Infektioune vun den Otemweeër: Réckbléck op d'Woch vum 6. bis 12. Mäerz 2023

De Wocheréckbléck bitt Iech e méi breeden Iwwerbléck iwwer respiratoresch Viren am Allgemengen: dozou gehéieren de COVID-19 an d'Gripp (Influenza)

COVID-19

An der Woch vum 6. bis de 12. Mäerz 2023 geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 1784 erop, par Rapport zu 1606 an der Woch virdrun, wat eng Augmentatioun vun 11,1% ausmécht.

Vun all de positiv geteste Persounen, si 54,6% Re-Infektiounen, géintiwwer 52,3% an der Woch virdrun.

Et gouf 1 weideren Doudesfall am Zesummenhang mat COVID-19.

D'Doudesaffer war 80 Joer al.

Wärend dëser Woch goufen an der Moyenne 19 Patienten déi positiv op de COVID-19 getest goufen, pro Dag an d'Normalfleeg agewisen, par Rapport zu 16 an der Woch virdrun. ​ Op der Intensivstatioun läit d'Zuel vun de beluechte Better bei 1. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass 65 Joer. 

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 6. bis de 12. Mäerz 2023, goufen am Ganzen 101 Dosissen aginn. 3 Persoune kruten eng 1. Dosis, 4 kruten déi 2. Dosis, 13 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 78 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 3 kruten eng drëtt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema an 0 krut eng véiert komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 12. Mäerz 2023 op 1.293.208.

474.981 Persounen hunn ee kompletten Impfschutz, wat engem Impftaux vu 79% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante stinn am Rapport vu REVILUX um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/publications/

Aktuell dominéiert déi rekombinant Variant XBB.1.5 a representéiert 50,8% an der Woch 9 (46,1 % an der Woch 8). D'Varianten Omicron BQ.1 representéiert 13,3% an der Woch 9 (22,6% an der Woch 8). 

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

De CORONASTEP-Rapport gëtt all 15 Deeg publizéiert.

De nächste Rapport ass fir en Dënschdeg, 21. Mäerz 2023 virgesinn a betrëfft dann d'Donnéeë vun de Kalennerwoche 10 an 11.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn:

http://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/

Gripp (Influenza)

An der Woch vum 6. bis de 12. Mäerz 2023 geet d'Zuel vun de deklaréierte Grippefäll (Influenza) an de Laboe vun 322 op 387 erop, wat eng Augmentatioun vu 20,2% par Rapport zu der Woch virdrun ausmécht. Aktuell ass den Influenza Virus Typ B predominant. 

©MSAN Zuel vun de wëchentlech gemellte Grippefäll zu Lëtzebuerg

D'Departement vun der Mikrobiologie vum LNS, a Kollaboratioun mat der Direktioun vun der Santé an dem nationale Reseau vu Sentinel-Haus- a Kannerdokteren, féiert all Joer d'Sentineliwwerwaachung vun der Gripp duerch:

D'Donnéeën iwwer d'Sentinel vun der Gripp stinn am Rapport vu REVILUX um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS)  https://lns.lu/publications/

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Laboratoire National de santé (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert