Infektioune vun den Otemweeër: Réckbléck op d'Woch vum 27. Mäerz bis 2. Abrëll 2023

De Wocheréckbléck bitt Iech ee vereinfachten Iwwerbléck iwwer d'Evolutioun vun den akuten Infektioune vun den Otemweeër: dozou gehéieren de COVID-19 an d'Gripp (Influenza)

COVID-19

An der Woch vum 27. Mäerz bis 2. Abrëll 2023 geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 977 erof, par Rapport zu 1.549 an der Woch virdrun, wat eng Baisse vu 36,9% ausmécht. Vun all de positiv geteste Persounen, si 54,5% Re-Infektiounen, géintiwwer 58,2% an der Woch virdrun. 

Gripp (Influenza)

An der Woch vum 27. Mäerz bis 2. Abrëll 2023 geet d'Zuel vun de deklaréierte Grippefäll (Influenza) an de Laboe vun 467 op 259 erof, wat e Réckgang vu 44,5% par Rapport zu der Woch virdrun ausmécht. Aktuell ass den Influenza Virus Typ B predominant. 

Communiqué vum Gesondheetsministère 

©MSAN Zuel vun de wëchentlech gemellte Grippefäll zu Lëtzebuerg

Aktualiséiert