COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 22. bis de 28. August

An der Woch vum 22. bis de 28. August ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 751 op 777 eropgaangen (+3%).

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 22. bis de 28. August duerchgefouert goufen, ass vu 4.710 op 4.894 eropgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hunn 9 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 19 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 3.445. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

Op den 28. August, war d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 1.869 erofgaangen (am Verglach zu 1.979 den 21.08.), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 282.783 op 283.668 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll läit bei 42,7 Joer.

An der Woch vum 22. bis de 28. August, goufen et 2 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 86 Joer.

An de Spideeler goufen et 8 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 9 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun läit d'Zuel vun de beluechte Better bei 1. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patiente läit bei 64 Joer.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 1,01, géintiwwer 0,98 an der viregter Woch, eropgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 15,88%, géintiwwer 15,95% an der Woch virdrun, erofgaangen.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg ass op 120 Fäll pro 100.000 Awunner eropgaangen, géintiwwer 116 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Re-Infektiounen an certifiéiert Selbsttester ginn an der Berechnung vum Inzidenztaux mat abegraff.

Am Verglach zu der viregter Woch, ass den Inzidenztaux an allen Alterstranchen eropgaangen, ausser bei der Altersgrupp vun 45-59 Joer (-7%) an der Altergrupp 75+ Joer (-39%). Déi gréissten Hausse gëtt et bei der Alterstranche vu 30-34 Joer (+35%) an an der Alterstranche vu 60-74 Joer (+29%). ​

Deen niddregsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun den 0-14 Joer mat 96 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen héchsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun 30-44 Joer mat 230 Fäll pro 100.000 Awunner.

Kontaminatiounen

D'Reesen an d'Ausland ass déi heefegst Source mat 33% vun den Infektiounen. Duerno kommen de Familljekrees (23%) an d'Aarbecht (6%). Den Undeel vun den net-identifizéierte Sourcë läit bei 30%.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 22. bis de 28. August 2022 goufen am Ganze 1.622 Dosissen aginn. 20 Persoune kruten eng 1. Dosis, 31 kruten déi 2. Dosis, 151 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 1.399 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema a 21 kruten eng drëtt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis de 29. August op 1.290.067.

474.526 Persounen hunn ee kompletten Impfschema, wat engem Impftaux vun 79% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

"Impf-Bus on tour"

Déi nächst Rendez-vouse vum "Impf-Bus on tour" ginn um Site  www.covidvaccination.lu matgedeelt.

Et sief nach drop higewisen, dass d'Impfung ouni Rendez-vous gemaach gëtt (Carte d'identité an CNS-Kaart sinn obligatoresch). Et kann entweder eng Éischtimpfung oder e Booster (Impfrappel) gemaach ginn.

D’Impfungen am Impfbus ginn ouni Rendez-vous gemaach. Dat bedeit, dass ee waarde muss, bis een un der Rei ass. Virun allem bei groussem Undrang, kann dat zu längere Waardezäite féieren. Fir esou Waardezäiten ze vermeiden a fir méi Confort, hutt Dir och d’Méiglechkeet e passende Rendez-vous bei engem Dokter oder an enger Apdikt ze huelen.

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/publications-en

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

De CORONASTEP-Rapport gëtt all 15 Deeg publizéiert.

Laut dem leschte Rapport CORONASTEP vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology), weist de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi am Laf vun der 33. an der 34. Woch 2022 ënnersicht goufen, eng nach ëmmer héich Prevalenz vum SARS-CoV-2 am Ofwaasser. D'Baisse vun de SARS-CoV-2-Stréim, déi an de leschten zwou Wochen (Woch 31 an 32) observéiert gouf, gëtt och dës Woch confirméiert, de Kontaminatiounsniveau vun den SARS-CoV-2-Stréim am Ofwaasser geet weider erof, dat souwuel op nationalem, wéi op regionalem Niveau a kéint geschwënn e mëttlere Niveau erreechen. D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert