Elektronesch Facturatioun: mir wäerten Iech och nom 18. Mäerz 2023 weiderhi begleeden!

Ab dem 18. Mäerz 2023 fält all Wirtschaftsakteur, dee Rechnungen un eng Institutioun aus dem Lëtzebuerger ëffentleche Secteur ausstellt, ënnert d'Legislatioun iwwer d'elektronesch Rechnung, esou wéi dat laut Gesetz vum 13. Dezember 2021 virgesinn ass.

©MDIGI Illustration

Dës Verflichtung gëllt nëmmen am Kader vun enger ëffentlecher Ausschreiwung oder engem Konzessiounsvertrag. Et sief drun erënnert, datt d'Legislatioun all schrëftleche Kontrakt, deen tëschent engem Wirtschaftsacteur an enger Institutioun aus dem ëffentleche Secteur geschloss ginn ass, an deen als Objet d'Ausféierung vun Aarbechten, d'Liwwerung vu Produiten oder d'Prestatioun vu Servicer huet, als ëffentlech Ausschreiwung ugesäit.

Fir d'Ausstellen an d'Verschécke vun elektronesche Rechnunge ginn et zwou Méiglechkeeten: Entweder iwwer de gemeinsame Reseau Peppol oder iwwer eng vun de Prozeduren, déi heifir op der Plattform Myguichet.lu zur Verfügung stinn. Dës Plattform steet och méigleche Wirtschaftsacteuren zur Verfügung, déi keng TVA-Nummer hunn.

Säit d'Gesetz am Dezember 2021 a Kraaft getrueden ass, hunn de Ministère fir Digitalisatioun, d'Handelskummer a seng House of Entrepreneurship an och d'Handwierkschamber sech zesummegedoen, fir d'Wirtschaftsacteuren iwwer d'Theema elektronesch Rechnung an déi ugebuede Léisungen ze sensibiliséieren an ze informéieren. Dës Aktioune lafen och nom 18. Mäerz 2023 weider.

Heifir fënnt een um Portal fir déi elektronesch Rechnung www.e-facturation.lu nëtzlech Linken zu allen online verfügbaren Informatiounen zu dësem Sujet. De Site gëtt reegelméisseg aktualiséiert. Zousätzlech sinn Helpdesks vum Ministère fir Digitalisatioun, dem House of Entrepreneurship a vum Service eHandwierk weiderhi fir all Froen iwwer déi elektronesch Facturatioun disponibel. 

Communiqué vum Ministère fir Digitaliséierung

Aktualiséiert