Ried zur Lag vun der Natioun 2018 "Lëtzebuerg beweegen"

De Premierminister, Staatsminister, Xavier Bettel huet de 24. Abrëll 2018 virun der Chamber d'Ried zur Lag vun der Natioun 2018 gehalen.

 

 

Här President,

Dir Dammen an Dir Hären,

Et ass dëst Joer e spezielle Kontext fir dës Ried zur Lag vun der Natioun. Et ass e spezielle Kontext, well mer um Enn vun enger Legislaturperiod sinn.

Am Hierscht gi mer eng nei Chamber wielen. Mir sinn an engem Wahljoer an dat ass e wichtege Rendez-Vous an enger Demokratie.

An de Méint virdru positionéieren sech déi verschidde Parteien an et gëtt un de Programmer a Prioritéite geschafft. Et geet dobäi em d’Land. Et geet em d’Aart a Weis, wéi mer Lëtzebuerg wëlle gestalten. Et geet em eis Vergaangenheet an em eis Zukunft.

Et geet em déi honnertdausende Leit, déi hei liewen, wunnen a schaffen. Et geet em d’Famillen, em d’Kanner vun haut an em d’Kanner vu muer. Et geet och em d’Fro, wéi eng Leit an de nächste Jore sollen an der Verantwortung sinn.

An de Parteizentrale gëtt dofir net nëmmen un de beschten Iddie fir d’Land, mee och un de beschte Strategië fir de Wahlkampf geschafft.

Jiddereen ass beméit de richtege Wee ze fanne fir d’Leit, fir d’Wieler vun den eegenen Iddien ze iwwerzeegen.

Haut de Mëtteg an déi nächst Deeg geet et eis och em d’Zukunft vu Lëtzebuerg. Mir diskutéieren iwwer d’Situatioun haut an iwwer de Modell fir muer. Mir sinn do net all der selwechter Meenung hei bannen an et ass ze erwaarden, dass an der Diskussioun d’Linnen  dës Kéier méi schaarf gezu ginn.

Mir sinn an engem Wahljoer. D’Bewäertung vun der Situatioun, wéi se sech haut duerstellt, steet fir déi meescht dofir och scho ganz oder zum Deel fest. Esou wuel d’Majoritéitsparteien, ewéi och d‘Oppositioun si laang preparéiert fir hir Rieden hei am Plenum an och fir d’Aussoe géintiwwer der Press.

 Jidderee waart just nach drop fir kënnen op de “send” Knäppchen ze drécken an hofft, dass seng Aussoen de Wee bei de grousse Public fannen.

Nach ass et awer och esou, dass et an eiser Welt net just soll drëm goen, wat gesot gëtt, mee em dat, wat ass. Et soll net just drëm goen, wien, wat, wou, wéini kommunizéiert, mee et soll em d’Realitéit goe – em déi tatsächlech Situatioun – em den État de la Nation.

A mir hunn ee gemeinsamt Zil. Mir hunn een Uleies, wat eis iwwer all d’Parteigrenzen ewech matenee verbënnt: D’Verbonnenheet mat eisem Land an d’Beméien dat bescht ze maache fir d’Liewensqualitéit vun eise Matmënschen ze erhalen an och ze verbesseren.

Mir sollen dofir och éierlech si mat eis selwer a mat de Leit, déi eis hiert Vertraue bei deene leschte Wale ginn hunn. Mir sollen d’Situatioun net schlecht rieden an och net d’Aen zou maache virun den Erausfuerderungen déi virun eis leien.

Mir kënnen de Bols moossen, feststellen, dass Lëtzebuerg bei gudder Gesondheet ass an awer Risiken erkennen. Mir mussen all Bedenken Eescht huelen, déi grouss an déi kleng, a mir hunn d‘Pflicht eis och em déi Uleies ze këmmeren, déi nach wäit virun eis an der Zukunft leien.

An dëser Legislaturperiod huet Lëtzebuerg sech gutt entwéckelt. D’Fakten, also déi brut Zuelen, beleeën dat. Den Thermometer mat deem international gemooss gëtt, wéi gutt oder schlecht e Land sech entwéckelt huet, weist zu Lëtzebuerg haut virun allem positiv Wäerter. Lëtzebuerg ass 2018 kärgesond a gutt opgestallt fir d’Zukunft.

Zu deenen objektive Parametere fir dat ze beleeë gehéieren d’Staatsfinanzen.

Am Dezember 2013 war d’Situatioun ugespaant an d’Regierung huet sech zum Zil gesat d’Scholdspiral auszebremsen an den Defizit ze reduzéieren.

Mir hunn eis drop gëeenegt eng nei Steierpolitik ze maachen, vir méi Iwwersiicht an Transparenz ze suergen a gläichzäiteg sécherzestellen, dass dat enormt Lach duerch d’Ewechfale vun der TVA um Commerce électronique ka kompenséiert gi – e Lach wat zejoert ronn 1 Milliard Euro ausgemaach huet. Déi éischter negativ Viraussetzunge bei de Staatsfinanzen, waren am Dezember 2013 eng grouss Erausfuerderung. Ech ka  mech ganz gutt drun erënneren, dass et am Finanzsecteur Opreegung gouf, well verschidden Agencen ugefaangen hunn hir Zweiwel ze kréien, wat den Triple A Rating fir Lëtzebuerg betrëfft – e Rating, dee méi bedeit, ewéi iergend eng dräi Buschtawen.  Et ass en fait eng onverzichtbar Zertifikatioun fir eis Finanzplaz a fir  d’Lëtzebuerger Ekonomie allgemeng.

D’Regierung huet also missen handelen, och wann dat deemools onbequem war.

Et gouf beim Staat selwer gespuert, et sinn Depensen iwwerkuckt a nei Recetten agefouert ginn. Dat hat säi politesche Präis a mir hätten och léiwer esou Mesuren evitéiert. Et gouf awer kee Choix.

An ech bereien et net, dass mer dee méi stengege Wee gaange sinn. D ‘Resultater weisen, dass mer och um Pawee gutt viru komm sinn.

“Mir hunn fir d’Joer 2017 en Iwwerschoss beim Gesamtstaat vun 858 Milliounen Euro, respektiv +1,5 Prozent vum PIB.”

Dat ass exzellent an erkläert sech virun allem duerch scho bal spektakulär Resultater bei der Administration Centrale, wou mer et iwwert déi ganz Legislaturperiod fäerdeg bruecht hunn iwwert de Previsiounen ze leien, déi am Budget festgehale goufen. Fir 2017 bedeit dat, dass den Defizit beim Zentralstaat elo bei 220 Milliounen Euro läit, also 819 Milliounen Euro manner Defizit, ewéi am Budget fir 2017 nach virgesi waren.

An dat obschonns dee schonn héijen Niveau vun den Investitiounen net just gehalen, mee esou guer nach an d‘Luucht gesat gouf. Haut kënne mer festhalen, dass d’Depense vum Staat am Grëff sinn an d’Recetten sech besser entwéckelt hunn, ewéi et nach am Ufank vun der Legislaturperiod virausgesot war.

Et féiert och derzou, dass de Solde structurel, iwwer deen an dësem Kontext gäre geschwat gëtt fir d‘lescht Joer bei +2,2% vum PIB läit – dat ass wäit iwwert dem mëttelfristegen Objektif (OMT) vun -0,5% dee mir no den europäesche Reegelen anhale mussen.

Dës Resultater schafen och e neien Ausgankspunkt fir dëst Joer, wou mer an der Administration centrale elo mat engem wäit méi niddregen Defizit rechne wéi am Budget 2018 virgesi waren. Den Iwwerschoss beim Gesamtstaat géing deemno fir dat lafend Joer bei ronn 647 Milliounen Euro leien, also +1,1% vum PIB.

“Dat alles si Resultater, wéi Lëtzebuerg se laang net méi kannt huet a maachen eis a Saache Staatsfinanzen zu engem vu de Musterschüler an der Europäescher Unioun."

Virun allem awer geet déi positiv Entwécklung weider.

Eis Staatsschold geet an de nächste Jore weider progressiv erof, net nëmmen a Prozenter vum PIB mee, spéitstens vun 2021 un, och an absoluten Zuelen. Déi viregt Regierung huet mat enger Staatsschold gerechent déi no un den 30% kraazt an et ass een dervun ausgaangen, dass duerch d’Ewechfale vun de Recetten vum Commerce électronique an aneren Entwécklungen och net vill dorunner ze ännere wier. Haut läit deen Taux bei 23% vum PIB – wat manner héich ass wéi Enn 2013 - a mir rechnen dermat, dass een a 4 Joer esou guer ënner 20% kënnt. 

 “Wann also weider mat Wäitsiicht geschafft gëtt, kann een och mat Zouversiicht no vir kucken.” 

D'Regierung huet mam Fonds souverain intergénérationnel och e Sécherheetsnetz geschaf fir de Fall, wou eng onerwaart Entwécklung kënnt. Et ass eng Reserve  – eng Reserve fir d’Zukunft a fir déi nächst Generatioun. Haut ass dee Fong scho mat enger véierels Milliard Euro gefëllt.

Et ass net dat iewescht Zil vun der Politik an och net vun der Regierung fir en Equiliber am Budget ze hunn wann ee just Recetten an Depense géintiwwer stellt, et ass awer eng Verantwortung vis-à-vis vun eise Kanner vir d’Staatskeess am Grëff ze hunn a vir gläichzäiteg an d’Zukunft ze investéieren. Dat – a virun allem dat – ass awer en iewescht Zil vun dëser Regierung gewiescht an ech sinn houfreg, dass mer dat Zil areecht hunn.

Mir investéieren eleng dëst Joer ronn 2,4 Milliarden Euro an d’Zukunft, mir investéieren direkt an d’Infrastrukturen, d’Mobilitéit an de Wunnengsbau. Wann de Staat weider investéiert, fir de Fonctionnement vun eisem Land méi effikass, fir den ëffentlechen Déngscht an d’Administratioun méi performant ze maachen an de Bierger ee bessere Service ze bidden, dann ass dat och eng noutwenneg a richteg Investitioun an d’Attraktivitéit vu Lëtzebuerg. Et sinn Investitiounen an d’Qualitéit vun de Servicer, an d’Sécherheet an d’Nohaltegkeet. Wa bal all zweeten Euro also  11,7 Milliarden Euro dëst Joer, fir Sozialleeschtungen, d’Sécurité sociale, an Transferts de Revenus bestëmmt ass, dann ass dat keng einfach Depense, mee eng Investitioun an d’Liewensqualitéit, an d’Gesondheet an och d’Solidaritéit.

Mir hunn de Spagat fäerdeg bruecht fir en historesch héijen Niveau vun Investissementer ze garantéieren a gläichzäiteg de Budget an den Equiliber ze kréien.  Déi däitlech Hausse op der Recettesäit iwwert dës Legislaturperiod gekuckt, erkläert sech  net zu lescht duerch déi gutt Entwécklung vun der Finanzplaz, déi e wichtege Pilier vun eiser Ekonomie bleift an déi haut och gutt opgestallt a staark ass.  Ech ka mech gutt erënneren , dass d’Stëmmung viru 4 Joer do eng aner war a mir haten als Land en desagreabele Moment am Joer 2014. Et goufen an der Vergaangenheet Modeller ausgeschafft, déi eis an de leschte Joren u Renommee kascht hunn. Mat de Luxleaks Publikatiounen ass déi Mëllech, déi mer jorelaang gedronk hunn, ganz schëtzeg iwwergekacht an huet déi ganz Kiche mat verknascht. Zanter hir ass vill geschitt an eist Land ass esou wuel an der Steierpolitik, ewéi an der allgemenger wirtschaftlecher Ausriichtung nei Weeër gaangen.

Mir hunn an deene leschte 4 Joer vill Efforte gemaach fir méi Transparenz ze schafen a Lëtzebuerg aus deenen däischteren Ecke mat groen a schwaarze Lëschten eraus ze kréien. Haut si mer an enger Situatioun, wou mer nees unerkannt gi fir eis Kompetenzen, fir eise Know-How, fir déi gutt Qualitéit vun den ëffentlechen Instanzen, vun der Proximitéit zu den Decisiounsorganer an net zu läscht wéinst eiser politescher Stabilitéit a Previsibilitéit.

Eis Finanzplaz ass haut net just méi transparent, mee och nach méi performant, ewéi am Ufank vun dëser Legislaturperiod.

Och an anere wirtschaftleche Secteuren huet Lëtzebuerg sech awer staark entwéckelt an et si nei, ganz effikass Aktivitéiten derbäi komm. Dass dat esou méiglech ass, kënnt net vun ongeféier.

Et si schonn an deene leschte Joren a Joerzéngten eng Rei richteg Decisioune geholl ginn, déi et eisem Land erlaabt hunn, sech ze behaapten an engem internationale Kontext, dee méi concurrentiel ginn ass. Esou war et zum Beispill richteg, dass virun iwwer 10 Joer massiv an d’Connectivitéit vum Land investéiert ginn ass. Et war och richteg, dass eng virsiichteg Steierpolitik gemaach gouf, déi d’Attraktivitéit vum Land garantéiert huet an et war richteg, dass nei Beräicher entwéckelt goufen an déi wirtschaftlech Diversifikatioun virugedriwwe ginn ass. D’Schafe vun der Uni Lëtzebuerg an d’Stäerke vun der Recherche hunn derzou bäigedroen, dass mir eis haut kënne behaapten a Beräicher, ewéi der Biomedezin oder den Ecotechnologien.

Hei huet d’Regierung och no 2014 weider massiv investéiert an developpéiert. Mir hu ganz bewosst de Budget vir all Beräicher vun der Recherche an der Ausbildung massiv an d’Luucht gesat. Elleng fir de ganze Secteur vun der Educatioun an der Kannerbetreiung schwätze mer hei vun enger Hausse vun 1,7 op iwwer 2,2 Milliarden Euro an de leschte 4 Joer – also 500 Milliounen Euro pro Joer méi fir de Beräich vun de Kanner an Jonken, déi d’Zukunft vum Land bestëmmen a gestalten. Dëst sinn enorm wichteg Investitiounen, déi just méiglech sinn, well de Budget mat Virsiicht, Wäitsiicht a gesondem Mënscheverstand geréiert gouf.

Et sinn an de leschte 4 Joer déi richteg Decisioune geholl ginn, wat d’Staatsfinanze betrëfft. Ech deelen eng grondsätzlech Vue mat mengem Virgänger am Staatsministère: Iwwer Prognose vir déi nächst Jore kann ee streiden, d’Resultat vun de leschte Joren, ass dat, wat et ass.

Bei de Staatsfinanzen ass dat Resultat objektiv positiv.

Här President, Dir Dammen an dir Hären,

Et geet Lëtzebuerg finanziell gutt.

Esou, wéi et an all Stot doheem ausgesäit, ass et fir d’Land och net anescht: Et ass ee méi fräi, méi berouegt an et fillt een sech méi sécher, wann ee weess, dass d’Finanze stëmmen an ee weess, dass ee säi Liewe kann esou gestalten, ewéi een et fir richteg hält, dass een de Kanner kann dat bidden, wat se brauchen an ee nawell um Enn vum Mount déi zwee Enner beienee kritt.

Dat heescht awer net, dass ee soss guer keng Erausfuerderungen an och Schwieregkeeten am Alldag huet. Et heescht och net, dass ee sech ka sécher sinn, dass et ëmmer esou weider geet.

Fir de Staat gëllt dat selwecht. Et leie grouss Defie virun eis an elo musse mir net nëmmen u muer, mee och un iwwermuer denken.

Et sinn zanter dem Dezember 2013  wichteg Reformen hei am Land ëmgesat ginn. Et ass haut net den Dag vir e komplette Bilan ze zéie vun deene leschte véier Joer an et ass och net de Moment fir sech op d’Schëller ze klappen.

Et ass awer de Moment fir ze erklären a fir a verschiddene Beräicher drop anzegoen, wou mer hierkommen, wou mer haut sinn, a wou mer kënne – oder och musse – hikommen.

Ech wäert haut och ganz bestëmmt net all Element am Detail uschwätzen. Mir hunn dëst Joer am Kader vum europäesche Semester nach verschidde sektoriell Debatten. Dat ass de Kader vir en Debat iwwer konkret Mesuren an iwwer d’Objektiver an de nächste Joren.

Ech wëll awer verschidde Realitéite beliichten, well se grondleeënd sinn fir d’Entwécklung vum Land a fir eis Gesellschaft.

Et gouf notamment e Changement an der Approche vis-à-vis vun de Kanner an de Familljen. Mir hu grousse Wäert op Eegestänneg- an Onofhängegkeet vun den Elteren, vum Papp a vun der Mamm geluecht an op d’Zukunftschancë vun de Kanner.

Wat fir eis iwwert allem steet, ass et de Kanner déi bescht méiglech Chancen ze gi fir am Liewen Erfolleg ze hunn an zwar all de Kanner, egal wéi hir sozial a finanziell Situatioun, egal, ob se aus enger Famill kommen, wou d’Mamm oder de Papp eleng fir d’Erzéiung zoustänneg sinn an och egal, wéi e kulturellen oder sproochlechen Hannergrond déi Kanner hunn.

“Kanner, em déi mer eis net këmmere ginn Erwuessener, déi sech net këmmeren.”

An deem Sënn hu mer vill Energie an Häerzblutt dran investéiert den Erwuessene vu muer schonn haut dat ze ginn, wat se brauchen an dat ass virun allem ëmmer nach Zäit mat deenen, déi hinnen am wichtegste sinn, mat hiren Elteren.

D’Reformen am Beräich vun der Familljepolitik hunn da virun allem derfir gesuergt, dass zu Lëtzebuerg haut méi Zäit tëscht Kanner an Eltere verbruecht gëtt ewéi 2013. Duerch dee neien, méi flexibelen a méi attraktive Congé Parental, mee och duerch d’Reform bei de Congés extraordinaires gi mer de Besoin’en vun de Familljen haut besser gerecht, ewéi virdrun. Haut huele bal genee esou vill Pappen de Congé Parental, ewéi Mammen.

D’Zuel vun den Demanden ass zejoert em 70% an d’Luucht gaangen. Bei de Pappe war et eng Hausse vun + 190%.

Am Ganzen ass et e plus vu 4.122 Mammen a Pappen, déi am Joer 2017 de Congé parental ugefrot hunn. Enger rezenter TNS Ilres Etüd no, sinn 98% vun de Leit och méi wéi zefridde mat der Offer, wéi se den Ament ass.

Et geet eis awer net duer a mir wëllen méi fir d’Elteren a méi fir d’Kanner. D’Regierung wëllt eng Diskussioun féieren iwwert e weidere Schrëtt.

 “Mir proposéieren d’Flexibilitéit weider auszebauen a Modeller auszeschaffe wou Aarbechtszäit an Zäit mat der Famill sech optimal kënnen ergänzen.”

De Staat soll d’Viraussetzunge schafen, dass Betriber a Salariéeën sech besser op nei Aarbechtszäitmodeller kënnen eenegen. Mir wëllen e gesetzleche Kader schafen, deen et erlaabt, dass jonk Mammen a Pappen kënnen hiren Alldag esou vill, wéi méiglech mat hire Kanner verbréngen ouni dass dat op Käschte vun hire beruffleche Perspektive geet oder op d’Käschte vun der Produktivitéit vum Betrib.

Et ass eng Erausfuerderung, mee eng realistesch an eng finanzéierbar, well mer esou gewirtschaft hunn, dass déi finanziell Moyenen och do sinn.

D’Schoul huet sech verännert a verännert sech weider. Et ass dofir e groussen Defi a gläichzäiteg e permanente Prozess eisen Educatiounssystem unzepassen an de Verännerungen an der Gesellschaft gerecht ze ginn. D’Schoul ass net d’Plaz vun der Ideologie, mee vun der Fräiheet, vun der Eegestännegkeet an der Gerechtegkeet.

De Schoulsystem gouf an de leschte Jore verbessert a mir hu Reformen ëmgesat, déi derzou féieren, dass d’Schoul méi no un der Liewenswierklechkeet ass an dass se den Ufuerdunge besser Stand hält.

Esou ass zum Beispill an engem Domaine vun eisem Bildungssystem kontinuéierlech geschafft ginn, well et dréngend noutwenneg war an dat ass d’Formation professionelle.

D’Regierung huet Schrëtt fir Schrëtt de System adaptéiert a méi pratikabel gemaach – zesumme mat de Partner, mat de Beruffskummeren, de Gewerkschaften an de Lycéeën.

Mee och hei solle mir net stoe bleiwen, mee weider dorunner schaffen, dass  d’Beruffsausbildung e gläichwäertegen Zweig vun eisem Bildungssystem gëtt a fir Perspektive steet. Mir bauen Trapen, déi d’Leit kënnen eropgoen an zwar bis erop an den Enseignement supérieur.

Vun engem “Certificat de capacité professionnelle”, also dem CCP bis erop, iwwer Meeschterprüfung, Technikerdiplom, dem BTS bis bei e Master.  Esou gëtt d’Beruffsausbildung ee vu ville méigleche Weeër fir och méi héich Diplomer ze maachen. 

Fir d’Beruffsausbildung weider opzewäerten deposéiert de Bildungsminister nach virun Enn vun der Legislaturperiod e Pilotprojet vir, wou e Schüler parallel zu enger Première am Enseignement Secondaire Général en zweeten Ofschloss an der Beruffsausbildung ka maachen.

Esou kann ee Jonken sech all Méiglechkeeten ophalen. An de Beruff eraklammen, weider studéieren, nom Studium zréck an de Beruff oder sech preparéiere fir e Betrib ze iwwerhuelen. 

Esou brénge mer et zesumme fäerdeg, Schrëtt fir Schrëtt d’Beruffsausbildung nees zu dem ze maachen, wat mer eigentlech alleguer wëllen. Eng Ausbildung déi all Jonken eng Perspektiv offréiert a gläichzäiteg kréien eis Entreprise gutt ausgebilte Fachleit .

Eis Schoul ass an de leschte Joren och méi inklusiv ginn.

Do wou getrennt gouf, ass zesumme geféiert ginn. Dat gëllt fir de neie Wäerteunterrecht, wou haut all d’Schüler an engem Cours sinn. Et gëllt och fir de Volet vu Schüler, déi eng aner Mammesprooch, ewéi Lëtzebuergesch schwätzen.  Um Enn vun dëser Legislaturperiod hu mer mat Déifferdeng, Esch, Klierf, Munneref a Jonglënster fënnef nei Schoule mat europäesche Programmer opgemaach.

Eis Schouloffer ass méi villfälteg ginn. Et si 6 nei Sektioune geschaf ginn am Secondaire Classique an am Secondaire Géneral.

Eis Schoul ass méi autonom ginn. Mir ginn den Acteuren um Terrain d‘Méiglechkeet Modeller selwer ze definéieren.

Eis Schoul ass och méi modern ginn. Mir hunn de Sprong an déi digital Welt gemaach. Eis Schoul ass um Enn vun dëser Legislaturperiod och méi sozial a méi sozial verantwortlech.

An de nächste Woche gëtt hei d’Reform vun der EDIFF gestëmmt an eleng dëst Joer sinn iwwer 150 Poste geschaf gi fir déi psychologesch a sozio-edukativ Prise en Charge vu Kanner a Jugendlechen. Et sinn 20 Stonne pro Woch Gratuitéit vun der Kannerbetreiung agefouert ginn an d’Schoulbicher schloen déi nächst Rentrée net méi an de Portmonni vun de Famillen.

Déi wichteg an dréngend noutwenneg Etappe si gemaach a fir déi nächst Joren ass eng Prämiss eiser Meenung no zentral.

Dat ass, dass mer Rou behalen an den Enseignanten d’Zäit gi fir sech op d’Kanner ze konzentréieren.

Et muss, et dierf an et soll een dernieft dann och weider derfir suergen, dass déi Projet’en déi ëmgesat an ofgeschloss och weider suivéiert ginn.

Mir sollen éierlech mat eis selwer sinn. Dat gëllt och fir de Wirtschaftsstanduert Lëtzebuerg an d’Zukunft vun der Ekonomie insgesamt. D’Digitaliséierung huet haut en enormen Afloss op d’Aart a Weis, wéi mer liewen, wéi mer kommunizéieren an och wéi mer a wou mer schaffen. Dat intensivéiert sech an de nächste Joren.

Et ass fir als Memberstaat vun der Europäescher Unioun, als oppen Ekonomie an als Land, wou déi natierlech Ressourcen an d’Surface limitéiert si,  vun enormer Wichtegkeet, dass mer do Acteur an net Follower sinn.  Mir sinn ofhängeg vun Investitioune vu baussen, well mer se zu Lëtzebuerg selwer eleng net kënne generéieren an deem Mooss, wéi mer se brauche fir dass mer Aarbechtsplaze garantéieren a selwer schafe kënnen.

Mir mussen also attraktiv sinn. Eise ganze Sozialmodell, eis Entwécklung, eis Nohaltegkeet an och eis Liewensqualitéit hänkt dervun of, wéi mer eis Wirtschaft an de nächste Joren ausriichten.

D’Regierung huet engersäits op deem opgebaut, wat virdru geleescht ginn ass an anerersäits eng komplett Neiausriichtung vun eiser Ekonomie duerch gesat.  Et goufen och scho virun 2013 richteg Choixe getraff. D’Investitiounen an d’Connectivitéit, d’Schafe vun Entreprisen am Datenzenterberäich, d’Schafe vu Fuerschungsinstituter, ewéi de LIST, den LIH an de LISER oder och de Projet vum Logistikzenter si Beispiller vun enger Wirtschaftspolitik, déi och haut nach hir Friichten dréit. Dat staark verännert Ëmfeld haut, wat duerch geopolitesch Entwécklunge beaflosst ass, huet awer no Verännerunge verlaangt. Mir si gequëtscht tëscht China  a Russland op der enger an den USA op der anerer Säit, mir si Konkurrente vun eise Partner an duerch de Brexit ass e wichtegen Alliéierten, wat de Finanzsecteur betrëfft, geschwächt ginn. Mee mir hunn nei Allianzen op- an ausgebaut. Notamment mat Irland, eis Relatioune mat anere Länner, ewéi Estland si verstäerkt ginn an och eis direkt Nopeschlänner hunn haut eng ganz positiv Approche vis-à-vis vu Lëtzebuerg. Dat war net ëmmer an deem Mooss de Fall, ewéi haut. D’Promotioun vu Lëtzebuerg ass an dëser Legislaturperiod konsequent verännert ginn. Mir hunn e Nationbranding entwéckelt, dee wäit iwwert déi reng wirtschaftlech Promotioun erausgeet an elo schonn eng fest Plaz an eiser Duerstellung no baussen huet. Et ass awer och un der Aart a Weis, der Struktur, dem Zesummespill an der Strategie vun der Promotioun geschafft ginn.

Et gëtt haut eng Koordinatioun tëscht de Ministèren, tëscht den ëffentlechen an de privaten Acteuren an et gëtt mat Luxinnovation eng zentral Agence, wou mer déi verschidde Secteuren developpéieren an eis d’Geschirkëscht fëllen, fir Lëtzebuerg professionell kënnen op d’Landkaart vun den Entreprisen ze setzen. De Wirtschaftsminister an déi ganz Regierung hat an de leschte véier Joer grousse Succès, wann et drëm gaangen ass nei Betriber op Lëtzebuerg ze kréien, respektiv, déi Firmen, déi hei sinn ze fideliséieren. Et ass net just Google, déi sech zu Lëtzebuerg bekennen an hei wëllen e konkrete Projet ausschaffen, et ass och zum Beispill Amazon, déi hir Effektiver an d’Luucht gesat hunn, et ass Ferrero, déi e neie Siège zu Lëtzebuerg bauen, et ass ArcelorMittal, déi sech fest zu Lëtzebuerg bekennen an e neit Gebai fir hire Firmesëtz opriichten, et ass Goodyear oder Dupont, déi annoncéiert hunn weider hei am Land ze investéieren.

Dat fonctionnéiert allerdéngs just, well och déi richteg Decisioune geholl goufe fir Lëtzebuerg weider attraktiv ze halen. Et fonctionnéiert, well de Lien zu den Decideure gutt ass an et fonctionnéiert, well Lëtzebuerg e stabelt a finanziell ofgeséchert Land ass, well d’Liewensqualitéit héich ass fir déi Leit, déi hei schaffen, well d’Schoul, déi medezinesch Versuergung an déi kulturell Offer vun héijer Qualitéit sinn. An et fonctionnéiert, well déi Entreprisen u Lëtzebuerg gleewen.

De Moteur vun eiser Ekonomie dréint an et kënnt de Leit direkt zu gutt. De Chômagetaux ass an de leschte Jore kontinuéierlech erof gaange vu 7,1% um Ufank vun der Legislaturperiod op haut 5,7%. Eis Wirtschaft ass am Déngscht vun de Leit.

Dat, Här President, Dir Dammen an Dir Hären, musse mir och weider garantéieren. Wann een d’Schlagwierder Lëtzebuerg an Wirtschaft op enger Sichmaschinn antippt, muss méi e breet Bild gezeechent ginn, ewéi EU, Stol, Finanzen, de Cargoberäich an d’Satelittenindustrie.

 “Eist Land muss mat enger Visioun verbonne ginn, mat enger Strategie, mat Zukunft a mat Courage. Den Ufank ass gemaach.”

Mir hunn eis bannent kuerzer Zäit eng weltwäit Renommee opgebaut am Beräich vu Weltraumtechnologien a Spacemining. Mir hunn aus dem Finanzsecteur och eng  Plaz fir de FinTech an déi gréng Finanze gemaach, Lëtzebuerg ass d’Plaz vum europäeschen Highperformance Computing, den Automotive Campus ass e grousse Succès, a mir sinn zu enger Referenz an der Datenzenterindustrie gi mam Resultat, dass mir séi éischt digital Ambassaden hei hunn, an dass Lëtzebuerg eben och net just op der Landkaart ass vun enger vun de gréissten Internetentreprisen op der Welt. Google huet zu Lëtzebuerg Terrain’en kaaft. Et gëtt den Ament e Projet ausgeschafft a mir sinn zouversiichtlech, dass och de nächste Schrëtt e Succès gëtt.

Déi nächst Etapp fir Lëtzebuerg musse mer awer och ugoen a mir mussen dobäi politeschen a gesellschaftleche Courage weisen. Lëtzebuerg huet alles wat ee brauch fir eng veritabel Smart Nation ze ginn.

Mam Rifkinprozess ass den éischte Stee geluecht an et gëllt fir weider ze bauen. Et kommen an deenen nächste Jore Changementer op eis duer, déi mer eis nach guer net kënne virstellen. Mat der 5G Technologie ginn nei Méiglechkeeten op fir d’Welt ze vernetzen.

Ären Auto wäert mat deene virun an hannert Iech kommunizéieren. Artifiziell Intelligenz ass e weidert Schlagwuert an der Entwécklung, déi virun der Dir steet. Wann ech Iech soen, dass China kierzlech décidéiert huet e Programm ze starten an deem Beräich deen um Enn e Wäert vun iwwer 150 Milliarden Dollar huet, da verstitt der, dass mer hei net virun der Fro stinn, wéi mer dat bewäerten. D’Fro ass ob mir als Europäesch Unioun an ob mir als Lëtzebuerg herno wëlle bestëmmen oder bestëmmt ginn. Et geet em net méi an net manner, ewéi em eis Souveränitéit.

Déi dräi Majoritéitsparteie sinn an de leschte véier Joer de Wee gaangen an et si Weeër ugeluecht ginn op engem Terrain, deen zu Lëtzebuerg bis dohinner onberéiert war.

D’Regierung  ass der Meenung, dass déi Pionéieraarbecht muss weider gefouert ginn. Mir mussen eis weider drop konzentréieren en Acteur ze sinn, ze bestëmmen an och ze investéieren an den Developpement vun neie Beräicher. D’Digitalisatioun ass eng  Opportunitéit an et musse verstäerkt Budget’en fräigemaach gi fir d’Recherche, an d’Entwécklung vun neien Technologien. Lëtzebuerg soll e Virbild an Europa ginn an och nëmmen esou kënne mer  Gefore mat Zäiten erkennen a Méiglechkeete fir eis notzen.

Lëtzebuerg soll och an de nächste Joren deen Erfollegmodell bleiwen, deen et haut ass an dofir mussen och déi Schwieregkeeten iwwerwältegt ginn, déi bleiwen an déi eis bremse – an dat zum Deel am Sënn vum Wuert.

Eist Land steet am Stau a mir hu sérieux Problemer op eise Stroossen. Virun allem an de Spëtzenzäiten a virun allem op den Haaptachsen, déi eis mat de Grenzregioune verbanne, steet de Verkéier all Dag an zwar Kilometer- a stonnelaang.

Mir hunn an de leschte véier Joer esou vill an d’Mobilitéit investéiert, wéi nach keng Regierung virun an enger Legislaturperiod. Et ass enorm, wat zanter 2014 un neie Projeten ugestouss oder ëmgesat ginn ass. Den Tram an déi nei Gare am Pafendall sinn just zwee eenzel visibel Beispiller vun deem wat effektiv konnt ageweit ginn, mee doriwwer eraus ass den Invest an de Schinneverkéier  substantiell an d’Luucht gaangen.

Fir e Verglach ze maachen: Tëscht 2003 an 2013 si ronn 1,36 Milliarden an de Schinnereseau investéiert ginn. Zanter 2013 allerdéngs gouf et en Invest an d’Schinn vu ronn 1,6 Milliarden Euro. Elleng an dëser Legislaturperiod ass deemno méi an d’Eisebunn investéiert ginn, ewéi virdrun an engem Zäitraum iwwer 10 Joer.

A mir brauchen deen Invest fir den Zuch méi pénktlech, méi confortabel, méi zouverlässeg an a méi attraktiv ze maachen. Am Fonds des Routes goufen 2013 knapp 180 Milliounen Euro investéiert, fir dëst Joer sinn Ausgabe vun iwwer 340 Milliounen Euro geplangt. Et kann een objektiv festhalen, dass den Invest an de Stroossenbau massiv an d’Luucht gaangen ass.

Et ass e neit Verkéierskonzept ausgeschafft gi mat engem integrative Modell, wou Schinn, Strooss, Vëloswee an Trottoir aneneen iwwer ginn. Och déi douce Mobilitéit huet an de leschte Joeren e reegelrechte Boost kritt mat substantiellen Erhéijunge vum Invest a Vëlosweeër.

Et sinn awer och nei Park and Ride Infrastrukturen an der Grenzregioun finanzéiert ginn a mir hu kierzlech mat Frankräich en Accord ënnerschriwwe fir déi grenziwwerschreidend Mobilitéit nach weider verbesseren.

Den zoustännege Minister huet déi lescht Woch hei nach aner Mesuren ugeschwat an déi nächst Méint gi weider Initiative geholl fir d’Situatioun ze verbesseren.

Dee Wee musse mer awer an deenen nächste Jore konsequent weider goen – a mir mussen och de Courage hunn d’Problemer net just ze erkennen, mee och innovativ Léisungen ze probéiere – lass geléist vun Ideologie an ugepasst un den Zäitgeescht.

D’Kapazitéiten am Schinneverkéier an och op der Strooss sinn den Ament begrenzt. D’Regierung wëll dofir op e puer Achse weiderschaffen. Engersäits geet et dorëms intelligent Konzepter weider auszebauen. Et läit grouss Potenzial am CarSharing a Co-voiturage, e Potenzial, wat haut nach net genuch genotzt gëtt an duerch cibléiert Aktioune méi attraktiv soll gemaach ginn. Ee Beispill, wat scho virgestallt gouf, ass et eng Bunn ze reservéiere fir Leit, déi zu méi am Auto sëtzen. Et muss awer och derfir gesuergt ginn, dass déi Intresséiert sech fannen, dass de Kontakt méi liicht gemaach gëtt an dofir soll an deene nächste Méint och eng App virgestallt ginn, déi Chauffer a potentiell Passagéier mateneen a Kontakt setzen.

Zu engem innovative Konzept gehéiert och e weideren Ausbau vum Tramsreseau.

Mir sinn der Meenung, dass een de Reseau, wéi en elo ass, an och wéi e bis elo geplangt ass, kann ausbauen.

D’Regierung proposéiert notamment am Kader vum Modu 2.0 bis op Esch Belval ze fueren, an och an déi aner Direktioune soll d’Méiglechkeet geschaf gi fir mat engem Tram, deen och méi héich Vitesse ka fueren, eng Ubannung un dat bestoend Netz ze erméiglechen. D’Immobilitéit muss d’Ausnam an d’Mobilitéit d’Reegel ginn. Dat ass ganz sécher eng absolut Prioritéit an deenen nächste Joren.

Et geet dobäi net just em d’Nerve vun de Leit, mee och em d’Ëmwelt, em d’Loft- an domadder em d’Liewensqualitéit. Et geet em dat, wat mer hunn a wat mer wëllen halen an erhalen.

 “Eis natierlech Ressourcen, eis Natur, eis Bëscher, eis Landschaft, eist Waasser eis Loft sinn net just e Patrimoine vun eisem Land, mee e Besëtz vun der Allgemengheet an huet et verdéngt, dass mer drop oppassen.”

D’Regierung huet an de leschte Jore vill investéiert fir den Equiliber tëscht wirtschaftlecher Entwécklung an Ëmweltschutz ze garantéieren. Mir hunn zum Beispill déi éischt Drénkwaasserschutzzonen agefouert, déi et, ausser déi ronderëm de Stauséi, net gouf. Haut sinn 11 Zonen ausgewisen a 24 Projete sinn an der Prozedur. Dat ass e konkret Beispill, wéi mer derfir suergen, dass d’Grondwaasser als liewenswichteg Ressource protegéiert gëtt.

Nodeems iwwer 20 Joer op eng EU Direktiv am Buedemschutz gewaart gouf, hu mir an dëser Legislaturperiod decidéiert net méi ze waarden an en eegent Lëtzebuerger Buedemschutzgesetz op den Instanzewee geschéckt.

Et sinn eng ganz Rei vun Initiative geholl gi fir Gesetzer a Reglementer unzepassen an eis Ëmwelt ze schützen an nei Naturschutzgebidder ze definéieren.

D’Regierung  hëlt d’Protectioun vun eisen natierleche Ressourcen, vun der Natur a vun den Déieren eescht a mir kënnen eisen Engagement och konkret beleeën.  De Landwirtschaftsminister e neit Déiereschutzgesetz an der Chamber déposéiert, wat fir säi Pionéiergeescht international gelueft gëtt. Mir gesinn d’Déieren net méi als Objeten, mee als Liewewiesen, an se mussen als solch och respektéiert ginn.

Mir hunn  e Kontrakt mat der nächster Generatioun, well et ass net alles eist, wat mer zur Verfügung hunn. Mir brauchen e gesonden Equiliber tëscht der Entwécklung an der Nohaltegkeet an dat ass genee, déi Politik, déi an de leschte Jore gemaach gouf an déi och Succès huet. 

An der ganzer Diskussioun ronderëm Betriber, déi bei eis Aarbechtsplaze schafen a Mënschen, déi bei eis wunne kommen, fält munch Informatioun ënnert den Dësch.

Dat betrëfft zum Beispill, de Fait, dass d’Ursaache vun de Schwieregkeeten, déi mer haut hunn, an der Vergaangenheet an net an der Zukunft leien. Wa mer haut e massive Verkéiersproblem hunn oder eng Pénurie um Wunnengsmaart, dann ass dat net, well an de leschte 4 Joer eng Rëtsch nei Betriber bäi komm sinn a weiderer wëlle kommen, mee et geet vill méi wäit zeréck: Ech hu schonn zejoert hei op der nämmlechter Plaz drop higewisen, dass zu Lëtzebuerg an de Joren 2007 bis 2017 ronn 100.000 Leit bäi komm sinn.

Bei der Zuel vun de Frontalieren, déi haut méi an d’Land gefuer kommen, ewéi viru 15 Joer, sinn d’Zuele ganz ähnlech. Wien haut also de kuerzen an einfache Message no baussen dréit, dass et ufänkt glëtscheg ze ginn op der Strooss op där mer bis elo gutt gefuer sinn, an een dofir misst bremsen oder stoe bleiwen, deen ignoréiert d’Realitéit. Et war viru 15 a virun 10 Joer verpasst ginn d’Wanterpneuen opzeleeën an d’Luuchten unzemaache fir dass een eppes gesäit. An de leschte Joren ass awer genee dat geschitt. Mir hunn investéiert an investéiere weider fir eis esou ze equipéieren, dass mer gesond, sécher an och zefridde kënne weider fueren.

Et wier och ze kuerz gegraff fir just ze behaapten, dass d’Politik an der Vergaangenheet versot hätt. Déi Period, wou Lëtzebuerg staark gewuess ass, läit och an enger Zäit, wou et eng weltwäit Wirtschafts- a Finanzkris gouf.

Et ass also e ganz spezielle Phänomen, dass de Grand-Duché sech an där Zäit demographesch esou entwéckelt huet, an et läit net zu Läscht dorunner, dass eis Nopeschlänner mat virun allem Frankräich an d’Belsch méi haart getraff ware vun där Kris. D’Ursaache fir de Retard bei den Infrastrukturen si komplizéiert, mee d’Resultat ass einfach. Lëtzebuerg war net preparéiert an et war héich Zäit dat ze änneren. An dat ass geschitt a muss weider geschéien.

Mir maachen dat zum Beispill iwwer d’Landesplanung, wou nach leschte Mount e Gesetz hei am Parlament gestëmmt ginn ass a wat Pisten opweist, wéi mer de limitéierten Territoire am beschte kënnen notzen. Et ass eng Strategie vir d’Zukunft a mir mussen an de nächste Méint zesumme mat de Gemengen, mat den Acteuren um Terrain och d’Entwécklung vum Land an deene verschiddene Secteure weider plangen. Dat am Respekt vun der Ëmwelt an am Interêt vun de Mënschen.

Et geet bei allem wat mir iwwerleeën, plangen, diskutéieren an decidéieren nämlech eenzeg an eleng am d’Mënschen.

Et geet em d’Liewensqualitéit, em den Alldag, em d’Wuelbefannen, em d’Gesondheet an em d’Sécherheet vun de Leit.

Well d’Sécherheet e wichtege Facteur ass, goufen op deem Plang vill Efforte gemaach an de leschte Joren. Zil ass den Equiliber tëscht de Realitéiten an den Ufuerderungen, tëscht dem subjektive Sécherheetsgefill vun de Bierger an der tatsächlecher Situatioun, woubäi dat eent esou Eescht muss geholl ginn, ewéi dat anert. Mat der Policereform ass do eng wichteg Etapp am Gaang. D’Aarbecht vun de Polizisten ass net einfach an d’Ufuerderunge sinn an de leschte Jore gewuess.

D’Kriminalitéit ass allgemeng erof gaangen. Et sinn zejoert insgesamt ronn 36.700 Fäll vu Kriminalitéit notéiert ginn. 2013 waren et iwwer 43.000. Et sinn 2017 manner Fäll vun Abréch, manner Fäll vu Kierperverletzung, manner Mëssbrauchsfäll gemellt ginn ewéi virun e puer Joer. Mee et ass awer esou, dass dat dacks anescht wouer geholl gëtt an et ass esou, dass fir all eenzel Affer esou e Fall eng Katastroph ka bedeiten.

Et muss dofir weider investéiert ginn an d’Präsenz um Terrain ass enorm wichteg. Dofir gëtt den Ament och derfir gesuergt, dass déi administrativ a präventiv Aarbecht net méi noutgedronge muss vu Leit an Uniform gemaach ginn.

A mir brauchen zousätzlech Ressourcen, wou dës Regierung hir Verantwortung iwwerholl huet an esou vill Poste geschaf huet, ewéi nach ni virdrun. De Wee muss awer weider goen. D ‘Ausbildung gëtt nach weider verbessert an de Poliziste gëtt Aarbecht ofgeholl doduerch, dass d’agents municipaux anescht kënnen agesat ginn.

Kriminalitéit bekämpft een awer virun allem doduercher, dass een se verhënnert. De beschte Wee dofir, ass et derfir ze suergen, dass et Perspektive gëtt, dass zemools déi Jonk eppes hunn u wat se sech kënne festhalen, dass dat soziaalt Netz fonctionnéiert, et en gesellschaftlechen Encadrement gëtt an och Hëllef fir déi, déi Hëllef brauchen.

Déi sozial Kohäsioun ass zentral fir e Land mat engem allgemeng héije Liewensstandard an dofir hu mer derfir gesuergt, dass d ‘Schéier tëscht Aarm a Räich net weider ausernee geet. D’Mesuren an deem Sënn zéien sech queesch duerch d’Politik, fir déi mir stinn. Esou wuel d’Reformen an der Familljepolitik, an der Steierpolitik oder bei de Betreiungsstrukture fir déi Elengerzéiend ze entlaaschten si Mesuren an deem Sënn, ewéi och d’Erhéije vun der Subvention Loyer, d’Gratuitéit vun de Schoulbicher an natierlech och d’Reform vum RMG mam Aféiere vum REVIS an dem Integréiere vun der Allocation de Vie chère an d’Familljeleeschtungen, esou dass och Famille mat Kanner dovunner kënne profitéieren.

Déi sozial Kohäsioun ass awer net just eng finanziell oder materiell Fro. Lëtzebuerg ass en Erfollegmodell well mer dat eent an dat anert sinn.

Mir sinn e Land mat engem ländleche Raum, mat Natur, Bëscher, Wisen a Felder, mee mir sinn awer och e Land mat enger europäescher Haaptstad, mir hunn eng traditionell Industrie mat enger Schmëlz a mat Fabrécken, mee mir sinn awer och eng Start-Up Nation, mat neien, jonken Entreprisen. Mir sinn e Land, wou Lëtzebuergesch geschwat gëtt, mee mir sinn och méisproocheg.

Dat eent, schléisst dat anert net aus a mir wëllen dass dee Wee weider geet.

D’Regierung huet an de leschte Joren vill gemaach fir eis Mammesprooch ze stäerken.  Dat fänkt domadder un, dass haut Lëtzebuergesch an de Betreiungsstrukturen, am Precoce, an der Schoul gefërdert gëtt. Et ass e wichtegen Deel vun de Reformen am Beräich vun der Kannerbetreiung, dass déi Kanner, mat enger anerer Mammesprooch wéi Lëtzebuergesch duerch en éischte spilleresche Kontakt lues awer sécher eis Sprooch léieren. D’Lëtzebuergescht huet sech an de leschte Joren a Joerzéngten enorm entwéckelt an se gëtt vun esou vill Leit geschwat a geschriwwen, ewéi nach ni. Dat ass Fakt. 

D’Coursë vir Lëtzebuergesch ze léiere sinn extrem gutt besicht, well erkannt gëtt, dass et eng Integratiounssprooch ass, déi engem weiderhëlleft hei am Land. Dat mussen, an dat wëlle mir konsequent weider féieren.

De Projet de loi iwwer d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch ass um Instanzewee a schaaft zousätzlech Méiglechkeete fir d’Lëtzebuergescht am Alldag ze stäerken an eis Sprooch als dat unzëerkennen, wat et ass : E wichtegen Deel vun eisem Land.

Déi sozial Kohäsioun definéiert sech awer och iwwer de Sport, iwwert de Benevolat an iwwer d’Kultur.

An do wäert Lëtzebuerg an de nächste Joren nees op e neits am Fokus stoe mat Esch Uelzecht als Europäesch Kulturhaaptstad 2022. D’Regierung wëll de Projet mat aller Kraaft ënnerstëtzen. Et ass wichteg, dass no vir gekuckt gëtt an all déi involvéiert a concernéiert net just un engem Strang zéien, mee och an déi nämmlecht Richtung. Ech wëll alles maachen, wat néideg ass, dass dee Projet net nëmme geléngt, mee dass et och zu engem Succès gëtt.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären,

Mir hunn och eng Responsabilitéit fir de Bierger Äntwerten ze ginn, fir hinnen nozelauschteren. 

Mir sollen och eis bescht ginn, dass d’Leit zu Lëtzebuerg Vertrauen hunn am Kontext vun deem wat ronderëm eis geschitt.

Leschte Freideg war de Lancement vun de Consultations Citoyennes, eng Initiativ, déi vum franséische President Emmanuel Macron ausgaangen ass an elo an all den europäesche Länner organiséiert gi – mat Ausnam vun Ungarn. Lëtzebuerg war vun Ufank un en enken Alliéierte vu Frankräich fir dës Initiative ze promovéieren an de Krees vun de Bierger an Europa, déi kënne matmaachen esou breet, ewéi méiglech ze maachen. D’Leit sollen hir Iddien, hir Meenungen, hir Kritiken an hir Erwaardunge matdeelen.

D’Europäesch Unioun ass een eenzegaartege Friddensprojet op eisem Kontinent, et ass eng Famill, eng Unioun am eigentleche Sënn vum Wuert, déi iwwer 500 Millioune Mënsche matenee verbënnt.

No dësem éischten Evenement leschte Freideg zu Esch, kann ech eppes ganz sécher soen: D’Leit sinn intresséiert  a wëlle matschwätzen iwwert d’Zukunft vun der Europäescher Unioun. Mir liewen an engem Land, wou d’Begeeschterung fir Europa allgemeng grouss ass. Awer et ginn och Froen, déi musse beäntwert ginn. Dat kann an de nächste Joren nëmme geléngen, wann d’Mënsche matgeholl ginn op dee Wee wéi d’EU soll ausgesinn.

De Grondstee vun eiser haiteger Staategemeinschaft gouf vun e puer eenzelen, couragéierte Politiker geluecht. Déi nächst Etappen haut mussen zesumme mat de Bierger geholl gi fir eng maximal Akzeptanz ze fannen a fir et esou och den Demagogen, Populisten a Ligener et méi schwéier ze maachen, dat schlecht ze rieden.

Här President, Dir Dammen Dir Hären,

Wat zielt ass net just dat, wat gesot gëtt, mee och dat wat ass.

Et kann ee soen, dass Lëtzebuerg haut anescht ass, ewéi am Dezember 2013.

Mir hunn net just manner Defizit a méi gesond Staatsfinanzen, mee d’Leit an och d’Betriber sinn steierlech entlaascht ginn. 

Et gëtt e Chancegläichheetsgesetz. Zu Lëtzebuerg ass et haut strofbar, wann eng Fra,  fir déi selwecht Aarbecht, manner verdéngt ewéi e Mann.

Mir hunn e neit Nationalitéitegesetz mat deem d’Integratioun gefërdert an d’Demokratie gestäerkt gëtt.

Et gëtt haut eng nei Relatioun tëscht dem Staat an de Reliounsgemeinschaften. Mir hunn international Klassen an den ëffentleche Schoulen, 20 Stonne gratis Kanner Betreiung a méi en attraktive Congé parental.

Mir hu vereinfacht Prozedure bei den Autorisatiounen, mir hu vill nei Betriber zu Lëtzebuerg an anerer, déi weider investéieren.

Mir hunn e komplett neit Spidolsgesetz mat deem nei Servicer geschaf goufe fir de Leit eng besser Behandlung ze garantéieren.

D’Rettungsdéngschter si reforméiert ginn an déi Dausende Leit, déi sech fir d‘Allgemengheet engagéieren, hunn eng zousätzlech Unerkennung kritt a méi Ënnerstëtzung vu professionelle Secouristen.

D’Regierung huet d’Budgeten iwwerall do erhéicht, wou et massiven Nohuelbedarf ginn ass.

Vu Mobilitéit bis Logement, Schoul, Recherche, Betreiung an Inclusioun, Sécherheet an Ëmweltschutz.

Lëtzebuerg ass haut och méi modern, méi zäitgeméiss a besser preparéiert op d’Erausfuerderungen, déi virun eis leien. Déi Entwécklung muss weider goen, well mer brauchen de Fortschrëtt a kënnen eis de Stëllstand net erlaben. 

Eist Land ass haut anescht ewéi viru 4 Joer an dat ass gutt esou.