Aktualiséiert den
Levée vun der temporärer Suspensioun vun de Passagéierflich aus dem Vereenegte Kinnekräich an aus dem Grand-Duché an dat Vereenegt Kinnekräich
Déi temporär Suspensioun vun de Passagéierflich aus dem Vereenegte Kinnekräich an aus dem Grand-Duché an dat Vereenegt Kinnekräich, gëtt ab dësem Mëttwoch, 23. Dezember 2020, um Mëtternuecht opgehuewen.
Ab Muer kënnen d'Flich erëm wéi gewinnt stattfannen.
Passagéier, déi op Lëtzebuerg reese musse folgend Konditiounen erfëllen:
- en negative PCR-Test virleeën, dee manner wéi 48 Stonnen al ass;
- en negative PCR-Test virleeën, deen tëschent 48 bis 72 Stonnen al ass. Dës Persoune mussen en neie PCR-Test um Flughafe Lëtzebuerg maache loossen a sech an Eeege-Quarantän versetzen, bis d'Resultat vum Test virläit.
Antigen-Tester ginn ënnert deene selwechte Konditiounen akzeptéiert. Dozou gehéieren Tester, déi de WHO-Krittären entspriechend eng Sensitivitéit vu ≥80% an eng Spezifizitéit vu ≥97% par Rapport zu de PCR-Tester erreeche mussen (Antigen detection in the diagnosis of SARS-CoV-2 infection using rapid immunoassays. Interim guidance, 11 September 2020.)
Fir Informatiounen zu de Fluchpläng, informéiert Iech wgl. bei deene jeeweilege Fluchgesellschaft.
Communiqué vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, vum Gesondheetsministère a vum Aussen- an Europaministère