All d'Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 1109 Resultater
  1. Am Kader vun der Reforme vu senger Subventiounspolitik an nom Workshop iwwer "Kulturpress an d'Press an der Kultur", deen de 14. Juli 2022 an de Rotondes stattfonnt huet, huet de Kulturministère seng Bäihëllef fir kulturell Revuen iwwerduecht. Esou soll d'Qualitéit an d'Diversitéit vun dësen elo op der Grondlag vun enger Ausschreiwung gefërdert ginn.

  2. Am Betruecht vun der Noutwennegkeet fir d’Leit fir nohalteg Finanzen ze sensibiliséieren starten de Ministère fir Konsumenteschutz, d’Fondation ABBL pour l'éducation financière, d’Commission de Surveillance du Secteur Financier (CSSF) an d’Association Luxembourgeoise des Fonds d'Investissement (ALFI) eng landeswäit Informatiounscampagne.

  3. Am Mee 2022 haten de Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun a seng Partner d'Sensibiliséierungscampagne "Ech ka wielen" lancéiert. D'Zil dovunner ass auslännesch Awunner iwwer hiert Walrecht fir d'Gemengewale vum 11. Juni 2023 ze informéieren an se op d'Noutwendegkeet hinzeweisen sech virum 17. Abrëll 2023 um 17 Auer op de Wielerlëschten anzedroen.

  4. D'Zuel vun den disponibelen Demandeurs d'Emploi hei am Land, déi bei der ADEM ageschriwwe sinn, louch den 31. Januar 2023 bei 15.801 Persounen. Dat ass eng Hausse vun 331 Persounen (2,1%) am Verglach zu Januar 2022. D'Zuel vun den Demandeurs d'Emploi ass an allen Chômageperioden eropgaangen, ausser bei Persounen, déi méi laang wéi 12 Méint ageschriwwe sinn.

  5. Den 10. Mäerz 2023 organiséiert de Ministère fir Konsumenteschutz, zesummen mam Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung eng Konferenz zum Thema Ernierung: "Konferenz: Wat wäerte mir muer iessen ? D'Defien vun der Liewensmëttelproduktioun am Kader vun engem Konsum am Wandel".

  1. Éischt Säit
  2. ...
  3. 12
  4. 13
  5. 14
  6. 15
  7. 16
  8. ...
  9. Lescht Säit