Infektioune vun den Otemweeër: Réckbléck op d'Woch vum 13. bis 19. Mäerz 2023

De Wocheréckbléck bitt Iech e méi breeden Iwwerbléck iwwer respiratoresch Viren am Allgemengen: dozou gehéieren de COVID-19 an d'Gripp (Influenza)

COVID-19

An der Woch vum 13. bis den 19. Mäerz 2023 bleift d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen bei 1.767 praktesch stabel, par Rapport zu 1.784 an der Woch virdrun, wat eng Baisse vu 1,0% ausmécht. Vun all de positiv geteste Persounen, si 56,2% Re-Infektiounen, géintiwwer 54,6% an der Woch virdrun.

Et gouf 2 weider Doudesfäll am Zesummenhang mat COVID-19.

Wärend dëser Woch goufen an der Moyenne 17 Patienten déi positiv op de COVID-19 getest goufen, pro Dag an d'Normalfleeg agewisen, par Rapport zu 19 an der Woch virdrun. Op der Intensivstatioun läit d'Zuel vun de beluechte Better bei 0. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass 68 Joer.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 13. bis de 19. Mäerz 2023, goufen am Ganzen 93 Dosissen aginn. 4 Persoune kruten eng 1. Dosis, 5 kruten déi 2. Dosis, 13 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 59 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 11 kruten eng drëtt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema an 1 krut eng véiert komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 21. Mäerz 2023 op 1.293.235.

474.988 Persounen hunn ee kompletten Impfschutz, wat engem Impftaux vu 79% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante stinn am Rapport vu REVILUX um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/publications/

Aktuell dominéiert déi rekombinant Variant XBB.1.5 a representéiert 50,0% an der Woch 10 (50,8 % an der Woch 9). D'rekombinant Variant XBB.1.9, déi di zweetheefegst Variant ass, representéiert 20,0% an der 10. Woch (16,5% an der 9. Woch).

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

De CORONASTEP-Rapport gëtt all 15 Deeg publizéiert.

Laut dem leschte Rapport CORONASTEP vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology), weist de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi am Laf vun der 10. an der 11. Woch 2023 ënnersicht goufen, eng héich Prevalenz vum SARS-CoV-2 am Ofwaasser. Op nationalem Niveau war an der 10. an 11. Woch de gemoossene Kontaminatiounsniveau änlech wéi an der 9. Woch, mee an der 11. Woch gouf e réckleefegen Trend festgestallt. Op lokalem Niveau ginn déi selwecht Trends observéiert.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/

Gripp (Influenza)

An der Woch vum 13. bis den 19. Mäerz 2023 geet d'Zuel vun de deklaréierte Grippefäll (Influenza) an de Laboe vun 397 op 532 erop, wat eng Augmentatioun vu 34,0% par Rapport zu der Woch virdrun ausmécht. Aktuell ass den Influenza Virus Typ B predominant.

©MSAN Zuel vun de wëchentlech gemellte Grippefäll zu Lëtzebuerg

D'Departement vun der Mikrobiologie vum LNS, a Kollaboratioun mat der Direktioun vun der Santé an dem nationale Reseau vu Sentinel-Haus- a Kannerdokteren, féiert all Joer d'Sentineliwwerwaachung vun der Gripp duerch:

D'Donnéeën iwwer d'Sentinel vun der Gripp stinn am Rapport vu REVILUX um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/publications/

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Laboratoire National de santé (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert