150 Joer Reenert: De Reenert am neie Frack!

De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, huet de 26. Oktober eng Panoplie vun Neiegkeete ronderëm de Reenert presentéiert. Am Kontext vum 150. Anniversaire vun dësem bekannte Lëtzebuerger Wierk komme verschidden nei Publikatiounen eraus an do ronderëm ginn eng Rei Evenementer organiséiert.

©MENJE Jean-Claude Hemmer, Direkter vum Lycée Michel Rodange; Luc Marteling, Direkter vum Zenter fir d'lëtzebuerger Sprooch; Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend; Mia Kinsch, Illustratorin; Romain Kohn, Coordinateur
Jean-Claude Hemmer, Direkter vum Lycée Michel Rodange; Luc Marteling, Direkter vum Zenter fir d'lëtzebuerger Sprooch; Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend; Mia Kinsch, Illustratorin; Romain Kohn, Coordinateur

 

De Claude Meisch huet dobäi nach emol d’Wichtegkeet vun dësem Wierk fir Lëtzebuerg ënnerstrach: „Et gëtt net vill lëtzebuergesch literaresch Figuren, déi esou present an der Gesellschaft si wéi de Reenert. Dem Michel Rodange seng spatz Fieder, déi geschlaffe Sprooch an déi gewiift Aart a Weis, fir duerch d’Déierewelt e kritesche Bléck op d’Gesellschaft ze geheien, sinn net nëmmen e Stéck Lëtzebuerger Patrimoine, mee och e literaresche Genoss.“

Nei-Editioun vum Reenert – De Fuuss am Frack an a Maansgréisst

De Service de Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT) an den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) hunn zesummen eng nei Ausgab vum Reenert editéiert. Nieft dem ursprénglechen Text vun 1872, an déi haiteg Orthografie gesat, fënnt een am Buch eng Biografie vum Auteur an och Essaien, déi de literareschen an den historeschen Hannergrond beliichten.

Doriwwer eraus ginn am Buch al Wierder, déi net méi jiddwerengem geleefeg sinn, erkläert. Et sinn am Ganzen eng 900 Begrëffer, déi direkt nieft de Versen ze fanne sinn.

Déi jonk Lëtzebuerger Kënschtlerin Mia Kinsch huet eng Rëtsch Illustratioune realiséiert, déi dem Wierk e frëschen Optrëtt erméiglechen a gläichzäiteg der Zäitlosegkeet vum Klassiker gerecht ginn.

Band 4 vum Lëtzebuerger Wuertschatz: Zwackert, berdank! – 89 fuusseg Wierder aus dem Reenert

Aus der Hellewull vu Wuerterklärungen am Reenert huet den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch e gudde Grappvoll erausgesicht an am véierte Band vun der Serie „Lëtzebuerger Wuertschatz“ an Zeen gesat: einfach erkläert a flott illustréiert.

D’Serie „Lëtzebuerger Wuertschatz“ gëtt zesumme vum ZLS a vum SCRIPT editéiert. Bis elo si véier Bänn erauskomm.

De Reenert elo och op Englesch

Mat der englescher Iwwersetzung gëtt de Reenert elo och disponibel fir déi engleschsproocheg Communautéit am Land a gläichzäiteg och fir d’Fuerschung op der ganzer Welt. De Reenert op Englesch ka gratis online als PDF-Dokument erofgeluede ginn, dëst op www.heydoo.lu.

E Colloque ronderëm de Reenert an eng Liesung am Kader vun de Walfer Bicherdeeg

De Reenert steet och am Mëttelpunkt vum Colloque e Freideg, den 18. November vu 14:00 bis 18:00 Auer um Site vum eduPôle zu Walfer a gëtt organiséiert vum SCRIPT a vum ZLS, an Zesummenaarbecht mam Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch, am Kader vun de Walfer Bicherdeeg.

Do kommen eng Partie Experten zu Wuert, déi zum Beispill op d’Biografie vum Michel Rodange, den historeschen Hannergrond vum Reenert, de Reenert am Zweete Weltkrich, de Vocabulaire, déi englesch Iwwersetzung an d’Illustratioun vun der neier Editioun aginn. De Colloque ass op Lëtzebuergesch a gëtt live iwwerdroen op RTL.lu. D’Participatioun ass gratis, eng Umeldung ass erwënscht iwwer Mail op lux@men.lu.

Op de Walfer Bicherdeeg liesen de Jeff Thill an de Marc Limpach verschidde Passagen aus dem Reenert – allkéiers dee selwechten Extrait eemol op Lëtzebuergesch an eemol op Englesch. Déi Liesung ass sonndes, den 20. November ëm 11:45 Auer.

Op de Walfer Bicherdeeg ass den Educatiounsministère duerch de SCRIPT an den ZLS vertrueden, déi op hirem gemeinsame Stand de Reenert an de Mëttelpunkt stellen.

Communiqué par le ministère de l'Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse

Aktualiséiert