 den 20.12), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vu 37.004 op 40.456 geklommen ass. Wat d'Doudesaffer betrëfft ass d'Situatioun praktesch onverännert, mat 37 neien Doudesfäll am Zesummenhang mat COVID-19, géintiwwer 38 an der Woch virdrun. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer läit bei 77 Joer.

An der Woch vum 21. bis den 27. Dezember goufen 135 Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg an 37 an der Intensivfleeg vermierkt, géintiwwer 181, respektiv 43 an der viregter Woch.

Den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) ass vun 0,87% op 0,39% erofgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Large Scale Testing) läit bei 2,54%, géintiwwer 3,43% an der Woch virdrun (Wochenduerchschnëtt). Et gëllt awer ze bemierken, dass de Positivitéitstaux bei den Tester op Ordonnance bei 5,13% läit.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg läit bei 202 pro 100.000 Awunner. Et sief nach drop higewisen, dass an der Woch vum 14. Dezember den Inzidenz-Taux op 7 Deeg bei 428 Fäll pro 100.000 Awunner louch. Den Inzidenz-Taux ass ëm ongeféier 50% erofgaangen an allen Alterstranchen, ausser bei där vu 75 Joer oder méi, wou de Réckgang manner staark ausgefall ass an déi déi eenzeg Alterstranche bleift, wou déi wëchentlech Inzidenz wäit iwwert 200 pro 100.000 Awunner läit.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 21. bis den 27. Dezember ware 5.301 Persounen an Isolatioun (-23%) an 4.342 a Quarantän (-49% par Rapport zu der viregter Woch).

Kontaminatiounen

Den Taux vun de Kontaminatiounen, wou den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, ass réckgängeg (27,8%).

Laut enger Analys, déi op 2 kompletten Deeg duerchgefouert gouf (21 an 22.12/21) a 633 Fäll ëmfaasst, ass de Familljekrees weiderhin déi heefegst Source mat 43,2% vun de COVID-19-Infektiounen.

Visitten an de COVID-19-Consultatiounszenteren

Déi 2 COVID-19-Consultatiounszenteren (CCC), um Kierchbierg an zu Esch-Uelzecht, zielen am Ganze 5.252 Visitten, dovun der 478 an der Woch vum 21. bis de 27. Dezember.

Et sief ugemierkt, dass d'Auerzäite vun de CCC an de Large Scale Testing-Statiounen iwwert Neijoerschdag anescht sinn. D'Auerzäite kënnen um Site www.covid19.lu consultéiert ginn.

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

De leschte CORONASTEP Rapport, dee vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) opgestallt gouf, weist, dass an der Woch vum 21. bis de 27. Dezember d'SARS-CoV-2-Stréim am Ofwaasser weider héich bleiwen, woubäi awer eng Tendenz no ënnen an deene leschte Wochen observéiert gouf.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn:  https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

 

Communiqué vum Gesondheetsministère an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert