"Eng turbulent Rees duerch d'Geschicht vum Internationale Weltfraendag": D'Taina Bofferding presentéiert dat neit Kannerbuch "Zaubertru"

De 16. November huet d'Taina Bofferding, Ministesch fir Gläichstellung tëscht Fraen a Männer, en neie Projet virgestallt, deen déi Jonk iwwert déi vill Erausfuerderunge vun de fréiere Generatiounen a Saache Gläichstellung zu Lëtzebuerg soll opklären a sensibiliséieren. 

©MEGA Kanner aus de Schoulkasse vum Zykel 3.2 aus der gemeng Nidderaanwen
Kanner aus de Schoulkasse vum Zykel 3.2 aus der gemeng Nidderaanwen

Heibäi handelt et sech em e Kannerbuch mam Titel "D'Zaubertru”, dat de klenge Fuuss Flinn a seng Schwëster Flora op hirer Rees duerch verschidden Zäiten a wichteg Etappe vun der Fraebeweegung zu Lëtzebuerg begleet.

Well et der Ministesch ëmmer nees wichteg ass drop hinzeweisen, datt "eng egalitär Gesellschaft ouni Jonker net méiglech ass”, war si och frou zwou Klassen aus dem Cycle 3.2 aus der Gemeng Nidderaanwen op der Avant-Première vun der interaktiver Liesung ze begréissen.

D'Geschicht vun der Zaubertru

Déi turbulent Rees fänkt un nodeems de Flinn sech genéiert, datt säi Gebuertsdag genee op den Internationale Weltfraendag fält. Hien hätt léiwer méi e "coolen” Dag, wéi den Internationale Rakéitendag oder de Weltdinosaurierdag. Ouni ze zécken, invitéieren hir Grousselteren déi zwee Kanner op eng Rees duerch d'Zäit. Et ass duerch eng al a verstëbste Këscht, oder méi präzis, mat Hëllef vu Kleeder aus de jeeweilege Perioden déi an der Këscht leien, datt d'Famill et fäerdeg bréngt, mat hire Virfueren ze kommunizéieren:

  • 1919, emanzipéiert vun der Tatsaach, datt d'Fraen endlech d'Walrecht zu Lëtzebuerg kritt hunn, wollt d'Ururgroussmamm Félicie als Journalistin schaffen, mä déi Iddi gefält hirem Mann Fabius guer net. Nodeems hie sech awer drun erënnert huet, datt d'Suen déi seng Fra verdéngt, op sengem eegene Kont landen, ass de Fabius awer vun dësem Plang iwwerzeegt.
  • 1943, matten am Weltkrich, war d'Urgroussmamm Fanny Kontrollerin am Tram. "D'Plaz vun enger Fra ass an hirer Kichen”, huet en ale Passagéier gegrommelt. Leider, nodeems de Krich eriwwer war, war d'Aarbecht am ëffentlechen Transport fir vill Jore fir Fraen nees verbueden.
  • 1972 huet d'Mémé den 30. Mee virun der Chamber un der grousser Fraendemonstratioun deelgeholl. Dës Demonstratioun ass wéi d'Ofstëmmung vun den néidege Gesetzer sou datt bestuete Fraen endlech déi selwecht Rechter a Flichte kréie wéi Männer.
  • Ofschléissend, 2006, treffen de Flinn an d'Flora hir Mamm erëm, déi am Gaang ass en Zeitungsartikel ze schreiwen iwwert de Fakt, datt och wann d'Gläichstellung tëscht Fraen a Männer elo an der Verfassung verankert ass, Ongerechtegkeete bestoe bleiwen a kollektiv Efforten noutwenneg sinn am Kampf géint all Zort vun Ongläichheeten an Diskriminatioun.

No all Rees duerch d'Zäit fanne sech de Flinn an d'Flora um Späicher vun de Grousselteren erëm an diskutéieren iwwer dës Schlësselmomenter an der Fraegeschicht, bei deene si elo Zeie waren: d'Erausfuerderungen, déi ze iwwerwanne sinn, déi bestänneg Ongerechtegkeeten, awer och positiv Entwécklungen.

De Kontext

Geziilt fir e Publikum tëscht 9 an 12 Joer erméiglecht "D'Zaubertru” d'Gläichstellung tëscht de Geschlechter op eng spilleresch Manéier ze thematiséieren an un all déi grouss Efforte vun eise Virfueren ze erënneren. No der Liesung kann d'Äntwert op d'Fro: "Brauche mir nach ëmmer en Dag deen exklusiv de Frae gewidmet ass?” nëmme "Jo” sinn!

"Den zentrale Message vum Buch ass ganz kloer, datt eng Gesellschaft nëmmen dann egalitär ass, wa jidderee vun eis sech no sengem eegene Potential entwéckele kann, ouni vu Stereotyppen oder Ongerechtegkeete gebremst ze ginn, ëmmer an der Optik vun engem kontinuéierleche Prozess. Mir kënnen a mussen alleguer eppes bäidroen!”, präziséiert d'Ministesch Taina Bofferding bei der Presentatioun vum Buch. Si ergänzt: "Duerch déi vill verschidde Situatiounen aus dem Alldag an der Vergaangenheet erlaabt "D'Zaubertru" d'Entwécklunge vun de sëllege Sujeten an der Klass ze verdéiwen an op eng pedagogesch Manéier ze analyséieren.”

"D'Zaubertru” ass eng erfonnte Geschicht, déi an e richtegen historesche Kontext gesat gouf; hei konnt de Ministère op déi wichteg Expertise vun der Historikerin Renée Wagner zeréckgräifen. Geschriwwe vum Ministère fir Gläichberechtegung tëscht Fraen a Männer an illustréiert vum Marco Weiten, gëtt se elo un d'Kanner aus den Cyclen 3 a 4 verdeelt, déi eng interaktiv Liesung iwwer de Site www.megakatalog.lu gebucht hunn.

Wärend de Walfer Bicherdeeg vum 19. bis den 20. November zu Walfer hunn d'Visiteuren och d'Méiglechkeet sech dat eent oder anert Exemplar ofzehuelen.

Déi éischt Editioun vum Buch gëtt et op Lëtzebuergesch a Franséisch.

Communiqué vum Ministère fir Gläichstellung tëscht Fraen a Männer

Aktualiséiert