-
Lëtzebuergesch léieren. Heiheem. An der Groussregioun. Weltwäit.
De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, huet de 14. Abrëll 2022 op enger Pressekonferenz am Institut National des Langues (INL) d'Offer an d'Vilfalt vum Lëtzebuergeschen an der Erwuessenebildung, esouwéi dat neit INL-Gesetz presentéiert.
-
Musekschoulen.lu: Fann deng Bün!
De Ministere fir Educatioun, Kanner a Jugend lancéiert den 23. Mäerz 2022 d'Campagne "Fann deng Bün!” fir enger Majoritéit vu Kanner a Jonken d'Méiglechkeet ze ginn, déi vaste Offer vum Enseignement musical ze notzen.
-
Presentatioun vum éischte Lëtzebuerger "Kannerbericht"
Den 22. Mäerz 2022 huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch zesumme mam Prof. Dr Sascha Neuman vun der Uni Tübingen deen éischten "Nationale Bericht iwwert d'Situatioun vun de Kanner zu Lëtzebuerg" virgestallt.
-
Investissementer an d’Qualifikatioune vu muer
Den 8. Mäerz 2022 gouf op enger Pressekonferenz vun der FEDIL, a Präsenz vum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, a vum Minister fir Aarbecht a Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft, Georges Engel, d’Editioun 2022 vun der Etude Les qualifications de demain dans le domaine des technologies de l'information et de la communication (TIC) virgestallt.
-
Eropsetze vun der Schoulflicht op 18 Joer
Den 22. Februar 2022 huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, op enger Pressekonferenz um Ministère a Clausen d'Eropsetze vum Schoulflichtalter virgestallt, d'Haaptzil vum Projet de loi relatif au droit à l'enseignement et à l'obligation scolaire.
-
École internationale Gaston Thorn: Eng 6. agreéiert europäesch Schoul zu Lëtzebuerg
De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, huet den 9. Februar 2022 op enger Pressekonferenz um Campus Geesseknäppchen d'École internationale Gaston Thorn (EIGT) virgestallt.
-
Lëtzebuergesch léieren am Lycée
De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, huet de 27. Januar 2022 op enger Pressekonferenz am Lycée Michel-Rodange a Presenz vun der Directrice adjointe, Claire Simon, dat neit Fach Lëtzebuergesch op der 4e virgestallt, dat zënter der Rentrée 2021/2022 um Stonneplang vun der 4e am Enseignement secondaire classique an am Enseignement secondaire général seng Plaz huet.
-
Upassung vun de sanitäre Mesuren am Schoulberäich
De Regierungsrot huet decidéiert, déi sanitär Mesuren z’adaptéieren, fir d’Verbreede vum SARS-Cov-2 an der Bevëlkerung anzedämmen. Déi sanitär Mesuren am Schoulberäich goufen entspriechend ugepasst.
-
De Claude Meisch an d'Paulette Lenert stellen déi sanitär Mesuren an de Schoule vir
De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend Claude Meisch an d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert stellen déi sanitär Mesurë vir, déi fir d'Rentrée 2021-22 géint d'Verbreedung vum COVID-19 an de Schoulen agefouert ginn. De Livestream fänkt géint 14 Auer un.
-
Wuertschatz.lu: Typesch lëtzebuergesch Spréch sammelen an opliewe loossen
Du gëss der Welt Stéiss! Mir si vir bäi an hanne widder! Ech brauch eppes fir hanner d'Knäpp! Dëst sinn typesch Lëtzebuerger Spréch, déi, mat villen aneren zesummen, an den nächste Wochen eng flott Visibilitéit am ëffentleche Raum kréien.
-
D'Auswierkunge vun der COVID-19-Kris op d'Educatioun: Resultater vun den "Épreuves standardisées 2020"
De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, an de Rekter vun der Uni Lëtzebuerg, Prof. Stéphane Pallage, stellen déi éischt Resultater vun der schoulescher Enquête "Épreuves standardisées 2020" vir, mat Donnéeën iwwer 40.000 Schüler an Elteren zu Lëtzebuerg. De Livestream fänkt géint 14 Auer un.
-
Asaz vun Antigen-Selbsttester an de Schoulen a Presentatioun vum Rapport iwwert d'Situatioun an de Schoule vum 4. Januar bis 4. Abrëll
De Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, wäert den Asaz vun Antigen-Selbsttester presentéieren, déi no der Ouschtervakanz an der Grondschoul an am Secondaire agefouert ginn. De Livestream fänkt géint 10:30 Auer un.
-
Upassung vun de Mesuren am Educatiounsberäich am Kader vun der sanitärer Kris
De Livestream fänkt géint 11 Auer un.
-
Pressebriefing vum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch zur COVID-19 bedéngter sanitärer Situatioun am Educatiounssecteur
De Livestream fänkt géint 15 Auer un. Le stream n'est disponible qu'en version originale. Veuillez nous excuser pour tout inconvénient.
-
"D'Lëtzebuerger Orthografie" ass nees ze kréien
Wéi am November 2019 eng aktualiséiert a completéiert Orthografie vun der Lëtzebuerger Sprooch virgestallt gouf, war d'Nofro risegrouss. Bannent kierzter Zäit huet dat offiziellt Reegelwierk mussen zweemol nogedréckt ginn.
- Éischt Säit
- ...
- 2
- 3
- 4
- 5
- 6
- Lescht Säit