École internationale Gaston Thorn: Eng 6. agreéiert europäesch Schoul zu Lëtzebuerg

De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, huet den 9. Februar 2022 op enger Pressekonferenz um Campus Geesseknäppchen d'École internationale Gaston Thorn (EIGT) virgestallt. Et ass déi 6. agreéiert europäesch Schoul zu Lëtzebuerg zënter 2016, an déi éischt um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg. Domat gëtt déi europäesch Offer vun der nächster Rentrée un an all Regioun vum Land ugebueden. D'EIGT dréit de Numm vum fréiere Premierminister an éischte Lëtzebuerger President vun der Europäescher Kommissioun. Esou wéi dës nei Schoul, stoung de Gaston Thorn fir eng wirtschaftlech a gesellschaftlech Moderniséierung a fir d' Wäerter vun engem gëeenten Europa. 

©MENEJ (v. l. n. r.) Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend ; Jessy Medinger, Coordinatrice vum "Groupe de Planification" vun der neier Schoul
(v. l. n. r.) Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend ; Jessy Medinger, Coordinatrice vum "Groupe de Planification" vun der neier Schoul

Agreéiert Europaschoulen: Schoule fir ënnerschiddlech Schüler

D'Lëtzebuerger Bildungslandschaft ass an de leschte Jore méi villfälteg ginn. Mat der Diversifikatioun vun der gratis ëffentlecher Schouloffer, déi an de leschte Jore konstant weiderentwéckelt gouf, bidde mer de Schüler méi eng grouss Flexibilitéit beim Choix vun de Sproochen.

D'Lëtzebuerger Sprooch spillt eng Schlësselroll fir d'Integratioun an dofir hunn d'Schüler am Primaire, déi éischt dräi Joer am Secondaire, op den Accueilsklassen an an der Voie de préparation op zwou Stonnen an der Woch e Lëtzebuergeschcours.

"Mat der École internationale Gaston Thorn schafe mer e weidere wichtege Pilier an enger diversifizéierter Bildungslandschaft. Ënnerschiddlech Schoule fir ënnerschiddlech Schüler bidde fair Bildungschancë fir eis Kanner an déi Jonk. Onofhängeg vun hirer Mammesprooch, hirem sozialen a kulturellen Hannergrond”, huet de Claude Meisch ervirgestrach.

D'schoulesch Offer vun der École internationale Gaston Thorn

D'École internationale Gaston Thorn fänkt d'Schouljoer 2022 mat 7 Klassen am europäesche Primaire un, opgedeelt op dräi Sproochesektiounen (Däitsch, Franséisch an Englesch) an deenen zwee éischte Schouljoren. Am Secondaire sinn et insgesamt 10 Klassen am éischten an zweete Joer. Donieft ginn och eng Accueilsklass an dat éischt Joer vun der Voie de préparation ugebueden. Laangfristeg evoluéiert d'Offer vun der Spillschoul bis zur Première.

Niewent der Sektiounssprooch ka Franséisch, Däitsch oder Englesch als éischt respektiv zweet Sprooch am Primaire gewielt ginn; am Secondaire kann als drëtt Sprooch zousätzlech Italieenesch, Portugisesch oder Spuenesch gewielt ginn.

D'Kanner aus dem Primaire hunn d'Méiglechkeet, vun der Maison relais ze profitéieren. Ausserdeem gi wärend der Mëttespaus an no de Coursë fir d'Kanner aus der Grondschoul an déi Jonk aus dem Secondaire ausserschoulesch Aktivitéiten ugebueden. 2

E pedagogescht Konzept mat dräi Schwéierpunkten

D'Philosophie vun der neier Schoul berout op dräi Schwéierpunkten, déi ëmmer den Developpement vun de Kompetenze vum 21. Joerhonnert an de perséinlechen Epanouissement vum Schüler am Fokus hunn:

  •  dat digitaalt Ëmfeld vun de Jonken
    Dat digitaalt Ëmfeld vun deene Jonke stäerken heescht, digital Kompetenzen entwéckelen, Informatioune sichen, Sourcen iwwerpréiwen an esou de Schüler zu engem informéierten a verantwortungsvollen Acteur an der Gesellschaft an an der digitaler Welt maachen
  • d'Welt vun der Musek
    D'Musek wäert sech wéi e roude Fuedem duerch de Schoulalldag zéien an huet hir Plaz an alle Coursen a spillt och bei den ausserschouleschen Aktivitéiten eng wichteg Roll.
  • d'Demokratie
    An der EIGT soll d'Demokratie och am Schoulalldag gelieft ginn: déi gesamt Schoulcommunautéit kann aktiv un den Entscheedungsprozesser an un der Schoulentwécklung deelhuele

Eng ëffentlech europäesch Schoul am Häerz vun der Stad

D'EIGT wäert bei der Schoulrentrée am September mat ronn 300 Schüler starten, dat op 2 Sitten.

D'Gebai vum Primaire wäert fir den Ufank zu Zéisseng (rue Verte) sinn. D'Schoulklassen an d'Maison relais deelen sech dëst Gebai an iwwer dee Wee entsteet eng Plaz, déi un d'Besoine vun de Kanner adaptéiert ass.

De Secondaire, eng Classe d'accueil an d'Voie de préparation sinn am Gebai "Blumm” um Campus Geesseknäppchen situéiert an deelen sech d'Gebai mat der École nationale pour adultes (ENAD). Mëttelfristeg wäert d'EIGT sech um Lampertsbierg nidderloossen.

Aschreiwung

D'Aschreiwung an d'École internationale Gaston Thorn ass vum 1. Mäerz 2022 un op fir all Schüler, onofhängeg vu sengem Wunnsëtz.

Weider Informatiounen

Zousätzlech Informatiounen zu der École internationale Gaston Thorn sinn ënnert follgendem Link ze fannen: www.eigt.lu

Communiqué vum Ministère fir Education, Kanner a Jugend

Aktualiséiert