COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 7. bis den 13. November 2022

An der Woch vum 7. bis den 13. November geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 913 erop, par Rapport zu 873 an der Woch virdrun.

Dobäi kommen 518 Re-Infektiounen, dat sinn 36,2% vun all de positiv geteste Persounen, géintiwwer 444 (33,7%) an der Woch virdrun.

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 7. bis den 13. November duerchgefouert goufen, ass vun 5.428 op 6.475 eropgaangen.

Bannent der Referenzperiod hunn 8 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 3.717. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

Den 13. November war d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 2.300 gefall (am Verglach zu 2.951 den 6. November), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 299.363 op 300.924 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll läit bei 46,1 Joer.

An der Woch vum 7. bis den 13. November, goufen et 3 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19.

D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 76 Joer.

An de Spideeler goufen et 14 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 22 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun läit d'Zuel vun de beluechte Better bei 1. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patiente läit bei 69 Joer.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 0,97 géintiwwer 0,72 an der viregter Woch, eropgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 14,10%, géintiwwer 16,08% an der Woch virdrun, erofgaangen.

Den Inzidenztaux op 7 Deeg ass op 142 Fäll pro 100.000 Awunner eropgaangen, géintiwwer 135 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun. Wann een d'Re-Infektiounen dobäizielt, läit den Inzidenztaux bei 224 Fäll pro 100.000 Awunner op 7 Deeg a bei 432 Fäll pro 100.000 Awunner op 14 Deeg. (Quell INSA)

Re-Infektiounen a certifiéiert Selbsttester ginn an der Berechnung vum Inzidenztaux no Alterstranche mat abegraff (Quell INSA). Am Verglach zu der viregter Woch, ass den Inzidenztaux bei Persounen iwwer 70 Joer erofgaangen a bei Persounen ënner 60 Joer eropgaangen.

Deen niddregsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun 0-4 Joer, mat 89 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen héchsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vu 50-54 Joer mat 318 Fäll pro 100.000 Awunner.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 7. bis den 13. November 2022 goufen am Ganzen 2.012 Dosissen aginn: 9 Persoune kruten eng 1. Dosis, 15 kruten déi 2. Dosis, 114 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 1.790 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 84 kruten eng drëtt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema an 0 kruten eng véiert komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 8. November op 1.291.922.

474.791 Persounen hunn ee kompletten Impfschema, wat engem Impftaux vun 79% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

Contact tracing: Wéi kritt ee seng Isolatiounsordonnance?

Mam neie COVID-19-Gesetz gëtt de Contact Tracing ugepasst: Wann Dir positiv op de COVID-19 getest gouft: Gitt an d'Eegen-Isolatioun. Fir Är Isolatiounsordonnance ze kréien, kënnt Dir de Formulaire fir d'Deklaratioun mat der Referenz REFCP ausfëllen op: www.covidtracing.lu.

Wann Dir positiv op de COVID-19 getest  gouft,   kritt Dir och eng SMS vu folgender Nummer: (+352) 621 203 000.

Weider Informatiounen op covidtracing.lu

Impfméiglechkeeten

D'Lëscht vun all den Impfméiglechkeete kann op follgender Säit consultéiert ginn:  covidvaccination.lu

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/publications-en

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

De CORONASTEP-Rapport gëtt all 15 Deeg publizéiert.

De nächste Rapport ass fir en Dënschdeg, 22. November virgesinn a betrëfft dann d'Donnéeë vun de Kalennerwoche 45 an 46.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert