Deklaratioun vum Xavier Bettel nom Doud vu S.A.R. Grand-Duc Jean

D'Deklaratioun vum Premierminister Xavier Bettel nom Doud vu S.A.R. Grand-Duc Jean.

"Ech hunn déi traureg Flicht fir Iech matzedeelen, dass de Grand-Duc Jean eis haut an der Nuecht um 00:25 Auer am Alter vun 98 fir ëmmer verlooss huet. Et ass e schwéiere Moment fir eis all, fir eist Land, fir d'Lëtzebuerger an all d'Bierger vum Grand-Duché. Et ass awer virun allem eng schwéier Zäit an e ganz traurege Moment fir d'groussherzoglech Famill, fir de Grand-Duc Henri an d'Grand-Duchesse, fir d'Kanner, Enkel- an Urenkelkanner vum Grand-Duc Jean a fir déi vill Mënschen, déi him no waren.

Dofir wëll ech am Numm vun der Regierung an am Numm vum Land der Famill mäin déifste Matgefill matdeelen an hinne Courage wënschen an dëser schwéierer Zäit.

De Grand-Duc Jean war, ass a bleift e Symbol vun onsem Land, vun onser gemeinsamer Geschicht. Hie steet fir Gewëssenhaftegkeet, fir Loyautéit vis-à-vis vum Land, hie steet fir eng Léift an enk Verbonnenheet mam Vollek. De Grand-Duc Jean war e Virbild fir eis all an huet duerch säin Engagement Spuren hannerlooss, déi fir ëmmer bleiwen.

Hien ass de 5. Januar 1921 am Schlass Colmer-Bierg op d'Welt komm a gouf um Dag vu sengem 18. Gebuertsdag offiziell zum Ierfgroussherzog. Hien huet sech als jonke Prënz fir eis Wäerter an Iwwerzeegungen am Zweete Weltkrich agesat a war beim Debarquement an der Normandie am Juni 1944 als Irish Guard dobäi. Dräi Méint méi spéit konnt hien d’Haaptstad mat befreien an huet matgehollef, d'Land nom Krich nees opzebauen a Stabilitéit hierzestellen.

De Grand-Duc Jean huet matgekämpft fir eis Fräiheet, eis Onofhängegkeet a fir d'Unitéit vun eisem Land a mir wäerten ëmmer dankbar sinn an eisen héije Respekt hu fir dësen Engagement.

Hie stoung vun 1964 bis d'Joer 2000 un der Spëtzt vu Lëtzebuerg. An deene bal 36 Joer als Staatschef huet de Grand-Duc Jean grouss Etappen an der Geschicht vun eisem Land begleet an eis duerch gutt an duerch manner gutt Zäite geféiert. Seng Verbonnenheet mat der Natur a seng Roll als Chefscout si bekannt, säi Respekt vis-à-vis vu Mënsch an Déier, seng Léift a säin Asaz fir déi Schwaach an der Gesellschaft bleiwen onvergiess.

Ech hunn de Moie fir 10:00 Auer e Regierungsrot convoquéiert fir de Verlaf vun den nächsten Deeg ze beschwätzen an ech hu Rendezvous mam Grand-Duc um 12:00 Auer zu Colmer-Bierg am Schlass. D’Staatsbegriefnes ass Samschdes de 4. Mee um 11.00 Auer an der Kathedral.

Et ass e Familljemënsch, deen eis haut verlooss huet. E grousse Staatsmann, en Held, e Virbild - an en immens léiwen a gutthäerzege Mënsch."

Aktualiséiert