De Comité de Sélection vum Film Fund Luxembourg koum fir seng véierten a leschte Sessioun vum Joer 2022 zesummen

17 Projeten ginn an der 4. Sessioun vun dësem Joer vum Filmfong finanziell ënnerstëtzt

De Comité de sélection huet an dëser Sessioun net manner wéi 28 Projeten analyséiert.

Insgesamt 12.141.719 € Euro ginn an d'Produktioun, an d'Ecriture wéi och an den Developpement vu 17 Filmprojete investéiert.

17 Filmprojete kréie finanziell Ënnerstëtzung vum Filmfong. Dat huet de Comité de sélection de Méindeg den Owend matgedeelt. Am Ganzen ginn 10 Filmer, 2 Animatiounsfilmer, 2 Dokumentarfilmer, 1 Serie, 2 XR Projeten finanziell ënnerstëtzt.

Communiqué vum Fonds national de soutien à la production audiovisuelle

Aktualiséiert